Radioen

On air

Tockcity  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schreiwen a Schwätzen - strukturell a pragmatesch Ënnerscheeder

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Schreiwen a Schwätzen - strukturell a pragmatesch Ënnerscheeder

Bei eis am Studio ass d'Linguistin Caroline Döhmer. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer Schreiwen a Schwätzen.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Schreiwen a schwätzen, dat ass jo de Gebrauch vun der Sprooch. Op wéi eng Kuriositéit wëlls Du dann domat hiweisen?

Caroline Döhmer: Jee nodeem wat mer maachen, ass och d'Sproochstruktur eng aner! Haut wëll ech méi prinzipiell iwwer den Ënnerscheed schwätzen tëschent geschriwwener a geschwater Sprooch. Als éischt emol e puer Grondiwwerleeungen:

Wuertproduktioun:

Produktioun beim Schwätzen: 2,5 Wierder an der Sekonn. Beim Schreiwen definitiv méi laang! Mer iwwerleeë jo gutt, wat mer wéi wëlle soen, a wéi ee Wuert oder Ausdrock do am beschte passt. De Message muss beim Schreiwe kloer sinn, deen aneren ass jo net am Raum. Ech hu beim Schreiwe méi Zäit fir ze denken. Dat bréngt eis och scho bei den nächste Punkt:

Korrektur

Wann ech am Schwätzen eppes wëll verbesseren, muss ech mech erëmhuelen, deen aneren ass beim Korrekturprozess dobäi. Et ass en dynamescht Verbesseren.

Do kann et awer och sinn, datt ee vu sengem Vis-à-vis verbessert gëtt, well een eppes Falsches gesot huet oder deen direkt nohake kann. Beim Schreiwe gëtt verbessert, ouni datt een dëse Prozess direkt matkritt (just am Resultat).

Dat, wat ee schwätzt, ass immens flüchteg, an et muss een awer och séier reagéieren. Do sinn dann eeben och Feelerquellen an do gëtt et fir de Linguist interessant!

Lo gi bei Dir d'Luuchten un!

Jo, am positive Sënn! Hei kann ech dann analyséieren, wat d'Leit maachen, wa si ganz spontan sinn an net laang iwwer Konstruktiounen nodenken. D'Fuerschung vun der geschwater Sprooch huet an Däitschland eréischt an de 60er-Joren ugefaangen. Kanns de der virstelle firwat?

Nee, mee du verréits mer dat bestëmmt!

Ma dat huet en technologesche Grond: Et konnten ëmmer méi Leit Apparater benotzen, fir eppes opzehuelen! Geschwate Sprooch ass sou séier a flüchteg, datt een dat ouni technesch Hëllefsmëttel guer net am Detail kann analyséieren a vergläichen. An och wann ech d'Sprooch ophuelen, ass et vill Fläissaarbecht, fir mat dësen Donnéeë schaffen ze kënnen.

Wann ech beispillsweis en Transkript vun enger Audio-Opnam maachen (mat Spriecherwiessel, betounte Silben, Pausen, asw.), da kann een am Schnëtt rechnen, datt ee fir eng Minutt geschwate Sprooch eng Stonn Transkriptiounszäit kann akalkuléieren.

Et ass awer immens cool, sou als Linguist, wann ee geschwate Sprooch kann analyséieren. Well hei vill méi interessant Konstruktiounen entstinn.

E Phenomeen mat engem ganz schéinen Numm sinn "Apokoinuen".

Dat kléngt wéi en exotesche Fësch oder Villchen!

Dat si Konstruktiounen, wou ee mat eppes ufänkt a gläichzäiteg och domat ofschléisst. Eppes à la: Ech froe mech, firwat e mech net einfach ugeruff huet, froen ech mech. Typesch sinn och Ofbréch, wou Sätz ugefaange ginn an dono anescht weidergeféiert ginn: Ech ka mech net erënneren, datt mer ... Ware mer schonn eng Kéier hei?

Heiansdo huet ee jo e Gedankeblëtz, et geschitt grad eppes anescht oder et huet een e klenge Blackout, an et weess een net méi, wat een am Fong sollt soen. Do weess du jo als Radiospeaker, datt Live eeben och eppes anescht ass wéi vun engem Manuskript, wou alles méi oder manner "virgeduecht" ass.

Jo, mir geschitt dat och heiansdo.

Fir lo nees bei d'Fuerschung ze kommen: Zentral fir d'Fuerschung war de Scheema vun den Auteure Koch an Oesterreicher, déi an den 90er-Joren e ganz bekannten Diagramm gezeechent hu vu konzeptioneller Nähe an Distanz, déi ee beim Schreiwen oder Schwätze kann hunn.

Wat heescht dat genee?

Als éischt geet et net just drëm, datt mer schreiwen oder schwätzen. Dat gëtt dann "medial Mëndlechkeet" resp. "medial Schrëftlechkeet" genannt. Also wat ass mäi Medium? En Handy fir eng Sms, e Computer fir eng Ofschlossaarbecht oder meng Stëmm an engem Bistrosgespréich oder bei engem Virtrag.

Mee och innerhalb vun deene Medie kann ech mech méi "schrëftlech" oder méi "mëndlech" ausdrécken. Eng WhatsApp u meng bescht Frëndin ass tendenziell anescht geschriwwe wéi eng E-Mail u mäi Patron. Obwuel béides esou gesi geschriwwe Sprooch ass. Dat gouf an deem Scheema beschriwwen als "Sprache der Nähe" an "Sprache der Distanz". D'"Sprache der Nähe" ass meeschtens dialogesch, mat vertraute Persounen, éischter privat, spontan, expressiv an et gëtt eng fräi thematesch Entwécklung. D'"Sprache der Distanz" ass meeschtens monologesch, mat frieme Persounen, manner privat, geplangt, reflektéiert, distanzéiert a mat enger éischter fixer thematescher Reiefolleg.

Et ass meeschtens dat, wat een am Allgemenge "verschidde Stiler" géif nennen. Dat ass an der Fuerschung "konzeptionell mëndlech" oder "konzeptionell schrëftlech".

Fir d'Lëtzebuergescht ass dat awer och schwéier ze definéieren, wat och an der Fuerschung op der Uni.lu thematiséiert gëtt.

Wichteg ass, datt et e Kontinuum ass tëschent konzeptioneller Mëndlechkeet a Schrëftlechkeet, op deem mer eis als Sproochbenotzer flexibel beweegen.

Da soen ech der lo medial mëndlech Äddi a mir héieren eis nees d'nächst Woch!

Genee, bis dann!