Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - The Fields

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prototyppen an der Linguistik

Kuriositéiten an der Lëtzebuerger Sprooch

Prototyppen an der Linguistik

Bei eis am Studio ass d'Linguistin Caroline Döhmer. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer Prototyppen.

auto_stories

4 min

Ech kenne Prototyppen aus der Autoindustrie, mee du erziels eis bestëmmt nees eppes iwwer Sprooch.

Bei eis am Zenter gëtt ëmmer geschmunzelt, well ech d'Wuert "prototypesch" zimmlech heefeg benotzen an eisen Diskussiounen. An dofir wollt ech dësem Wuert eng Kuriositéiten-Episod widmen! Bei Prototyppe geet ëm Konzepter, déi mer am Kapp hunn, wa mer u bestëmmt Objeten denken.

Wéi zum Beispill?

Ech soen dir lo beispillsweis, datt ech eng Taass geschenkt krut. A wann ech "Taass" soen, dann hues du e Konzept am Kapp, wéi esou eng prototypesch Taass ausgesäit. Se ass zimmlech sécher aus Porzeläin an huet eng Hänk.

Dat kënne mer lo mat belibegen Objeten duerchspillen. De Klassiker aus der Semantik ass de Modell mat de Vullen, also mat de Villercher. De Klassiker sinn d'Routbrëschtchen, d'Meesen an d'Màrelen, well mir dat an eise mëtteleuropäesche Regioune fir typesch Villecher halen. Éischter ongewéinlech wieren hei e Strauss oder e Pinguin. De klassesche Modell aus der Prototyppentheorie ass jo wéi gesot dee mat de Vullen: Et muss ee sech elo e Punkt an der Mëtt virstellen, deen de prototypesche Vull representéiert.

En ass relativ kleng, huet eng Tschip-tschip-Sangstëmm, ka fléien, huet e klenge spatze Schniewel an e méi oder manner faarwegt Fiederkleed. Vun dësem Punkt aus ginn elo Kreesser no baussen a jee nodeem wéi vill deen eenzele Villche mat dëse Mierkmoler verbonnen ass, steet et méi oder manner no beim Zentrum vun dësem Krees. Deemno wier d'Mees ganz no an der Mëtt an de Pinguin ganz baussen, well en net fléie kann an och säi Fiederkleed opfälleg anescht ass. Eilen an Inte wieren esou op de mëttlere Kreesser.

An ëmmer, wann een esou eppes seet wéi "dat do ass awer e komeschen Hond", wëllt een am Fong soen, datt en net ganz deem entsprécht, wat ee sech ënner engem Hond virstellt. Dat kann elo vum Behuelen hier oder och vun der Optik sinn. Mee seng Mierkmoler ginn awer nach duer, fir en als "Hond" ze identifizéieren an domat och ze klassifizéieren.

Mer brauche Klassifikatioun, fir datt eist Gehier déi Flut un Informatioune ka verschaffen an net alles nei bewäerte muss. An Tiräng ze denken, ass dofir e Grondmechanismus vun eisem Gehier.

Et ginn och Zaubertricker vun esou Mentalmagier, déi op der Prototyppentheorie opbauen. Also do kënnt dann de Magier a seet "Denkt alleguer un en Handwierksgeschier an un eng Faarf". Da waart hien a seet: "Madamm, denkt Dir un e rouden Hummer?" An da flippen d'Leit aus, well et genee dat war. Wow - hie ka Gedanke liesen!! Nee, hie benotzt Prototyppe vun engem Genre: den Hummer ass zimmlech prototypesch als Géigestand aus der Geschierkëscht a Rout ass eng ganz opfälleg prototypesch Faarf. Et voilà. De Magier muss am Fong just aschätze kënnen, wien esou Denkmuster benotzt an net grad un e mofe Schraufstack.

Lo vum rouden Hummer nach kuerz bei d'Grammaire, well och hei ginn et prototypesch Vertrieder vun enger Kategorie.

Ech hat schonn drop gewaart, du fënns ëmmer de Wee op e grammatesche Sujet!

Bei der Aarbecht um Lëtzebuerger Online Dictionnaire, spille Protoyppen zwou Rollen: mer hunn am LOD jo eng Rei Beispillssätz an do wëlle mer och ëmmer kucken, datt mer de prototypesche Gebrauch vun dësem Wuert an engem Saz erëmginn. Do sollen typesch Zesummenhäng stoen. Beim Verb "billen" erwaarden ech deemno e Saz mat engem Hond, obwuel Hyänen an Séihënn esou gesinn och "billen".

Deen anere Beräich sinn d'Wuertaarten: D'Fro ass ëmmer, wat huet déi meeschten Eegenschafte vun enger bestëmmter Kategorie? Beispillsweis bei der Wuertaarteklassifikatioun: "Leit" ass kee prototypescht Substantiv. Firwat? Well et e Pluraletantum ass, et huet also kee Singulier.

Oder en anere Fall: "Wäert(en)" ass kee prototypescht Futurhëllefsverb. Firwat? Well et kee richtegen Infinitiv huet an och am Gebrauch net just eng "temporal" Funktioun huet.

Mee wann et kee richtegt Hëllefsverb fir de Futur ass, wat ass et da soss?

Dozou méi an enger anerer Episod! Just kuerz: Eng aner Iwwerleeung wier, fir et als Modalverb ze klassifizéieren. An do muss ee kucken, wat dës Kategorie ausmécht, a wou dat Verb elo erapasst.

An da sëtzen ech an enger Reunioun a soen "Passt op, well "wäert" ass kee prototypescht Modalverb! An et huet eigentlech och kee richtegen Infinitiv. Dat ass eppes, wou meng Aarbechtskolleegen ëmmer laachen, well ech d'Wuert "prototypesch" anscheinend inflationär benotzen!

Jo, dee Saz hunn ech esou och nach ni héieren.

Mee elo nees e Lien zu der "richteger" Welt: Muer ass jo Vältesdag an do schenken d'Leit dacks eng prototypesch Blumm fir an de Bouquet: Rousen.

An dann och nach rouder, wéi den Hummer!

Jo, de Mënsch ass scho speziell a sengem Denken an Handelen!

Da soe mer dir merci a freeën eis op d'nächst Woch!

Merci och, bis geschwënn!