De Choix ass grouss fir an d'Vakanz. Bei méi wéi 120 Stänn a mat knapp 200 Experten aus der Tourismusbranche konnt ee sech iwwer seng nächst Rees informéieren. De Marché boomt, an och Länner déi un Attraktivitéit verluer haten, kommen erëm. Beispillsweis géifen dëst Joer erëm méi Leit an Ägypten, Tunesien oder an d'Tierkei reesen, soen d'Reesorganisateuren.
Verschidden Zorte vun Tourismus
D'Leit géife sech awer och verschidden Zorte vun Tourismus wënschen. Verschidde Reesorganisateuren hu sech op Pauschalreesen a Strand-Tourismus spezialiséiert. Anerer organiséieren Croisièren, um Floss an um Mier. Hei ginn et ënnerschiddlech Trends jee no Altersgrupp.
Déi verschidde Reesorganisateure si sech eens, datt an Zukunft méi en individuellen a perséinlechen Tourismus gefrot wäert sinn. Et wäert och en Tourismus zréck an d'Natur ginn, an Expeditioune wäerten un Attraktivitéit gewannen, mengt de Frank Linster, Direkter vu Voyages Flammang.
Géint Internetportaler ukommen
Et wier wichteg, sech géint déi grouss Internetportaler wieren ze kënnen, ënnersträicht d'LSAP-Staatssekretärin Francine Closener. Dofir géif de Staat déi eenzel Firmen och mat Formatiounen ënnerstëtzen. Si mengt awer, datt d'Betriber gutt op d'Digitaliséierung agestallt sinn.
Och déi verschidde Reesorganisateure maache sech keng Suergen ëm den Internet-Marché. Et wier ee gutt opgestallt, an et kéint ee mat aneren Atoute punkten. Ënner anerem géifen d'Cliente komplett op Lëtzebuergesch betreit ginn, an et kéint een och méi séier reagéieren, zum Beispill bei geopolitesche Konflikter, seet den Alberto Kunkel, Vizepresident vun Luxair Tours.