Wëll Wuerzel Special: E Beet uleeën ouni ze gruewen
Tëschent den normalen Episode vun eiser neier Serie Wëll Wuerzel, ginn et och mol Specials, wou mir eis komplett engem Theema widmen. D'Lara Bousch erkläert, wéi een e Beet kann uleeën, ouni mussen ze gruewen.
Wat Dir braucht ass onbedréckte Kartong a Buedem. Do kann ee Kompost, ofgelagert Mëscht oder normale Buedem huelen. Wichteg ass, datt de Kartong net bedréckt ass e keng Scotch Reschter huet. Et kritt ee grouss Kartrongskëschten am Vëlosbuttek oder op der Rull vum Baumaart.
Preparatioun
Éier datt Dir alles kaaft (jo am Ufank muss ee leider bësse Suen ausginn), ass et wichteg Är Beeter ofzemoossen. Déi perfekt Breet ass 1,20 Meter, well een dann nach vun all Säit un Alles dru kënnt. D'Längt ass sou laang wéi dir wëllt. Zwee oder dräi Beeter mat engem Wee dertëscht sinn net schlecht. Sou kann ee Joer fir Joer d'Kulturen an de Beeter ofwiesselen an de Buedem gëtt net esou eesäiteg benotzt, an et kënnen net sou séier Krankheeten entsoen.
Am beschten ass et d'Beet ofzegrenze mat Holzlaten, klengen Zillen oder mat allem, wat Iech grad afält. Well d'Beet gëtt opgeschicht.
Dat heescht, Dir leet de Kartong op där Plaz direkt op de Wues aus, do wou Dir äert Beet wëllt. Passt op, datt de ganze Wues bedeckt ass. Dann nätzt Dir de Kartong bis e gutt mat Waasser vollgesaugt ass. Wann dat gemaach ass, kënnt de Buedem driwwer. Wann Dir äert Beet direkt beplanze wëllt, ass et am beschten de Buedem/Kompost mindestens 10 cm héich opzeschëdden. Jo, dat ass e bësse Buedem.
Fir déi nächst Saison virbereeden
Mee et kann een d'Beet och eng Saison leie loossen an amplaz Buedem, 5 cm Mulch benotzen. Kee Rindenmulch! Ganz wichteg, mee éischter Blieder, Holzhäcksel, Stréi oder alles zesummen. No enger Saison huet dat ganzt sech dann ofgebaut an et kann een dra planzen.
De Virdeel vun esou engem Beet ass, datt een net de ganze Wues ëmgruewe muss. Duerch de Kartong wiisst de Wuess och net einfach erëm no uewen an esou huet een och keen Onkraut fir eng laang Zäit. De Wues stierft ënner dem Beet of a gëtt vu Champignonen a Wierm gefrupst. De frësche Buedem, am beschte mat engem gudde Kompost Undeel, bréngt frësch Nutrimenter an et wiisst a schmaacht alles fantastesch.