Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sprooch-e-cours, Physik-s-cours, Danz-cours

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Sprooch-e-cours, Physik-s-cours, Danz-cours

Am Lëtzebuergesche kann een nei Wierder aus anere Wierder zesummesetze wéi Aarbechtszäit, Dëschnoper oder Kazefudder. Mol kënnt ee Buschtaf dertëscht, mol net. Wat wësse mir iwwer d'Fouenelement?

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Als éischt direkt eng Fro. Wat ass dann e Fouenelement?

Caroline Döhmer: E Fouenelement ass e linguistesche Fachbegrëff aus der Wuertbildung. Am Lëtzebuergesche kann ee jo nei Wierder aus anere Wierder zesummesetze wéi Aarbechtszäit, Dëschnoper oder Kazefudder.

Wann ech elo e Substantiv mat engem Substantiv kombinéieren, da kann et sinn, datt do eeben nach eppes dertëscht réckelt.

Ech hunn Aarbecht + zäit an dat gëtt dann Aarbecht-s-zäit. Hei hätte mer e Fouen-s, also e klengen {s} als Fouenelement.

Beim Dëschnoper geschitt näischt an der Mëtt vun der Kompositioun (Dësch + Noper), hei géif een an der Linguistik da vun enger Null-Fou schwätzen.

A bei der Kombinatioun vu Kaz + Fudder ass d'Fouenelement {e(n)}, woubäi den "n" duerch d'n-Reegel ewechfält.

A wouhier weess ech, wéini wéi ee Fouenelement kënnt? Du hues der jo lo dräi genannt.

Bei där Fro kréie Linguiste Schweesspärelen op d'Stier, well et ass effektiv net ëmmer einfach ze bestëmmen, wéini wéi eng Fou kënnt. Ech hu mer mol fir d'Lëtzebuergescht ronn 3.000 Zesummesetzungen aus dem LOD ugekuckt a se klassifizéiert.

An hues de do eppes erausfonnt?

Jo, dat kann ee soen. Et kann een zum Beispill beobachten, datt eesilbeg Wierder, déi an enger Zesummesetzung vir stinn, an de meeschte Fäll eng en-Fou kréien:
A > Aendokter, Blumm > Blummebuttek, Mënsch > Mënscheliewen.

A Wierder op -heet, -keet, -ung a -ioun kréie bei enger Zesummesetzung e Fouen-s:

Dommheet > Dommheetsfeeler, Héiflechkeet > Héiflechkeetsform, Erzéiung > Erzéiungsmethod, Kommioun > Kommiounskand.

Mee dat si wéi gesot just Tendenzen, déi méi oder manner strikt am System ze fanne sinn.

A wat sinn déi Fouenelementer genee?

Also vill Leit menge jo, datt déi Elementer an der Mëtt e Pluriel oder e Genitiv sinn. Dat KANN de Fall sinn, muss awer net.

Also beim "Kazefudder" soen mer: allez, dat ass dach e Fudder fir Kazen, also ass den {en} e Pluriel!

Ass et dat net?

Hei kéint d'en-Fou als Pluriel interpretéiert ginn, mee ech ginn der lo mol en anert Beispill: Bei der "Seefeblos" kënne mer net soen, datt dat eng Blos aus Seefen ass. Hei hu mer zwar de formale Pluriel vu "Seef" (zwou Seefen), mee semantesch geet dat hei net op. Also an der Zesummesetzung fanne mer keng pluralesch Bedeitung.

Keng pluralesch Bedeitung, okay.

Oder anescht gesot: De Pluriel klappt hei net gutt vun der Bedeitung hier. An dofir ass et schwéier ze soen, datt den {en} eng Plurielsendung ass.

Oder kuck emol d'Wuert "Gaardemiwwelen". D'Form "Gaarden" ass emol kee richtege Pluriel, déi Form gëtt et jo guer net fir dat Substantiv.

Jo, bei "Gaart" ass et jo "Gäert".

An dat weist, datt déi en-Fou (resp. duerch d'n-Reegel just {e}: Gaard-e) kee Pluriel ass, mee e Fouenelement, wat och bei Wierder ka landen, wou et net dem Pluriel entsprécht, weeder vun der Form nach vun der Bedeitung hier. An dat ass natierlech zimmlech cool!

An dat mam Genitiv, wat s de virdru sos?

Dat bezitt sech haaptsächlech op de sou genannte Fouen-s. Dëst Fouenelement huet sech deelweis vun engem Genitiv ofgeleet, ass awer elo net méi kloer als Genitiv ze klassifizéieren.

Dat heescht?

Also beim "Kinnekshaus" kéint ee sech eng eeler Form virstelle wéi am Däitschen "des Königs Haus" (konstruéiert: des Kinneks Haus), wou de Genitiv "des Königs" (des Kinneks) mat engem Artikel virum Substantiv "Haus" steet an dat wéi ee Wuert dono bewäert gëtt. Mee bei enger Rei Wierder klappt dës Erklärung net, well den "s" hei e Fouenelement ass an definitiv keng Genitiv-Endung. Wierder am Femininum kënne beispillsweis guer kee Genitiv-s huelen: Aarbechtsplaz (eng Aarbecht). Hei steet den "s" dann éischter aus phonologesche Grënn dertëscht, respektiv eeben als Fou an der Wuertbildung.

Ech mengen, do kéints de lo nach ganz vill Erklärungen a Beispiller liwweren.

Ech kéint elo nach stonnelaang iwwer Fouenelementer schwätzen, wat se sinn a wat se net sinn oder wou se stinn, mee ech loossen et elo mol bei dësen éischten Erklärungen a versichen, nach weider Detailer erauszefannen. Besonnesch flott sinn natierlech esou Fäll, wou et Variatioun gëtt, wéi bei "Pizzadeeg" oder "Pizzasdeeg".

Haaptsaach, Pizza!

Oder esou!