Radioen

On air

Notturno  |  Sparklehorse - Gold Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

SOT EMOL

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

Zënter 18 Joer ass de Guy Engels de Responsabele vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7. Mee wéi seet een, wann et am Schéinsten ass, soll een ophalen. A fir de Guy Engels ass et elo esouwäit.

auto_stories

3 min

No 18 Joer um radio 100,7 a vidru war e scho jorelaang als Journalist am "Wort" mat derbäi, rifft elo d'Pensioun. Mee de Gedanke vun der Pensioun ass awer nach net esou richteg ukomm.

"Nee, also eigentlech guer net. Ech si jo nach ëmmer, loosse mer soen, voll a Betrib. Wat elo dono kënnt, et ass iergendwéi, muss ee scho soen irreell.(...) Den Ament ass dat nach guer net esou a menger Kopp."

Doheem ass ëmmer Musek gelauschtert ginn

D'Musek, a besonnesch d'klassesch Musek ass dem Guy Engels seng grouss Passioun, déi een elo eben och a sengem Beruff konnt liewen. Hie selwer ass och Museker, e Flüttist an en ass Sänger, an dat alles, krut e vun Doheem mat op de Wee

"Meng Elteren haten e Faibel fir Musek, mäi Papp huet ni selwer Musek gespillt, mee en huet ëmmer ganz gär Musek gelauschtert.(...) An et war bei eis och usus, datt d'Kanner Musek léieren, an de Conservatoire ginn.(...) An iergendwann koum dann och deen Ament wou e richteg Spaass drun hat."

An dat huet beim Guy Engels och gehalen. An en ass no sengem Geschicht- a Germanistikstudium op der Uni Tréier, iwwert d'Lokal- a Kulturredaktioun vum "Wort" ebe bei de radio 100,7 komm.

"Ech war zimmlech nervös"

2005 ass de Guy Engels bei de radio 100,7 komm, wou en de Marco Battistella als Responsabel fir d'klassesch Musek ersat huet. Mee et war schonn eng Erausfuerderung aus der geschriwwener Zeitung bei de geschwatene Radio ze kommen. An de Guy Engels erënnert sech nach un deen éischten Ament mam Live-Mikro

"Ech muss éierlech soen, ech war zimmlech nervös, ech war schonn an engem gestanenen Alter, mee dat war fir mech eng total nei Erfarung, an do bass de schonn nervös. An ech sinn nach ëmmer dankbar, ech hat déi éischt Woch technesch Begleedung, de gudde Fränz Sales, dee leider och scho verstuerwen ass, huet mech begleet, en huet mer d'Technik gemaach, an opmannst emol déi Verantwortung ofgeholl."

Déi grouss Kënschtler si meeschtens ganz einfach Leit

An all de Joren, besonnesch och zanter dem OPL an der Ouverture vun der Philharmonie hat de Guy Engels, wat och déi schéi Séit vum Beruff ass, vill grouss Artiste virum Mirko, an dat si Renconteren déi ee markéieren.

"Déi meeschte richteg grouss Kënschtler, wann s de déi esou begéins (...) dat si meeschtens ganz einfach Leit. Déi kënnen eppes, déi kënne méi wéi mir. Mee wann s de esou mat hinnen am Gespréich bass, loosse se dech dat ni spieren."

"Ech hu permanent bäigeléiert"

De Guy Engels kuckt mat Zefriddenheet op déi Joren um radio 100,7 zeréck, well et eng spannend Zäit war, wou ee quasi all Dag eppes bäi geléiert huet.

"Dat fannen ech eigentlech dat spannend, besonnesch wat d'Musek ugeet. Och am Gespréich mat Museker, mat der viller Musek déi s de lauschters a mat de Leit déi s de begéins och Kolleege vun aneren europäesche Radioen. Mer haten och all Joers Reunioune vun de Radio déi an der EBU sinn, wou een och op Plaze komm ass, wou ee soss vläicht ni hikomm wier."

Dem Guy Engels gëtt et och an der Pensioun bestëmmt net langweileg, well hien huet nieft der Musek nach eng aner Passioun, en ass Modelleisebunner.

Um Enn bleift nach dem Guy, Merci ze soe fir déi flott Zäit mat him an ëm natierlech eng ganz agreabel Pensioun ze wënschen.