An do gëtt et zu Lëtzebuerg d'Valorlux. D'Valorlux sammelt pro Joer tëscht 63.000 a 64.000 Tonne Verpackungen. Dovu mécht Glas de gréissten Deel aus. Duerno Pabeier a Kartrong, an duerno Plastik.
Weiderverwäertung an der Industrie
Nom Tri kommen déi Emballagen an d'Ausland fir recycléiert ze ginn. 90 Prozent dovun an engem Ëmkrees vun 130 Kilometer. Ënner anerem zu Mertzig, Verdun an Nanzeg.
Direkter vun der Valorlux ass de Claude Turping. Hien erkläert, datt een Deel vun de Verpackungen no der Opbereedung nees zréck op Lëtzebuerg.
"Do hu mir dann een Deel Industrie, vun dem Stol, dee geet zum Beispill op Déifferdeng an d'Stolwierk. Et geet e groussen Deel vun den transparente PET, dee kënnt op Käerjeng bei Plastipak, wou nei Fläschen draus gemaach ginn."
Déi blo Tuut: Fluch oder Seegen?
An Tëschenzäit kennt jiddereen déi blo Tuten, an déi ee mëttlerweil och praktesch all Zort vu Plastiks-Emballage kann dra maachen. Mee do geréit een awer och an en Däiwelskrees: mat de bloen Tute brauch ee kee schlecht Gewësse méi ze hunn, weider Plastik ze kafen. E gëtt jo recycléiert, an d'Industrie bezilt fir de Recyclage, fir rëm kënnen nei Emballagen ze produzéieren.
Et wier net d'Missioun vun der Valorlux, fir de Leit ze soen, wéi si akafe sollen, seet den Direkter Claude Turping, deen do awer trotzdeem wëll nuancéieren. Et wier zwar "geféierlech, dat haut ze soen", mee Plastik hätt och gutt Eegeschaften, seet de Claude Turping.
"Am Ëmgang mat Flëssegkeeten a fiichte Produiten huet de Plastik Virdeeler par Rapport zu Pabeier a Kartong. Plastik huet awer och de Virdeel par Rapport zum Glas, datt e liicht ass, also am Transport ee geréngeren Impakt huet, an datt déi Energie, déi ech muss drastieche fir en ze recycléieren, méi kleng ass."
Plastik kéint och plastesch gemaach ginn, fir datt en nees eng Kéier an eng nei Verpackung erkomme kéint. Plastik schmëlzt nämlech bei 300 Grad. Fir datt ee Glas kann aschmëlze muss een op 2.000 Grad goen. Ee ganz aneren Energie-Impakt, seet de Claude Turping.
Alternativen, déi nach méi schwéier ze recycléiere sinn?
Plastik ass dann ee Problem, wann en an der Natur lant, well en do e puer 100 Joer bleift.
Plastik, deen am Rescht-Offall lant, wier net méi problematesch, wéi aner Matièren, wann se verbrannt ginn, seet de Valorlux-Direkter. Plastik hätt do nämlech dee selwechte CO2-Foussofdrock wéi zum Beispill Kartrong a Pabeier, oder souguer organesch Offäll, erkläert de Claude Turping.
Den Trend, ëmmer méi Pabeier amplaz Plastik ze benotzen, ass fir hien eng falsch Rechnung. Vill Verpackungen, déi virdrun aus Plastik waren, wiere lo aus Pabéier oder Kartrong. Dorunner stéiert sech de Claude Turping awer e bëssen. Als Beispill nennt hien de Kartrongs-Kaffisbecher. Do ass nämlech nach ëmmer ee Plastiksfilm bannendran. Konsumente kënnen esou getäuscht ginn.
"Do mengt elo munche Konsument, dat wär elo der Ëmwelt eppes Guddes gedoen. Vum Bilan carbone mengen ech, éierlech gesot, awer net. Vun der Recyclabilitéit mat Sécherheet net. Sou Produite si schwéier ze recycléieren."
An dofir gëllt: De beschten Offall ass nach ëmmer deen, deen iwwerhaapt réischt net entsteet.