Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nikki Ninja - Eureka

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "si" oder "hatt"?

Lëtzebuerger Sprooch

"si" oder "hatt"?

"Dem Paul Schmit säi Buch" ass kloer, mee ass et "Dem Nadine Schmit säi Buch" oder "Der Nadine Schmit hiert Buch"? Mir froen d'Linguistin Caroline Döhmer vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

auto_stories

3 min

Mir hunn dacks de Problem, datt mir net wëssen, wéi ee Pronome geholl gëtt bei weibleche Persounen. Hatt oder si?

Déi éischt a spannendst Fro ass am Fong: Firwat hu mir generell zwee Pronomen, fir weiblech Persounen ze bezeechnen? Dat läit an éischter Linn dorunner, datt weiblech Virnimm vum Genre hir Neutrum sinn: dem Caroline säin, et huet en Nadine fir dech ugeruff (an net der Caroline hiert oder eng Nadine).

Dann hu mir nach d'Familljennimm, déi bei Fraen da weiblech sinn. Dat ass eemol bei där ëmgangssproochlecher Form, wéi een dat nach aus dem Lycée kennt: der Schmit hir Prüfunge sinn ëmmer mega schwéier. D'Schmit koum haut ze spéit. Awer och an der Kombinatioun mat engem weiblechen Titel géife mir hei beim Femininum landen: der Madamm Schmit hir Prüfungen. (an net dem Madamm Schmit seng Prüfungen)

Interessant gëtt et dann, wann déi zwou Forme kombinéiert ginn: d'Nadine Schmit. Wéi eng Form ass elo méi dominant, den Neutrum vum Virnumm oder de Femininum vum Familljennumm? Hei kommen da pragmatesch Facteuren dobäi.

Wéi eng Facteuren?

Déi, déi am Gespréich an am soziale Kontext entstinn: Wéi al ass déi Persoun, iwwer déi geschwat gëtt? Wéi sinn ech emotional mat hir verbonnen? Kenne mir eis gutt oder bal guer net? Ass et en ëffentleche Kontext oder e privat Gespréich.

Wichteg ass och anzeschätzen, wéi déi Persoun, mat där ech schwätzen, zu där Fra steet, iwwer déi geschwat gëtt. Dat ass ganz schéi komplizéiert a muss deemno wéi an all Situatioun nei bewäert ginn. Dat féiert dacks dozou, datt esou guer d'Mammesproochler mam hatt a mam si duerchernee kommen. A wann d'Mammesproochler keen eendeitege System hunn, dann ass e komplex.

Wat wier dann e Beispill fir esou e komplexe Fall?

Wéi ech elo éinescht schonn ugedeit hat, ass et dacks komplizéiert, wann een e Virnumm mat engem Familljennumm kombinéiert. grad bei enger Possessivkonstruktioun wéi "dem Pol Schmit säi Buch" gëtt et bei Frae schwéier: ass et "dem Nadine Schmit säi Buch" oder "der Nadine Schmit hiert Buch"? Doduerch, datt den Artikel esou no beim Virnumm steet, huet een d'Tendenz, fir hei en Neutrum-Artikel ze setzen: "dem Nadine". Wann een awer wëll eng gewëssen Distanz zu där Persoun opbauen, well een an engem ëffentleche Kontext iwwer si schwätzt, géif ee vläicht éischter soen: "der Nadine Schmit hiert Buch".

Et ginn och Leit, déi d'Gefill hunn, datt den "hatt" onhéiflech wier oder ouni Respekt. Dat ass natierlech eppes, wat duerch sozial Normen entsteet. Esou eng Zort "political correctness" muss een dann ëmmer an engem dynamesche gesellschaftleche Kontext gesinn.

Et kann och sinn, datt sech duerno just eng Form duerchsetzt. Wat ass een heiansdo am Englesche frou, wann ee just kann "you" soen an net muss iwwerleeën, ob een déi Persoun elo duuzt oder dierzt. Vläicht hu mir duerno och just nach ee Pronomen am Lëtzebuergesche fir weiblech Persounen. Mee déi Zort vu Sproochwandel kann ee schwéier viraussoen.