Radioen

On air

De Moien  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post vum Guy: Brasilien

Favela Morro São Carlos zu Rio de Janeiro

Post vum Guy: Brasilien

De Schrëftsteller Guy Helminger ass op Liesrees a Brasilien an huet zu Rio schonn am Taxi vum Fluchhafen an d'Stad déi éischt Diskussioun iwwer den neie President. Déi al Haaptstad huet e Problem mat Gewalt a Kriminellen, virun allem an den aarme Géigenden, de Favelas. Do soll opgeraumt ginn. Grond genuch sech esou eng Favela mol unzekucken, virun allem well do och nach e Lëtzebuerger e Foyer fir Kanner ënnerstëtzt.

auto_stories

5 min

Vun uewen aus dem Fliger huet Rio de Janeiro um fënnef Auer moies ausgesinn, wéi wa Lava géif fléissen. D'Stroosse ware vun engem matt glënneregen Orange an iwwerall dertëscht hu grell Luuchte gefonkelt, wéi wann et géif brennen. Mam Joao fueren ech Richtung Copacabana a sinn direkt an enger politescher Diskussioun. Hien ass en Unhänger vum Jair Bolsonaro, dem momentane President vu Brasilien, dee gären als Latino-Trump bezeechent gëtt, well e vu Klimaschutz näischt hält, den indigene Vëlker wëll d'Land streideg maachen, fir datt Konzerner do kënnen de Bësch ëmholzen, och well en de Militärputsch vun 1964, deen an d'Diktatur gefouert huet, wëll feieren, an net zimperlech ass, wann et ëm Schwuler oder och Frae geet.

Nee, nee seet de Joao, géint Fraen huet de President näischt, e mécht heiansdo mol e Witz, wéi dat beim Militär üblech ass. Hie kennt de Bolsonaro perséinlech, dofir steet hien och op sengem Facebook-Profilbild nieft dem President. Brasilien brauch eng staark Hand, seet de Joao. Mir erdrénken an der Kriminalitéit. Drogenhändler hu besser Waffe wéi d'Polizei, all Dag stierwe masseweis Leit. Ech wëll der jo keng Angscht maachen, mee d'Chancen hei iwwerfall ze ginn, si grouss.

Wou ech zu Johannesburg a Südafrika war, sote se mer och, et wier déi geféierlechst Stad vun der Welt, konteren ech. De Joao laacht: Jo, mir sinn ëmmer a Konkurrenz mat Johannesburg. Bis elo wëllt keen noginn.

Seng Fra a seng Kanner wieren net fir de President, mee deen hätt awer mat 11 Millioune Virsprong gewonnen an dat wier net näischt. Normalerweis géife bei Wahlen a Brasilien tëscht dem Éischten an dem Zweete just 3-4 Millioune leien. Dat mam Klimaschutz wier zwar an der Rei, awer ouni Industrie missten d'Brasilianer hannenno nach Blieder iessen, doru soll een och denken.

Dat engt Rio...

Dobaussen zéien déi éischt Favelas laanscht, déi riseg Quartiere vun deenen, déi net vill bis guer näischt verdéngen an déi 25 Prozent vun der Populatioun ausmaachen. Favelas ginn et zu Rio iwwerall. Och 300 Meter hannert mengem Hotel fänkt eng un, a schonn an de nächster Parallelstrooss leien eng Dose Sans-abris um Trottoir, schlofen oder fléie mat Hëllef vu Substanzen duerch en Dram.

A genau an esou enger Favela besichen ech zwou Stonnen drop e Projet vum Lëtzebuerger Patrick Godar. Bridderlech Deelen heescht d'Organisatioun an ënnerstëtzt net nëmme verschidden Amazonas-Stämm doran hiert Land ze verdeedegen, mee suergt och fir e Kannerfoyer an der Favela Morro São Carlos, déi vun Drogebande geréiert gëtt. Et geet drëms, de Kanner no der Schoul d'Méiglechkeet ze ginn, vun der Strooss erof ze sinn a se op en anert Liewe virzebereeden. Well oft sinn d'Eltere selwer Junkien oder setzen am Prisong. Wéi dem Zaid säi Papp, dee mat grad emol 28 Joer elo vir drëtt am Bing ass. Hien huet hei an der Favela 27 Kanner a këmmert sech ëm keent.

Wann ee vun der Haaptstrooss ofbéit vir eran an de Quartier, steet ënnen e Policeauto. E puer uerg bewaffent Poliziste stinn donieft. Eng Pro-forma-Präsenz. Well e bëssche méi wäit den Hiwwel erop sëtzen déi jonk Männer an aller Ëffentlechkeet mam Klabes an der Hand a kucken, wien do esou an hier Zon eran an eraus fiert. Dofir musse mir och mat de Fënsteren erof de Bierg erop, während aner jonk Männer eis um Motor entgéint kommen, eng Mitraillette op d'Hëft gestäipt. D'Concepção an de Marcos, déi fir Bridderlech Deele schaffen, weise mer d'Aschosslächer an de Maueren, erziele Geschichte vu Schéissereien, wéi déi, wou vun ënnen d'Police koum a vun uewe beschoss gouf an d'Concepção war matten dran, huet sech widder d'Mauer gedréckt an d'Äerm lénks a riets ausgestreckt a gewaart. Wou alles eriwwer war, koum ee vun der Drogeband a sot: Deng Christusfigur huet gehollef, du bass net getraff ginn.

Gott ass hei tatsächlech iwwerall - als Graffiti op den Haiser, als Hellegebild um Kalenner, als Käerz am Geschäft. Mee de Glawen ass géint Drogebande muechtlos. Zimlech uewe froen ech ee vun deene Kärele mat Revolver, ob ech e fotograféieren däerf. Hien huet näischt dogéint, seet dann, ech soll en Ablack waarden, hie géif nach eng Handgranat aus dem Haus huelen. 30 Sekonne méi spéit poséiert hie fir d'Kamera an ech kënnt wetten, e Kéipche wäisse Polver war grad am Gang säi Gehir duercherneen ze jummen.

... an dat anert Rio

De Mindestloun a Brasilien läit bei ca. 1.000 Real, also 250 Euro. Mee et gi genuch Leit hei, déi liewe vu 400 Real. Beim Marinete doheem steet am éischte Raum just e Campingsdësch an zwee Still, de Plafong ass delabréiert, d'Mauere blo ugestrach awer ouni e Bild oder Dekoratioun. Hannendrun ass e winzegt Schlofzëmmer fir dräi Leit. Säi Bouf vun 12 Joer, deen an enger kuerzer Box do steet, wou e Clavin Klein mat schwaarzer Tusch drop geschriwwen huet, huet ëmmer erëm Aggressiounsufäll an d'Mamm weist mer e ganze Kartrong Medikamenter. De Marcos vu Bridderlech Deele versicht de Jong an de Foyer ze kréien, mee dee wëllt net esou richteg a kënnt nëmmen heiansdo. Dofir sinn awer vill aner Kanner do, kréie gekacht: Räis mat schwaarze Bounen, Poulet an Ënnereien, eng Spezialitéit aus dem Nordweste vum Land. An engem anere Raum halen déi ganz Kléng grad Mëttesrascht. Uewen am Foyer gëtt et eng Plaz fir Capoeira ze üben, e brasilianesche Kampfdanz an e Computerraum. Op meng Fro, ob keen déi Computere klaut, ass d'Äntwert. D'Favela ass an deem Punkt méi sécher, wéi d'Géigenden, wou Goudron op de Stroosse läit. Hei bezilt ee fir de Schutz. Net direkt an oppen, awer d'Elektresch, wat vun de Leitungen ofgezaapt gëtt, ass zum Beispill e bëssche méi deier oder de Gas. Deen deen hei eppes géif klauen, wier den aneren Dag dout. Iwwregens hat ech scho viru menger Rees eng App geschéckt kritt, déi all d'Schéissereien zu Rio notéiert a warnt, wou et grad net gënschteg ass fir seng Nues eran ze stiechen. Mee et gëtt natierlech och dat anert Rio. Owes liesen ech am Goethe-Institut. Et gëtt diskutéiert a brasilianesch Amuse-Gueulen an néirens e Revolver...