Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revolutioun - Theorie a Praxis

Prisma

Revolutioun - Theorie a Praxis

Bestëmmten Iddien - z. B. Anarchismus - erfannen d'Welt nei a kënnen dobäi awer e bësse weltfriem wierken. Mee wat passéiert, wann esou eng Iddi sech duerchsetzt, wann d'Welt net nëmme gedanklech nei erfonnt ka ginn, mee d'Theorie an d'Praxis ëmgesat ka ginn. Wéi gutt packt eng Iddi oder eng Ideologie de Kontakt mat der Realitéit? E puer Iwwerleeunge vum Thomas Koenig.

auto_stories

8 min

De Philpsoph Thomas Koenig. Foto: Archiv

Am November war d'Thema vum Mount um radio 100,7 Revolutioun. Mee net nëmmen hei ass doriwwer diskutéiert ginn, et schéngt och, wéi wa weltwäit d'Leit onroueg wieren. Et gëtt der esouguer, déi mengen, datt et esou wäit wier, an d'Mënschheet um Punkt wier, sech weltwäit géint Ongerechtegkeeten ze revoltéieren, an datt mer un der Schwell vun enger grousser Weltrevolutioun wieren. Et schéngt jo effektiv e bëssen iwwerall ze brodelen.

An elo wou d'Wieder méi kal ass, ass et ee gudde Moment fir sech mol dohin ze setzen, mat engem Glühwäin opzewiermen an doriwwer nozedenken, net wien ee mat engem Molotow-Cocktail kéint opwiermen, mee wat passéiert, wann eng Revolutioun op eemol eng Kéier sollt geklappt hunn.

Et ass jo notoresch schwéier fir virauszesoen, wéi Revolutiounen ausginn. Revolutioune friesse jo bekanntlech hir Kanner. Mee komm, mer loossen emol déi praktesch Consideratiounen op der Säit, a mer huelen eis eng revolutionär Iddi, déi et scho laang gëtt, mee déi sech nach ni dauerhaft duerchsetze konnt, nämlech déi vum Anarchismus.

Anarchismus schéngt mir nämlech déi ultimativ revolutionär Iddi ze sinn. Et geet do ëm d'Ofschafe vun der Hierarchie an ëm d'Aféierung vun enger Weltuerdnung, an där all Mënsch all seng Matmënsche respektéiert, a keen deen aneren ënnerdréckt.

Eng Weltuerdnung, déi op Léift a Gläichheet baséiert, also. Kléngt gutt, mee wat wier, wann et da geklappt hätt?

Gedankenexperiment

Stelle mer eis emol vir, d'Iddi vum Anarchismus setzt sech duerch, an d'Mënschheet bréngt et esou wäit, datt weltwäit eben eng klasselos Gesellschaft entsteet, an där d'Mënschen respektvoll an liebevoll zesummeliewen. Kommt, mer sinn esouguer esou optimistesch a soen, dat wier alles ouni Bluttvergéisse passéiert, reng doduerch, datt all Mënsch agesinn hätt, datt dat den Idealzoustand wier. Bref, alles ass moralesch vertrietbar iwwer d'Bün gaangen, et ass kee gestuerwen, an et existéiert en demokratesche Konsens, datt et esou soll sinn, wéi et dann elo ass.

Jo, wat passéiert dann? D'Staate goufen ofgeschaaft, d'Mënschen organiséiere sech esou, datt Decisioune vun all deene Betraffenen esou getraff ginn, datt se konsensuell sinn, an esou weider.

An do ass deen éischten Problem, deen ech mat der Saach gesinn. Et ass jo esou, datt net all Problem op lokalem Niveau gereegelt ka ginn. Dat heescht, et brauch ee vläicht Leit, déi dann op regionalem, kontinentalem oder esou guer globalem Niveau sech ëm Problemer këmmeren. A global Problemer erlaben et net onbedéngt, besonnesch net, wa se dréngend sinn, datt all Mënsch ëm säin Input gefrot ka ginn. Et wier einfach ze vill onpraktesch. An net all Mënsch kennt sech mat all Saach gutt genuch aus, fir kënnen eng intelligent Meenung zu all Problem ze hunn.

Soe mer, et passéiert zum Beispill eng Naturkatastroph op engem anere Kontinent. Dann ass d'Fro, ob mer Hëllef schécken, wéi vill, wéi, an esou weider. Wann dat alles duerch Comitéen an Gremie soll goen, bis eng Entscheedung getraff ass... Also, et kann séier goen, mee wéi all Mënsch, dee schonn an enger Kommissioun oder engem Comité oder enger Konferenz souz, Iech bestätegen kann: et fënnt sech ëmmer ee fir eng Fro ze stellen, an d'Reunioun an d'Längt ze zéien.

Bref, et brauch een dann Institutiounen, déi sech ëm esou Problemer këmmeren. An et brauch een dann och Leit, déi vläicht méi Decisiounsrecht kréie wéi anerer, fir déi Problemer ze geréieren.

Bon, ech ginn elo net Punkt fir Punkt all Detail duerch, ech mengen, Dir gesitt, op wat ech eraus wëll. Wa mer de Staat ofschafen aus ideologesche Grënn, da muss een de Staat oder eppes Änleches op där anerer Säit erëm aféieren - an zwar aus praktesche Grënn.

Et gëtt jo zwar Beispiller vu Gesellschaften, déi sech anarchistesch organiséieren. Dat ass da mol eng Fabrick, an där all Ugestallten e Matsproocherecht huet. Oder vläicht éischter eng Kommune, wou dann eng Handvoll Leit friddlech zesumme lieft - wéi Hippien! Mee stellt Iech emol vir, Dir misst an enger Kommune liewe mat Leit, déi schlecht raséiert sinn, laang Hoer hunn a gär philosophéieren. Onvirstellbar. Oder méi einfach: Wat ass, wann der zwar laang Hoer hutt, an e Baart, mee Är Matmënschen am léifsten hutt, wann der guer net matkritt, datt si existéieren?

Et gëtt jo och d'Argument, datt d'Mënschheet de Gros vu senger Existenz klasselos organiséiert war. Éier d'Mënsche sesshaft goufe waren d'mënschlech Communautéiten nach esou kleng, datt se dat ouni gréisser Problemer konnten ëmsetzen.

De Problem ass awer komm, wéi mer bis sesshaft goufen, an aus den klengen Gruppe vu Jeeër a Sammler Zivilisatiounen a Staaten entstane sinn. Eng Organisatioun, an där bestëmmte Leit bestëmmte Rollen hunn, ass nu mol méi effikass, fir eng Stad oder e Staat ze managen. Mee wien Institutioun seet, seet quasi automatesch och Muecht. Quasi. Wann an der Theorie nämlech all Mënsch sech géif un d'Ideal vun der Anarchie halen, da kéint et theoretesch klappen, datt mer e Staatsapparat hunn, deen net op Muecht berout.

Quantitéit oder Qualitéit?

Et drängt sech dann awer och déi praktesch Fro op, ob d'Mënschheet dann de Liewensniveau hale kann, dee se huet. Well ech gesinn nämlech net, datt mer elo op emol all soen, ok, et war zwar flott, sou mat Internet, Massentransport an Atomenergie, mee mir ginn elo léiwer an eng Agrarkommune liewen a mer produzéieren elo just nach dat, wat mer brauchen.

Gutt, et kéint ee mir do virwerfen, datt ech ze vill pessimistesch sinn, oder net genuch Vertrauen an d'Mënschheet hunn, a mir et dofir net virstelle kann oder wëll.

Dat ka sinn. Mee voilà, ech hunn och den Thomas Hobbes oder de Machiavelli gelies, oder e puer Geschichtsbicher, an ech gesinn einfach net, wéi et op emol kéint sinn, datt all Mënsch ufänke géif, rationell ze handelen a sech guer net méi vun emotionellen Impulser leede géif loossen. Ech si lo net onbedéngt en anthropologesche Pessimist, wéi den Hobbes, mee ech sinn awer och net iwwerzeegt, datt mer iergendwann fräiwëlleg eis all mat der Hand huelen a ronderëm engem Lagerfeier zesumme Lidder sangen.

Schonn eleng well ech net gär sangen oder bei engem Lagerfeier setzen.

Realitéitsprinzip

Gutt, lo ass et jo och net esou, wéi wann den Avènement vun der klasseloser Gesellschaft esou imminent wier, datt d'Fro wierklech akut wier.

A vill Revolutioune passéieren och net, well d'Leit sech soen "Oh, hei, dat do ass eng interessant Iddi, komm mir setzen déi emol ëm", mee well si konkret Problemer hunn an decidéiert hunn, datt genuch genuch ass.

Gutt, dat hei soll awer och elo kee Plaidoyer dofir ginn, datt Revolutioune sënnlos sinn, oder datt ee sech net dofir sollt asëtzen, eng Situatioun ze verbesseren.

Mäi Fazit ass am Fong en total aneren. Et ass wuel éischter esou, datt wann de Räichtum an d'Privileegien anescht verdeelt wieren, datt da warscheinlech ganz vill Leit iwwerhaapt net wéilte Revolutioune starten. Bref, wann der wëllt un der Muecht bleiwen, dann hutt der Interêt dofir ze suergen, datt et deenen, iwwer déi der Muecht ausüübt, net ze vill schlecht geet.

Dat schéngt relativ aliichtend, dat hunn d'Réimer scho virun zwee Joerdausenden an d'Praxis ëmgesat - Brot und Spiele - dat dierft Iech nach e Begrëff sinn. Wann net, da kennt der vläicht déi modern Variant dovun, d'Entertainementindustrie. An trotzdeem schéngt et esou, wéi wann et awer ganz vill Machthaber weltwäit net verstanen hätten - oder et ass hinnen einfach vläicht egal, dat kann och sinn, well si sech net virstelle kënnen, datt de Status quo sech fir si ännere kéint. Vulgum pecus, an aner Virurteeler eben.

Bref, op där enger Säit hu mer da Weltverbesserer, deenen een naiven Idealismus virwerfen kann. Op där anerer Säit huet ee Machthaber, deenen een naiv Kuerzsiichtegkeet virwerfe muss.

De Realismus seet also, datt revolutionär Iddie vläicht guer net esou ëmsetzbar sinn, wéi se et schéngen. De Realismus seet awer och, datt op där anerer Säit anti-revolutionär Iddien, déi vu sech selwer behaapten, jo realistesch ze sinn, oder dem gesonde Mënscheverstand ze entspriechen, oder wat och ëmmer d'Leit fir Ausdréck wëlle benotze fir sech dovun ofzehalen, sech selwer misse kritesch ze hannerfroen, genee esou ënner engem Realitéitsdefizit leide kënnen.

Do kéint ee jo bal mengen, datt wa mer eis net ze vill op Ideologië konzentréieren, oder op d'Conservatioun vu Muechtverhältnisser, mee kucke géifen, konkret dorun ze schaffen, Liewenskonditiounen ze schafen, déi d'Würd vum Mënsch esou wäit wéi méiglech respektéieren - wat, mengen ech, absolut machbar ass an der Praxis - da musse weder déi eng nach déi aner Gewalt uwenden.

Soit, wann ech mengem 16-järegen Alter-Ego dat do géif soen, dee wär warscheinlech entsat, datt an där Visioun keng Molotow-Cocktailer virkommen. A mengem 19-järegen Alter Ego, dee grad dem Thomas Hobbes säi Pessimismus entdeckt hat, kënnt dat warscheinlech ze vill naiv vir.

Mee ech froen mech, op dat net am Endeffekt déi beschte Method ass, datt eng Revolutioun klappt, nämlech datt een esou handelt, datt am Endeffekt keng Revolutioun an de Stroosse passéieren muss. Fortschrëtt ouni Drama? Mee dat wär jo langweileg, nee?