Radioen

On air

Espresso Beats  |  Porij - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Meyer: Dat verstoen, wat ech gesinn

Sot emol

Romain Meyer: Dat verstoen, wat ech gesinn

Wisou gesäit d'Welt esou aus, wéi se ausgesäit, wisou sinn d'Planéiten entstanen, wat léiere mer aus de Steng, déi eis ëmginn? Lauter Froen, op déi de Geolog ze äntwere weess. De Romain Meyer huet an Amerika, Norwegen an Däitschland studéiert, gefuerscht an Experienz gesammelt.

auto_stories

3 min

No e sëllegen Auszeechnungen ass hien haut och Professer fir passionant Sujete wéi Petrologie, Mineralogie, Natur Katastrophen oder Vulkanologie.

Am Service géologique vum Stat ginn Etüden doriwwer gemaach, wéi Stroossen a Brécke gebaut ginn, gläichzäiteg gehéiert d'Froestellung vum Potential fir Geothermie, also fir Energie ze gewannen, a vu fossille Brennstoffer ewech ze kommen. Och d'Verständnis an d'Preventioun vu sougenannte séiere Flute gehéiert zu sengem Alldag.

Hien huet zu Jena an Däitschland een duebele Studium absolvéiert - Geologie a Mineralogie - dunn huet säi Wee iwwer een Doktorat zu Louvain an Amerika, op de "Massachusetts Institute of Technology" (MIT), gefouert, enger vun de wichtegsten Héichschoulen a Fuerschungsariichtungen an den USA.

"Et war wierklech eng Opbrochstëmmung kann ee soen. Mäi Meedchen ass nach zu Louvain gebuer ginn, dat war dann deemools och zwee Joer al, wéi mer eriwwergaange sinn, dat war schonn alles aneschters, wéi ee sech dat Ganzt virstellt, awer och eng Erausfuerderung, mat all deene Leit, déi een a sengem eegene Fach nëmmen aus den Artikele kennt, elo am Lift all Dag ze gesinn, respektiv déi Leit, déi een esou dierzt an als jonke Student - deemools war ech net méi esou jonk - mee als jonke Fuerscher een Angscht virun deenen hat, datt déi kéinten eppes Béises iwwer een denken - elo all Dag am Kontakt mat deenen ass, an dat ass schonn eng phenomenal Zäit gewiescht an och déi Erfarungen, déi een do mécht, fir mat deenen ze schaffen an och fir ze léieren, wéi een denkt datt alles, all Froestellung interessant ka sinn, an datt een iergendeppes erausfënnt fir e Resultat ze hunn, deen de Leit hëlleft. Dat war wierklech wärend där Zäit super interessant, awer leider, wa Leit mech haut froen, wat ech alles zu Boston gesinn hunn, muss ech soen, datt eng Persoun, déi eng Woch als Lëtzebuerger op Boston an d'Vakanz gaangen ass, méi vu Boston gesinn huet wéi ech, well ech hunn éischter meng véier Bürossäite gesinn."

All Froestellung ass wichteg

"Fir mech ass et ëmmer esou, an dat ass an alle Beräicher esou: all Froestellung ass interessant an et gëtt iergendeng Méiglechkeet dat ze léisen, et gëtt eng elegant Léisung dozou, well dat Ganzt an de Naturwëssenschaften, et versteet een ni, wéi et wierklech honnertprozenteg ass, et muss ee sech e Modell virstellen, a wann een e bëssen deen Training kritt huet, fir déi verschidde Modeller sech virzestellen, dat leeft dann, an dat ass e bësse mäin Dudu oder esou, datt ech mir esou Prozesser ganz lieweg virstelle kann, an dat hëlleft och fir ze erklären, wéi dat warscheinlech ofgelaf ass."

D'Wëssenschaft vum Opbau, vun der Zesummesetzung a Struktur vun der Äerd, hir physikalesch Eegenschaften an hirer Entwécklungsgeschicht, souwéi vun de Prozesser, déi si geformt hunn an och haut nach formen, sinn dem Roland Meyer seng Dadaen. A Norwege war hien zu Bergen Dozent op der Uni fir Geo-Wëssenschaften, a 50 Prozent Fuerscher am norwegeschen Exzellenz -Zentrum fir Geobiologie.

"Dat ass en neie Fuerschungsberäich fir ze verstoen, wéi d'Biologie an d'Geologie mateneen interagéieren. Well et mierkt ee jo: den Environnement ass wichteg, och fir eis Persounen, mee och bei den Déieren ass dat esou. A fir dat ze verstoen hat Norwegen een eegent Fuerschungsinstitut opgebaut, fir genau deene Froen nozegoen, gläichzäiteg sinn déi Froen och, wéi ass d'Liewen entstanen, wéi ass d'Méiglechkeet villäicht fir extraterrestrescht Liewen ze hunn, well dat Liewen, wat sech no bei Vulkan oder an esou extreme geologesche Situatioune befënnt, ass warscheinlech och dat Liewen, wat dëse Planéit am Ufank bevëlkert huet. Doduercher ass dat och eng ganz ganz interessant Froestellung."