Prisma Risiko a Preventioun

Risiken a Preventioun hunn eng eege Logik, déi sech liicht a gedanklech a praktesch Absurditéite verwandele kënnen. Déi Ëmwandlung vu sënnvollen Approchë vum Risiko a vun der Preventioun kenne mer scho méi laang aus der Terrorismuspreventioun. A mer erliewe se elo nach emol mat der Coronavirus-Pandemie. Et ass erstaunlech, wéi licht sech d'Logik an d'Absurditéit vun enger Krichspolitik op eng Gesondheetspolitik ëmsetze léisst. Iwwerleeunge vum Thierry Simonelli.

Thierry Simonelli / cz

Thierry Simonelli

Am Ufank vu sengem 2007 verëffentlechte Buch "Weltrisikogesellschaft", zielt den Ulrich Beck déi folgend Geschicht:

Am September 2006 huet déi brittesch Police e puer Terroriste festgeholl, déi wëlles haten e Fliger mat flëssegem Sprengstoff an d'Luucht ze joen. Dräi Méint méi spéit, am November 2006, trëtt eng europäesch Virschrëft a Kraaft, déi d'Mathuele vu Flëssegkeeten an d'Kabinn staark beschränkt. A kuerz duerno huet déi Reegel weltwäit gegollt, a weltwäit ass d'Fräiheet vu Millioune Leit ageschränkt ginn, wéinst engem Uschlag, deen net geschitt ass.

Den Ulrich Beck zitt doraus de Schluss: Déi nei Sécherheetsvirkéierunge si weltwäit d'Reaktioun op antizipéiert Terroruschléi, déi op engem bestëmmten Uert, zu London, net stattfonnt hunn.

Also nach emol: déi weltwäit Sécherheetsvirkéierunge reagéieren op en Uschlag, deen op enger bestëmmter Plaz net stattfonnt huet.

"Risike si keng Katastrophen, mee d'Antizipatioun vu Katastrophen."

Aus dësem Net-Evenement schéngt déi ganz Logik, mee och déi ganz Absurditéit vun eisem politeschen Ëmgang mam Risiko duerch.

Kucke mer fir d'éischt op d'Logik vun der Reaktioun. Déi schéngt einfach ze verstoen a schéngt och all Fluchpassagéier direkt anzeliichten: wann all Liquide e méigleche Sprengstoff ka sinn, dann ass et am séchersten all Liquide wéi en Sprengstoff ze behandelen. Esou wäit schéngt dat en akzeptabele Präis duerzestellen, fir e méigleche fatale Risiko ze evitéieren.

De Risiko-Management nennt esou eng Situatioun e "low probability - high impact" Evenement. An eng änlech Situatiounen erliewe mer haut mat eisem neie Virus.

D'Logik vun der Preventioun verlaangt hei anscheinend och, dat all Risiko vum Ustiechen, an domat all Risiko vun engem schwéiere Verlaf vun der Krankheet, an domat all méiglechen Doud, behandelt gi solle wéi eng Sécherheet, oder wéinstens wéi eng grouss Warscheinlechkeet.

An dat soll dann am approximativen allgemenge Verständnis heeschen: all Méiglechkeet vum Ustieche soll behandelt gi wéi d'Warscheinlechkeet vum Ustiechen, an all Ustieche soll behandelt ginn, wéi d'Warscheinlechkeet vun engem schwéiere Verlaf, an all schwéiere Verlaf soll behandelt gi wéi de warscheinlechen Doud. Dofir kann e ganzt Land dann och an den État d'Urgence gesat ginn, well déi liewenswichteg Interesse vun engem Deel oder vun der ganzer Bevëlkerung warscheinlech bedreet sinn. An nach emol: Risike si keng Katastrophen, mee d'Antizipatioun vu Katastrophen.

D'Politik huet dës Zort vu Logik scho laang verstanen. 2001 hat den deemolegen amerikanesche Vizepresident Dick Cheney doraus esouguer eng "Doktrinn" gemaach. Am Kontext vun den Terroruschléi vun 2011 huet den Cheney folgende Räsonement benotzt, fir seng Risiko-Doktrinn ze illustréieren: wann et och nëmmen ee Prozent Chance gëtt, dat d'Pakistan Al-Quaida eng Atombomm baut, da musse mer reagéieren, wéi wa si déi Bomm schonn hätten. D'Konsequenze vun dëser Logik an der Politik si bekannt: Krich, Doud, Folter a Leed ouni Enn. Alles am Numm vun der Preventioun.

Hei erënnert d'Ideologie vum Autoritarismus nach gären un de sougenannte Preventiouns-Paradox: stellt Iech emol vir, wéi schlëmm et hätt komme kënnen, an hei dierf jiddweree seng Fantasie spille loossen, wa mer kee Krich, keen Doud, keng Folter a keng Veruechtung vun alle Mënscherechter praktizéiert hätten?

Jo stellt Iech emol vir, wéi schlëmm et komm wier mat eisem Virus, wa mer net einfach d'Demokratie mam Noutstandsgesetz ausgeschalt hätten?

Och am Fall vun eisem Virus gëllt also d'Logik vum Krich a vum aggressiven Autoritarismus: wann et och nëmmen 1 Prozent Risiko gëtt, datt eppes geschitt, muss mat alle Mëttele gehandelt ginn, wéi wann et effektiv geschéie géif. Sécherheet ass hei den eenzege Krittär.

"Recht gëtt zum Onrecht, wann et iwwergenee an iwweräifreg ugewant gëtt."

Nom Ulrich Beck senger provokanter Formulatioun: et muss reagéiert ginn, wéi wann eppes scho stattfanne géif, genee do, wou dat net de Fall ass. Hei schéngt dann déi ganz Absurditéit vun dëser Risiko-Preventiounslogik duerch.

An déi Absurditéit besteet net doran, dat iwwerhaapt Preventioun gedriwwe gëtt. Sécher ass Virbeugen dacks besser wéi heelen. Mee mat der Risiko-Preventiounspolitik ass et wéi mam Recht: summum jus, summa injuria. Recht gëtt zum Onrecht, wann et iwwergenee an iwweräifreg ugewant gëtt. A wann de Summum vun der Preventioun erreecht ass, da gëtt d'Logik vun der Preventioun zur Absurditéit an hir Politik zur Tyrannei.

Kucke mer eis déi zwou Transformatioune vun der Risiko-Preventioun un.

Wann ech mäi Sécherheetsgurt am Auto undinn, ass dat wuel eng gutt Preventioun géint verschidde Risiken. Mee de Sécherheetsgurt erlaabt et net ze behaapten, datt ech domat Accidenter vermeit hunn oder vermeide wäert. De Sprong vum Preventiounsparadox op d'Schäikorrelatioun - de post hoc ergo propter hoc Feelschluss - ass also séier gemaach. Iwwersat heescht dat: wat virdru koum, ass d'Ursaach fir dat, wat duerno koum. Well ech de ganze Wanter Kamillentéi gedronk hunn oder Vitaminn D geholl hunn, krut ech kee Covid-19.

Hei gëtt aus enger einfacher zäitlecher Successioun eng Kausalitéit gebastelt: well d'Politik genee déi Entscheedunge getraff huet, gouf dat Schlëmmst evitéiert.

Domat gesi mer dann och schonn d'Transformatioun vun der Preventiouns-Politik: Well mer d'Demokratie an d'Grondrechter mam Ausnamezoustand opgehuewen hunn, hu mer dat Schlëmmst evitéiert.

Dës Schäikorrelatioun ass ganz besonnesch offensichtlech an den Diskussiounen iwwer déi imminent "zweet Well". No dëser absurder Logik wäert nämlech nach emol gesot ginn, wann déi Well elo net séier kënnt, da war et dowéinst, well mer alles gemaach haten, wat d'Preventiounspolitik eis virgeschriwwen hat.

Wann et déi wichtegst a prioritär Funktioun vum Staat ass, d'Liewen an d'Gesondheet vu senger Bevëlkerung ze sécheren, da féiert hei en direkte Wee vun der Preventiouns-Politik an de Preventiouns- oder Policestaat, dat heescht: an d'Diktatur.

Déi gängeg Aart dës zwou Transformatiounen trotzdeem ze legitiméiere schéint doran ze bestoen, sech op d'Wëssenschaft ze beruffen.

Entweder Kritik an zivillen Ongehorsam, oder Identifizéierung mam Aggressor

Prinzipiell sinn déi grouss global Risike mat deene mer an de leschte Joerzéngten ze dinn haten - Ëmweltkatastrophen, Pollutioun, Klimawiessel, Pandemien - fir d'éischt emol Risiken, déi ee weder einfach gesäit, nach direkt bemierkt. Par rapport zu dëse Risike bestëmmt net, wéi an der Produktioun, d'Sein Bewosstsinn, mee ëmgedréit, Bewosstsinn d'Sein.

D'Existenz an déi genee Bedeitung vun dëse Risike mussen also fir d'éischt emol vun der Wëssenschaft konstruéiert ginn. Dat heescht, datt all Entscheedung, politesch a perséinlech, par rapport zu dëse Risiken noutwendeg vu Friemwëssen ofhänkt.

Risike sinn dofir no der flotter Formulatioun vum Ulrich Beck also noutwendeg Net-Erfarungen aus zweeter Hand.

An déi gedanklech Onmündegkeet, déi se eis imposéieren, ass weder selwer verschëlt, nach gëtt se der Vernonft, oder hirem populisteschen Abklatsch, dem "gesonde Mënscheverstand", genügend fiabel Informatioun, fir e Wee aus der Oniwwersiichtlechkeet eraus ze denken.

Wéi komme mer dann awer aus dëser Zwéckmillchen eraus?

Och dat hat de Beck viru gutt 30 Joer iwwerraschend richteg virausgesinn.

A senger Risikogesellschaft vun 1986 hat den Ulrich Beck geschriwwen: "Mat der Bedreeung [...] wuessen d'Chancë vun enger dirigistescher Politik." An "do wou d'Gefor zur Normalitéit gëtt", an dat gesi mer haut all Dag méi kloer, "hëlt dës dirigistesch Politik eng dauerhaft institutionaliséiert Gestalt un". Zum Beispill a Covid-19-Gesetzer. Hei bestëmmt "Angscht d'Liewensgefill, an d'Angscht-Politik ernäert sech vum allgemengen Nervenzesummebroch."

Da ginn et just nach zwou Optiounen: entweder Kritik an zivillen Ongehorsam, oder Identifizéierung mam Aggressor. Dat éischt ass kloer, dat Zweet heescht: sech dem Wëlle vun den Autoritéiten ënneruerdnen a sech mam System vun der Repressioun identifizéieren. Déi do Uewe luewen, an déi do Ënnen, déi sech net drun halen, denunzéieren a bestrofen.

An der Mediathéik:

Prisma / / Thierry Simonelli
Lauschteren

Méi zum Thema

Coiffer
Prisma

Bal zwee Méint huet et fir kleng Commercen an Handwierksbetriber geheescht, datt hir Diere mussen zoubleiwen. Eng bestëmmten Déngschtleeschtung ass ëmmer erëm ervirgehuewe ginn: déi vum Coiffer.

Wëssen an Onwëssen
Prisma

Ausgangspunkt ass en aktuellt Zitat vum Jürgen Habermas, no deem mir nach ni gezwonge ware mat esou vill Onwëssen Decisiounen ze treffen. Iwwerleeunge vum Philosoph Gilles Retter.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen