Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rush op Vëloen

Gesellschaft

Rush op Vëloen

Wie sech den Ament wëllT en neie Vëlo kafen, huet manner Choix wéi soss. D'Corona-Kris huet ee reegelrechte Rush op Vëloen ausgeléist. Déi lescht Méint gouf et eng grouss Demande, zäitgläich goufen et Engpäss bei de Produzenten. Och zu Lëtzebuerg sinn d'Händler an d'Clienten dovunner betraff.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / viewapart

Bei den Händler war déi méi héich Demande no Vëloe kloer ze spieren, seet de Jan Oestergaard, Vëloshändler vu Miersch. Hien hätt eent vun de gréisste Vëloslageren zu Lëtzebuerg a wier dovun ausgaangen, datt een eng Zäit mam Vëlobestand géif auskommen "mee wéi dunn den 11. Mee opgemaach gouf, dunn hu mir séier gemierkt, dat et iergendwann zu Enn geet, well d'Fabrikante komplett ausverkaaft waren an dat ass jo europawäit", esou de Vëloshändler.

Eppes ass sécher: 2020 ass e ganz anert Verkafs- a Produktiounsjoer wéi déi Jore virdrun. De Pierre Linden, e Vëloshändler vu Schieren, seet, datt normalerweis am fréie Summer d'Vëloe produzéiert géife ginn, fir se Enn vum Joer virzestellen an ze verkafen. Normalerweis géifen d'Stocken dann och bis Enn vum Joer duergoen. Dëst Joer géif et eng méi héich Demande. En anere Grond fir d'Penurie bei de Vëloe si Liwwerengpäss bei de Stécker. Wéinst dem Lockdown an Asien déi éischt dräi Méint vum Joer wieren d'Produzenten net nokomm, well vill Stécker vun do kommen. D'Produzenten, déi an Europa produzéieren, sinn do am Virdeel. Mee och si kéime wéinst der héijer Demande net mat der Produktioun no.

De Manktem u Vëloen ass awer de Moment net deen eenzege Problem, mat deem d'Händler konfrontéiert sinn, seet de Pierre Linden. Vill Leit hätten de Vëlo fir sech entdeckt a géifen och elo vill mam Vëlo fueren.

"Dat heescht, mir hunn och an Punkto Reparaturen een extreme Rush kritt, well d'Leit och vill Zäit hunn a vill gefuer sinn an och viru fueren, well si och erausfannen, datt et awer Spaass mécht."

Generell wieren d'Verkafszuelen och scho virun der Corona-Kris eropgaangen, seet de Jan Oestergaard. Déi méi héich Primm vu bis zu 600 Euro vum Staat hätt do bis elo kee groussen Ënnerscheet gemaach. D'Penurie wier et scho virdru ginn.