Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sinn déi rezent staark Wiedere Konsequenze vum Klimawandel?

Natur an Ëmwelt

Sinn déi rezent staark Wiedere Konsequenze vum Klimawandel?

Et ass déi klassesch Fro, déi ëmmer erëm gestallt gëtt, wann d'Wieder verréckt spillt: Ass dat eng Konsequenz vum Klimawandel? De Jürgen Junk vum LIST an d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt beäntwerten déi Fro mat engem klore "Jo".

auto_stories

2 min

Laangfristeg Beobachtungen, wéi d'Klima sech iwwer Zäitraim vun 30 a méi Joren entwéckelt huet, géife keng aner Réckschlëss zouloossen, seet de Jürgen Junk vum LIST. An hien hëlt d'Beispill vun der Duerchschnëttstemperatur - déi louch an der Period 1981-2010 zu Lëtzebuerg ee Grad méi héich wéi am Zäitraum 1961 bis 90.

Aus dem Pysikunterrecht an der Schoul géif ee wëssen, datt d'Loft ronn siwe Prozent méi Waasser kann ophuelen, wa se sech ëm nëmmen ee Grad erhëtzt. Dofir wier et fir den Expert logesch, datt méi Energie an der Atmosphär ass. Dofir misst een och mat méi extreme Wiederphenomener rechnen, seet den Jürgen Junk.

An och d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt ass formell. Et misst een net vum Fach sinn, fir ze mierken, datt et an der Lescht vill méi dacks ganz staark Reen-Evenementer gi sinn. "Mir sinn am Klimawandel definitiv ukomm", seet d'Expertin.

Buedemversigelen net iwwerall de Problem

D'Buedemversigelen, dat dacks als Explikatioun misst hierhalen, wier plazeweis effektiv Schold un Iwwerschwemmungen. Dofir géif haut bei neie Lotissementer schonn de Bau vu Réckhaltebecke verlaangt ginn, déi grouss Quantitéite Reen ophuele kënnen, an déi dat Waasser da lues a lues oflafe loossen. Mee d'Versigelen ass net iwwerall de Problem, seet d'Christine Bastian.

"Wann een elo d'Beispill vun där Kaasselbaach hëlt, déi iwwer dem Hotel Cigalon ass, do ass effektiv keen ee Quadratzentimeter versigelt. Dat ass e ganz natierlecht Anzuchsgebitt an do ass et awer sou schlëmm komm."

Waasserwirtschaftsamt schafft u Kaart, déi Orientéierung soll ginn

Am Moment ass d'Waasserwirtschaftsamt am Gaang eng Kaart opzestellen, déi weise soll, op wéi enge Plazen am Land d'Konsequenze vu staarkem Reen besonnesch hefteg kënne sinn. Da kënne Leit, déi do liewen, sech drop astellen, wann nees Reen ugekënnegt ass. Mee déi Kaart soll och d'Gemengen orientéieren.

"Wann eng Gemeng hire Bebauungsplang wëllt ausbreeden, datt se op där Kaart kënne gesinn: Mir hunn an deem doten Hang effektiv e Problem, wann et reent, kënnt d'Waasser do all den Hang erof, da baue mir elo net an deen Hang en neit Lotissement."

D'Aarbechten un där Kaart sollen am Fréijoer 2019 ofgeschloss ginn.


De Maurice Molitor am Panorama vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow