Generator Rollespiller

"Dir sidd alleguerten am Prisong an dir wësst net firwat der am Prisong sidd." Esou kann den Ufank vun enger eege gebauter Welt kléngen. Rollespiller sinn d'Theema am Generator haut. Et geet hei net ëm Lack a Lieder, mee ëm eng speziell Form vu Gesellschaftsspill.

rollespiller.jpg

De Gérard Kraus, President vun der Science-Fiction a Fantasy Society Lëtzebuerg an de Ben Schreiner, passionéiert vu Rollespiller, schwätze mam Lara Bousch iwwer e Spillberäich, dee keng Grenzen huet. Rollespiller ginn et nämlech a ganz ënnerschiddleche Formen: online, analog, Pen & Paper, Life Action Role Playing (LARP) a vill méi. Virun allem hunn dës Spiller wéineg Grenzen, esou de Ben Schreiner:

"D'Leit kommen op Iddien an dat ass jo grad deen Deel vum Rollespill, deen immens interessant fir déi meescht Leit u sech ass, datt s de deng eege Kreativitéit kanns erabréngen. Et ass net eppes, wat fir gesat ass. Du wiels däi Setting, deng Welt an da lees de lass. Et ass eppes, wat sech zesumme kreéiert wéi e Konschtwierk."

An der Mediathéik:

Generator / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

Tessie Jakobs
Kierperflëssegkeeten a méi

D'Tessie Jakobs ass Journalistin a war beim Podcast "Méi wéi Sex" mat dobäi. Fir si ass et kloer, datt et nach ëmmer net selbstverständlech ass soen ze soen: Ech hu meng Reegel.

Stereotyppen
Gläichstellung

Aus der Lëtzstereotype18-Etüd geet ervir, datt Frae méi e staarkt egalitäert Bewosstsinn a punkto Geschlechterrolle virweisen, ewéi Männer. D'Ministesch wëllt op Zesummenaarbecht mat der Wëssenschaft setzen.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen