arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spargelen, Villercher an Toilettëpabeier

Den 100,7-Klassesall

|
reading time

3 min

Spargelen, Villercher an Toilettëpabeier

Och haut um éischten Abrëll, an dat ass sécher keen Abrëllsgeck, huele mir iech, léif Kanner mat an den 100,7 Klassesall.

reading time

3 min

Noriichten

An den News fir Kids geet et haut ëm Spargelen. Et ass geschwë Spargelzäit, mee vläicht ouni alt ze vill Spargelen. De Pierre Reyland aus de Noriichteredaktioun erkläert, wéi eng Problemer d'Baueren hunn d'Spargelen eranzehuelen.

play_arrow Lauschteren

Schätz aus dem natur musée

Lues awer sécher wäerten an den nächste Wochen och nees méi Villercher zu Lëtzebuerg ze gesinn an och ze héiere sinn. Dat kënnt dohier, datt d'Vullen aus hirer, loosse mer emol soen, Wantervakanz aus Afrika nees zeréck bei eis kommen. Den Ament sinn dat virun allen Schmuewelen. De Claude Heidt aus dem natur musée weess, wéi si de Wee zeréckfannen.

play_arrow Lauschteren

Bilddiktat

Haut gëtt et kee Bilddiktat, mee et dierf awer gemoolt ginn! D'Corinne Wirion, eng Léierin, huet dem Keith Haring seng Biographie fir Kanner aus dem Engleschen fir eis iwwersat. E Buch, dat dem Keith Haring seng Schwëster Kay Hering fir Kanner geschriwwen huet.

Mir lauschteren elo den Ufank vum Kënschtler sengem Liewen, a wéi hien als Kand a Jugendleche gäre gemoolt huet. An natierlech musst der elo gutt nolauschteren an dir kënnt eis déi Biller dann natierlech och eraschécken.

play_arrow Lauschteren

Mr. Science

De Mister Science proposéiert dann haut en Experiment, wou een, wann een et héiert, fir d'éischt emol de Kapp rëselt. De Mister Science weist an erzielt eis nämlech, wéi een als Kand oder och als Erwuessenen, duerch e Blat Toilettëpabeier ka klammen, ouni datt et futtigeet. A gleeft eis, et geet!

play_arrow Lauschteren

Mir schreiwen e Buch

Um Enn vun der Emissioun an dorop waarde mer bestëmmt all scho gespaant, ass et de Roland Meyer mam 4. Kapitel vum Buch, dat hie mat Iech zesumme schreift.

play_arrow Lauschteren

Alt nees eng super-spannend Emissioun, an denkt drun, wann der eis är Iddie wëllt eraschécken, wéi d'Geschicht an eisem Buch soll weidergoen, oder wann dir eis soss wëllt eppes soen, oder är Zeechnungen eraschécken, da kënnt dir alles iwwer d'E-Mail Adress klassesall@100komma7.lu maachen.

A wann dir iech e Musektitel wëllt wënschen, oder eis wëllt eppes soen, mir hunn och nach WhatsApp: 621 44 00 44