Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robotik an der Therapie

Wëssenschaft a Fuerschung

Robotik an der Therapie

Déi 9. Editioun vum FNR Präis vum Lëtzebuerger Fonds National de la Recherche huet elo Enn Oktober eng nei Kategorie presentéiert. Ee vun de Laureaten, den Dr. Pouyan Zafiti, entwéckelt an enger Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg e klenge Roboter, deen an der Therapie mat autistesche Menschen agesat get.

auto_stories

8 min

De Lëtzebuerger "Fonds National de la Recherche" dotéiert zënter e puer Joer schonns eng Rei vu Recherchen, Innovatiounen a wessenschaftlech Exploiën mat engem Präis.

Viru kanpps 2 Wochen, de 27. Oktober, war et dann nees esou wäit: déi 9. Editioun vum FNR Präis ass gefeiert ginn ... dëst Joer souguer mat enger neier Kategorie "Outstanding Research-Driven Innovation award". Et sinn dëst Projeten, déi sech beméien, Resultater aus ëffentlech finanzéierte Recherchen, a kommerziell oder sozial Inovatiounen ëmzesetzen.

Dëse Präis ass dann dëst Joer ënnert anerem un den Dr. Pouyan Ziafati gaangen, Gérant vun LuxAI, enger spin-off Gesellschaft vun der Uni L, déi "Sozial Roboter" entwéckelt a baut.

Matbegrënnerin vu LuxAI, an domat och vun Ufank un un der Entwécklung vun engem Roboter, deen an der Therapie agesat gëtt, bedeelegt, d'Dr Aida Nazari. Mir hunn sie gefrot, wéi déi ganz Success-Story dann iwwerhaapt ugefangen huet?

Et ass wierklech eng laang a komplizéiert Geschicht. Mäi Matbegrënner vun LuxAI an ech hunn an der Zäit zesummen op der Uni Lëtzebuerg recherchéiert an hunn et interessant fonnt, eng Zesummenaarbecht tëschent de Beräicher Medezin an Artifiziell Intelligenz unzegoen. Mäi Kolleg huet en Dokter Titel an "AI Robotics", Artifiziell Intelligent Robotertechnik, an ech selwer hunn en Doktorat an der Medizin. Mir wollten also e Produkt kreéieren, dat sech genau an der Mëtt vun dësen 2 Disziplinnen trëfft.

An dobäi ass dann e Roboter erauskomm, dee ganz speziell an der Therapie agesat gëtt!

An der Wëssenschaft gëtt et ee Konzept, dat sech "Sozial Roboter" nennt. Am Beräich vun der Industrie an a villen anere Beräicher si jo scho vill Roboter am Asaz, ma d'Konzept vu soziale Roboter ass nach ganz nei. D'Ziel vun dëse Roboter ass et net, eng Saach vun enger Plaz op eng aner ze bréngen oder schwéier Aarbechten auszeféieren, ma et geet dorëms, an enger sozialer Aart a Weis mat Mënschen z'interagéieren. Esou Roboter kënnen a ganz verschiddene Beräicher agesat ginn. Am Fong an all Situatioun, an der eng sozial Interaktioun besteet. Se hunn dann och eng ganz bestëmmte Roll anzehuelen. Besonneg an de Beräicher vun der Gesondheet a vun der Erzéiung sinn se gutt anzesetzen.

An tatsächlech, de QT, wéi de Roboter vun LuxAI genannt gëtt, ass 60 cm grouss, huet e Kapp, kleng Äerm a Been, am Fong wéi e klengt Kand vun ongeféier 4 Joer, ass ausstafféiert mat engem Bildschierm, deen e Gesiicht simuléiert, engem staarke Mikro, deen Stëmmen erkennt, an och e Lautsprecher, iwwert deen dann Musek, awer och am Virfeld opgeholle Sätz ofgespillt kënne ginn. Eng héich-spezifesch Software steiert de klenge Roboter an et kann een en iwwert eng Computer-Applicatioun programméieren. Ma wéi passt dat elo an de Beräich vun der Therapie eran?

Zënter Joeren gëtt an der Wëssenschaft scho festgestallt, dat Roboter an der Therapie vun autistesche Mënschen ganz effektiv schaffe kënnen. Hei ass hier ganz spezifesch Roll, zum Beispill eng Geschicht z'erzielen oder mat Kanner Spiller ze spillen. Esou kënnen d'Roboter d'Kanner léieren, nei Verhalensweisen a Geschécklechkeeten z'entwéckelen, déi haaptsächlech mat hierem soziale Verhalen ze dinn hunn.

Ab dofir ass et dann och wichteg, dat esou ee Roboter en expressiivt "Gesiicht" huet, dat eng detailléiert Mimik, an domat och Gefiller an Emotiounen ausdrécke kann?

"Sozial Expressiv" heesscht, dat de Roboter et fäerdeg bréngt, Emotiounen ze weisen. An enger Interaktioun oder Relatioun tëschent Mënschen ass et immens wichteg, dat Gefiller ausgedréckt kënnen ginn, wéi Freed, Trauregkeet oder Matgefill, fir am Gespréich och eng Relatioun kënnen opzebauen. Fir autistësch Mënschen ass genau dës Relatioun immens kritesch. Ee vun den Haaptzieler vun eisem Roboter ass et dann, de Kanner d'Konzept vu Gefiller an Emotiounen bäizebréngen. Sie hunn an deem Beräich eben vill Schwieregkeeten. A fir deen Szenario ass et wichteg, dat mer e Roboter hunn, dee Gefiller ausdrécke kann. Net nëmmen mat enger Mimik am Gesiicht, also mat Ausdréck am Gesiicht, ma och mat Bewegungen vum Kierper, also mat der ganzer Kierpersprooch.

De QT Roboter ass e Lëtzebuerger Produkt, ass hei zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn a gëtt och hei am Land produzéiert, ma banned kuerzer Zäit goufen et Ufroen aus ganz ënnerschiddleche Secteuren, an dat aus ganz Europa, aus Amerika, Asien an och dem noen Osten.
An der Entwécklung vum QT huet dann d'Uni Lëtzebuerg eng wichteg Roll gespillt ... Besonneg wéint der Iddi, de Roboter am Beräich vun der Therapie mat autistesche Mënschen anzesetzen.

Mir ware Chercheuren op der Uni Lëtzebuerg, mäi Partner souguer scho säit 2011, an hien huet och säin Doktorat do gemaach. Ma wann een esou ee Roboter entwéckele wëll, mat esou enger grousser Visioun dohannert, da muss een interdisziplinär schaffen. An dat vun Ufank un. Deemno hu mer scho laang virum FNR Projet op der Uni no engem Spezialist am Beräich Autismus gesicht a sinn op d'Dr Andrea Costa gestouss. Mir konnten hier vill Froe stellen an sie ëm hier Meenung froen, zemools ob eis Iddi iwwerhaapt interessant an efficace kéint sinn. Ma och beim Design vum Roboter huet sie eis vill gehollef. Ech erënnere mech nach gutt. Wéi mir déi éischte Biller vun dem Roboter sengem Gesiicht entwéckelt haten, huet d'Dr Costa eis de wichtege Feedback ginn, dat verschidde Farwen an de Baken oder iwwerthaapt verschidde Bewegungen am Gesiicht vum Roboter d'Kanner immens oflenke kéinten. Et war also eng Zesummenaarbecht déi scho laang virun der Produktioun vum Roboter ugefangen huet.

Mat engem Master Ofschloss an der experimenteller Psychologie, recherchéiert d'Andreia Costa zënter ville Joer schonn am therapeutesche Beräich. Sie huet d'lescht Joer hiren Dokter Titel op der Uni Lëtzebuerg verdeedegt, a schafft haut am "Institute for Health and Behaviour", dem Institut fir Gesondheet a Behuelen, bannent der Recherche Unitéit "INSIDE" vun der Uni Lëtzebuerg. D'Iddi, e klenge Roboter an der Therapie mat autistesche Kanner anzesetzen, huet sie vun Ufank un begeeschtert.

Et goufe ganz verschidde Grënn, de QT an der Therapie mat autistesche Kanner anzesetzen. Fir d'éischt emol sinn dës Kanner ganz natierlech vu Roboter ugezunn, méi ewéi vu Mënschen. Dat hu verschidde wëssenschaftlech Recherche gewisen, an am Labo, an der Aarbecht mat de Kanner, konnt ech selwer och ganz kloer gesinn, dat d'Kanner méi Zäit mat de Roboter verbrénge wëllen, wéi mat mir. Hier Opmierksamkeet fir de QT ass vill méi héisch, wéi déi fir den Therapeut. An dat ass an dësem Kontext net zu lescht entscheedend, fir de Gebrauch vun engem Roboter.

D'Dr Andrea Costa recherchéiert an analyséiert an de Beräicher "emotional Schwieregkeeten am Autismus", "Familljendynamiken an emotionale Fäegkeeten" ... an entwéckelt och "trainings", also Formatiounen déi op d'Verbesserung vun emotionale Fäegkeeten ofzielen. Wéi gesäit dann ganz konkret d'Aarbecht mam QT aus?

Mir schaffen den Ament un engem Gefillstraining fir Kanner mat Autismus. Dës Kanner weisen vereenzelt Schwieregkeeten an hire Gefiller op. Sie verstinn deelweis hir eege Gefiller net, an deemno och net déi vun anere Leit. Sie kënnen e Gefill net erausfilteren. Sief et duerch d'Mimik am Gesiicht oder duerch physiologesch Verännerungen vum Kierper, déi bei Emotiounen optrieden, wéi zum Beispill en Häerz dat méi schnell schléit, een opgereegt ass oder wann een sech iwwert eppes iergert. Ma et geet och dorëms, mat de Kanner ze kucken, wéi se mat hiren eegenen Gefiller ëmginn. Bei Roserei verstinn sie zum Beispill oft net, firwat, wëssen net domat ëmzegoen, an entwéckelen dann och eng Kris oder en aggressiivt Verhalen, wat ganz versteierend op sie selwer, op Familljememberen oder op aner Kanner an der Schoul wierkt.

Mir wëllen also, dat de Roboter dem Kand seng emotional Fäegkeeten trainéiert. Opgedeelt a 7 Sessiounen, léiert de QT d'Kanner op spilleresch Aart a Weis, seng Fäegkeeten ze verbesseren. De Roboter stellt Froen, a reagéiert op dem Kand seng Äntwerten. Hie stellt Aufgaben, bei deenen d'Kanner Gefiller an Aspekter vun Emotiounen erkenne sollen, an déi sie schlussendlech an hirer Entwécklung weiderbréngen. Déi eenzel Kanner gi virun dësem Training op hier ganz spezifesch Schwieregkeeten ënnersicht, da leeft den Training mam Roboter op enger Dauer vu 7 Wochen, an duerno analyséiere mer am Détail, wéi eng Verännerungen sech am Verhale vum Kand weisen.

De QT Roboter ass jo e Lëtzebuerger Produkt. Schwätz hien dann och Lëtzebuergesch?

Vir d'éischt hu mer de ganze Programm op Franséisch entwéckelt, well et fir mech méi einfach war, ze testen, op alles gutt leeft, oder op nach Verbesserungen gemaach musse ginn. Et ginn ëmmer Klengegkeeten, déi een adaptéiere muss. Ma elo ass alles prett op Lëtzebuergesch an op Däitsch, sou dat mer elo och mat lëtzebuergesch- an däitschsproochege Kanner schaffe kënnen. An den nächste Wochen schécke mer Invitatiounen u verschidde Familljen mat autistesche Kanner eraus, fir dat sie, wann se wëllen, um Training deelhuele kënnen.

D'Dr Andrea Costa schafft schonn eng gutt Zäit mat der FAL zesummen, der Fondation Autisme Luxembourg. Iwwert Joeren eweg huet d'Fondatioun hir gehollef, mat Familljen a Kontakt ze kommen, fir mat hinnen zesummen un der Entwécklung vum Trainingsprogramm schaffen ze kënnen. En Haaptziel vun der Fondatioun besteet doran, de Familljen mat ville Servicer an der néideger Ënnerstëtzung ënnert d'Ärm ze gräifen. De Roboter ass deemno eng weider Ënnerstëtzung, déi d'Kanner gezielt an hirer Entwécklung weider bréngt. Et gi wierklech net vill Interventiounsméiglechkeeten fir Kanner mat Autismus, sierf et zu Lëtzebuerg oder am Ausland, déi genau op d'Entwécklung vun den emotionale Fäegkeeten ofzielen. Ech denken, dat sech d'Fondatioun mat dësem Produit eng weider Chance erhofft, d'Entwécklungsméiglechkeeten vun autistesche Kanner an hire Familljen ze verbesseren.

Déi éischt Resultater an der Aarbecht mam QT si villverspriechend. Dëse Roboter ass en erzéierescht Handwierksgeschier, dat sécherlech d'Effektivitéit an d'Qualitéit vun der Betreiung an der Therapie mat autistesche Mënschen verbessert! Déi wäertvoll an héich spezialiséiert Aarbecht vun engem Psycholog, Therapeut oder Éducateur wäert de QT awer ni ersetzen kënnen.

Familljen, déi um Trainingsprogramm mam QT Roboter interesséiert sinn, kënnen sech gäeren bei der Dr Andrea Costa mellen, um Telefon (+352) 46 66 44 96 93 oder besser nach per Email iwwer andreia.pintocosta@uni.lu. Dir fannt d'Kontaktdaten vun der Dr Andrea Costa och op der Internetsäit vun der Uni Lëtzebuerg.