VOL(T)AGE Sister Love: Can you feel the current?

Nodeems si iwwer 20 Joer laang Juristin war, huet d'Claudie Grisius mat hirer Schwëster zu Lëtzebuerg ee Fashion Label gegrënnt. D'Mark Vol(t)age ass ee perséinleche Projet vu Passioun deen déi zwou Schwësteren deelen.

Natasha Ehrmann

Claudie Grisius

Nodeems si iwwer 20 Joer laang Juristin war, huet d'Claudie Grisius mat hirer Schwëster zu Lëtzebuerg ee Fashion Label gegrënnt. D'Mark Vol(t)age ass ee perséinleche Projet vu Passioun deen déi zwou Schwësteren deelen.

Den Numm stellt sech aus engem Wuertspill zesummen.

"Jo dat ass e jeux de mots tëschent Voltage wat jo Elektrizitéit soll duerstellen, an dann och Volage wat d'Evolutioun signifiéiert, wéi eist Liewen, wëlle mer och Elektrizitéit an och Changement mat op de Wee ginn, an eise Kleeder an eise Messagen. Mir wëllen d'Fraen elektriséieren an och hinnen ze hëllefen dat ze gi wat se wëlle sinn. Dat heescht déi Notioun vu Changement, vun Evolutioun - ech ginn dat wat ech wëll sinn, wat ech soll sinn, ass extreem present an eiser Mark an och d 'ailleurs am Markennumm."

Wou spieren ech mech gutt dran?

Moud ass historesch mam Status an der Perséinlechkeet vun enger Persoun verbonnen. Fréier hu Kleeder engem e soziale Statut verroden, dacks dréckt ee bewosst oder onbewosst eppes iwwert eis Kleeder aus.

"Moud reflektéiert ëmmer den Zäitgeescht, Moud ass ëmmer méi a méi demokratiséiert, wat ee jo haut extrem vill gesäit sinn déi Fashion Bloggers, haut ass et net méi esou dass déi véier, fënnef Kreateuren diktéiere wat Moud ass. Haut ass éischter d'Leit vun der Strooss, de Street Wear deen diktéiert wat elo Moud ass, dat heescht do gëtt extrem vill combinéiert, mat de social media gëtt extreem vill partagéiert, dat heescht et kann ee sech immens inspiréieren haut op Instagram fir ze kucke wat de Moment trendy ass, wat d'Leit gären hunn. An ech mengen do ass et extreem wichteg, fir mech wat do extreem voyant ass, datt Moud just dat reflektéiert, wat mir am Moment am gaange sinn ze liewen, dat heescht e groussen Trend zum Individualismus, an och zum Self care, dat heescht d'Leit surtout d'Fraen hautdesdaags déi verkleede sech net méi, déi doen net onbedéngt nach ëmmer déi Talonen u fir do onbedéngt engem fashion Ikon ze ressembléieren, wëll dat ass komplett onpraktesch, se hunn d'Féiss duerno wéi, dat heescht et gesäit ee wierklech dat d'Fra am gaangen ass sech ze liberéieren."

Kleeder mussen ugedoe ginn an interpretéiert ginn, vun deene Leit fir déi ee se mécht

Der Claudie Grisius hiren Hannergedanken hannert der Mark ass et d'Leit wëllen ze inspiréieren. Emblematesch sinn hir T-shirte mat Spréch drop. Dacks Wuertspiller, déi Messagë géint Gewalt an Has a fir Léift a Fridde verstreeën. Donieft ass dem Philosoph Herder seng Notioun vun Zeitgeist ee Leitmotiv.

"Ech hunn ëmmer schonn een Drang gehat fir ze philosophéieren, an ech menge jiddereen ass sech awer nach selwer dee nächsten an ech mengen et ass immens wichteg datt all Mënsch probéiert sech selwer ze hëllefen. An dofir och dee Prinzip vun där Self Help, vun der Self Care, déi mer och duerch eis Messagen op eise Smart Shirts wëllen ënnert d'Leit bréngen, do hu mer zum Beispill It's now or never, de Change Perspektive, dat sinn zwou Notiounen déi sech extrem gutt verkafen, well mer d'Leit dozou invitéieren sech iergendwéi aus hirer Comfortzonee bëssen eraus ze lackelen, an sech vläicht a Fro ze stellen, sech ze froe wou sinn ech grad, wou stinn ech grad, wéi kéint ech mech vläicht aneschters gesinn, a vläicht reinventéieren."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Natasha Ehrmann
Lauschteren

Méi zum Thema

Elisa Meyer
Sot emol

De Mënsch brauch Affektioun, an déi ka ganz verschidde sinn. Dat kann ee gutt Wuert sinn, mee awer och eng Beréierung. Eng Méiglechkeet dovunner ass déi sougenannte Kuscheltherapie, seet d'Elisa Meyer.

Romain Meyer
Sot emol

Wisou gesäit d'Welt esou aus, wéi se ausgesäit, wisou sinn d'Planéiten entstanen, wat léiere mer aus de Steng, déi eis ëmginn? Lauter Froen, op déi de Geolog Romain Meyer ze äntwere weess.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen