Sot emol Sascha Ley: An der fräier Improvisatioun doheem

D'Sascha Ley ass eng vun de bekanntste Lëtzebuerger Kënschtlerinnen. Si huet sech och en Numm als Schauspillerin gemaach, ënner anerem a Filmer vum Andy Bausch oder beim Tatort. Fräi Improvisatioun an der Musek, Klangwelten a "Soundpainting" si Genren, déi d'Sascha Ley spéider an hirem Liewe fir sech entdeckt huet.

Natascha Ehrmann

Sascha Ley

Iwwer hire musikalesche Wee huet d'Sascha Ley e Bewosstsinn fir Klangwelten entwéckelt. Dëst hätt sech entwéckelt, wéi si a Beréierung koum mat fräi improviséierter Musek. Wierklech Klangwelten a "Soundpainting" hätten der Kënschtlerin eng grouss nei Welt opgemaach, an déi si mat alle Sënner andauche konnt.

Musek, déi net no eisem Klangbild mat Harmonien opgebaut wier, an där een "mat Apparaten, mat Geräischer, Alldagsgéigestänn" géif schaffen, huet op d'Sascha Ley e groussen Androck hannerlooss, well een esou "aner Reizer fir d'Gehier" géif kréien:

"Dat ass eppes, wat eis alleguer warscheinlech onbewosst souwisou vu fréi u begleet. Mir kënnen d'Aen an de Mond zoumaachen, mee mir kënnen ni d'Oueren zoumaachen. Du kanns dir héchstens eppes erastoppen, mee reng vun denger Kierperlechkeet hier kanns du dech net schütze fir eben net ze lauschteren."

Emotional Verbonnenheet mat der mënschlecher Stëmm

Als Kand huet d'Sascha Ley et schonn interessant fonnt, datt e Geräisch oder eng Stëmm eng Persoun kënnen opmierksam maachen, oder hir esouguer Angscht maache kënnen. Monoton Geräischer hätten si scho fréi am Liewen "komplett geckeg" gemaach:

"D'Stëmme vun de Leit - wéi si schwätzen, de Rhythmus, dat kann entweder ganz angeneem, vertrauenswierdeg sinn, esou, datt s du dech a Kläng oder Stëmme kanns verléiwen, mee datt s du och genee esou gutt kanns Angscht kréien. Fir mech war dat fréier monoton Kläng ze héieren. Et ass interessant, wat dat mat dengem neuronale System wuel mécht a wéi dat dech beaflosst."

Der Sascha Ley hire musikaleschen Output exploréiert den Terrain tëschent Klassik an experimenteller Interpretatioun, a beweegt sech tëschent Jazz, fräier Improvisatioun, Folklor an zäitgenëssesch Musek.

An Indien huet si ugefaangen, sech méi op hire musikalesche Wee ze fokusséieren an deemools entscheet, weider ze goe fir hir eege Musek erauszeloossen:

"Ech hunn an éischter Linn een Abléck kritt an déi hinduistesch Vokalmusek an och an hir Aart a Weis fir ze enseignéieren. Ech hat am klassesche Sënn en eent zu eent Cours - also ech als eenzeg Schülerin vu menger Léierin, der Dhanashree Pandit-Rai. Si huet hire Cours op Leit wéi mech agestallt huet, also Sänger, déi am Beruff sinn, an deenen dann Handwierk matzeginn, de Vokabulär ze erklären an ze erweideren. Ech huele mir do och Fräiheeten eraus wou si seet dat dierfe mer, dat ass erlaabt, wou anerer vläicht nee géife soen."

Op eng gutt Geschicht kënnt et un

Zanter dem Ufank vun hirer Karriär huet d'Sascha Ley an e sëllegen däitschen, franséischen, an englesche Bünen, Film- an Televisioun-Produktioune matgespillt - e breetgefächerte Repertoire vu Klassik iwwer Modern an Drama bis hin zur Komedie. Als Interpret géifen sech engem déi tragesch an déi komesch Stécker bidden, woubäi sech bei verschiddenen eben e besonnescht Talent an der Komik géif entwéckelen. D'Sascha Ley interesséiert all Geschicht, déi gutt ass:

"Wa si thematesch stëmmt, gutt geschriwwen ass, a wann d'Regie-Konzept och interessant ass, da kann ech mech esouwuel an déi eng wéi an déi aner Richtung beweegen, da fannen ech et esouwuel schéi grouss Gefiller ze spille wéi och wierklech eppes Witzeges ze maachen an do Spaass ze hunn."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Natasha Ehrmann
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Schlim
Sot emol

De Jean-Claude Schlim ass fréiere Journalist a kuckt op eng Karriär vun iwwer 30 Joer am Filmsecteur als Filmtechniker, Regisseur, a Produzent zeréck. Hien ass eng vun de Referenzen am Lëtzebuerger Kino.

Elisa Meyer
Sot emol

De Mënsch brauch Affektioun, an déi ka ganz verschidde sinn. Dat kann ee gutt Wuert sinn, mee awer och eng Beréierung. Eng Méiglechkeet dovunner ass déi sougenannte Kuscheltherapie, seet d'Elisa Meyer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen