Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muss een ëmmer alles politesch korrekt formuléieren?

Prisma

Muss een ëmmer alles politesch korrekt formuléieren?

Wéini ass eng Sprooch beleidegend a wéini verletz se? Wann ech am Restaurant een Zigeinerschnitzel bestellen, sinn ech dann direkt ee Rassist? An de Radiospriecher, dee säi Bäitrag net gender-gerecht formuléiert, huet dee vläicht ee chauvinistesche Problem mat de Fraen? D'Debatt iwwer eng Political Correctness an der Sprooch weist, wéi ënnerschiddlech d'Meenungen zu dësem Thema sinn. Wat seet d'Philosophie heizou? En puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock / PathDoc

Mat der Fro, ob et sënnvoll ass, an eiser Sprooch ëmmer politesch korrekt ze sinn, hätt ech scho géint déi politesch Korrektheet verstouss, well ech eis weiblech Nolauschterinnen net benannt hunn; meng Formuléierung also net gender-gerecht war. Lo kann et natierlech sinn, datt ech mir dobäi näischt Béises geduecht hunn, an datt de Gros vun de männlechen an och weiblechen NolauschterInnen dëse Lapsus emol net an Uecht geholl huet. An awer kéint déi eng oder anerer Persoun sech duerch mäin ongeneeë Sproochgebrauch gestéiert oder verletzt fillen.

Dëst Beispill steet exemplaresch fir déi ëmmer nach aktuell Debatt iwwer political correctness. Domat ass an eisem Kontext gemengt, datt een a sengem Sproochgebrauch op Formuléierunge verzicht, déi eng Diskriminatioun vu Mënschen duerstellt, bezunn op hiert Geschlecht, hir Ethnie, hiren Alter a sexuell Orientéierung.

Déi éischt Fro, déi sech elo stellt, ass op et iwwerhaapt schlëmm ass, wann ee sech net un dës politesch Korrektheet hält. Wann ech am Restaurant een "Zigeinerschnitzel" bestellen, heescht dat dann, datt ech eppes géint Sinti a Roma hunn? Oder wann ech als Politiker ëffentlech soen, datt eis Poliziste "rosa Tütüe" solle kréien, fir datt hir Uniforme besser bei déi nei - méi faarweg - Autoe passen; ass da meng Allusioun op d'Homosexualitéit (well ëmmerhin huet all Homosexuellen ee rosa Tütü un) diskriminatoresch géigeniwwer der LGBT-Communautéit, der Police u sech, hiren Autoen oder handelt et sech iwwerhaapt guer net ëm eng diskriminéierend Ausso?

Vertrieder vun der politescher Korrektheet ...

D'Vertrieder vun der politescher Korrektheet hu mat béide Beispiller ee Problem. Fir si hänkt d'Sprooch nämlech enk mat der sozialer a politescher Welt zesummen. D'Sprooch, esou hiert Argument, stellt een Instrument duer, wat souwuel politesch, kulturell a sozial Realitéite konsolidéiert. An dësem Kontext ass d'Sprooch dann och ëmmer performativ, d. h. andeems mir schwätzen, handele mir och ëmmer; an dës Sproochhandlungen hunn ganz reell Implicatiounen. A wann ech "Zigeinerschnitzel" soen, oder iergendeppes als "schwul" bezeechnen, nëmme well iergendeppes mir perséinlech net an de Krom passt; jo dann handelen ech mat menge Wierder diskriminatoresch a verletzend géintiwwer Aneren. Fir Ongerechtegkeeten an aner Ënnerdréckungsmechanismen ze ënnerbannen, muss de Sproochgebrauch deemno politesch korrekt sinn. Dëst geschitt, andeems een d'Sprooch gerecht gendert, oder awer Wierder duerch aner Wierder oder esouguer nei erfonnte Wierder ersetzt, déi net als ofwäertend kënnen opgefaasst ginn.

an d'Géigner vun der politesch korrekter Sprooch

D'Géigner vun enger politesch korrekter Sprooch rëselen no dësen Ausféierunge wahrscheinlech de Kapp. Eng jett Argumenter schwätzen nämlech géint den dacks iwwergäizegen Effort, d'Sprooch méi korrekt ze maachen. Hei just zwee Gedanken:

Éischtens, féiert d'politcal correctness dacks dozou, datt eng verständlech Kommunikatioun bal net méi méiglech ass. Wann een am Däitschen den Indefinitpronomen "man" genderneutral ersetzt duerch "Mensch", da kann all Normalstierfleche sécherlech nach domadder liewen, mee wann ee beispillsweis ufänkt d'Substantiver "Mamm" a "Papp" ze ersetzen duerch "Elterendeel Nummer 1" an "Elterendeel Nummer 2", da kann ee schonn e bësse genervt sinn an engem normale Gespréich. Dës Kritik géint d'Efforte vun de politesch Korrekte gëtt ganz dacks vu sougenannte Pragmatisten an d'Feld geféiert: Fir si besteet déi éischt (a vläicht wichtegst) Funktioun vun der Sprooch doran, sech ze verstännegen a wann ëmmer dës Verstännegung gestéiert oder ganz onméiglech gemaach gëtt, da muss dorops verzicht ginn. Zouginn, dëst Argument schéngt dach relativ schwaach ze sinn, mee et huet och ënner enger philosophescher Perspektiv seng Relevanz: De Philosoph, deem et ëm Erkenntnis geet, brauch a sengem Beruff kloer an eendeiteg Begrëffer, déi semantesch präzis Iddien transportéieren. Elo ass et awer esou, datt et och an der Philosophie heiansdo einfach nëmme besser ass, d'Wuert "Mann" ze benotzen, wann domat eng männlech Persoun gemengt ass, an net z. B. ëmmer vu "mënschlechem Liewewiese mat engem Penis" ze schwätzen. Virun allem och dowéinst, well dës scheinbar méi präzis Formuléierung erëm alles anescht wéi politesch korrekt ass, well de "Penis" net onbedéngt als männleche Bestëmmungskritär ka gesi ginn: schwätze mir elo vun engem sozial konstruéierte Penis oder engem biologesche Penis? A wat ass, wann et Individue gëtt, déi guer kee Penis hunn, a sech trotzdeem als "männlech" identifizéieren?

Zweetens - vläicht dat wichtegst Géigenargument - läit doranner, datt een dovun ausgeet, datt dës politesch Korrektheet ee fundamentalen Agrëff an d'Meenungsfräiheet duerstellt. An datt zousätzlech dësen Agrëff jo vun iergendwou hierkënnt; nämlech vun enger politescher Klass, déi eng bestëmmten Agenda huet, an d'Sprooch dofir benotzt, fir hinne feindlech gesënnten Iddien an Iwwerzeegunge vu vir eran onméiglech, dat onspriechbar ze maachen. Wien dem George Orwell säin "1984" gelies huet, weess, wat hei gemengt ass.

Dëst Argument huet seng Berechtegung: Wann och ëmmer eng politesch Korrektheet an der Sprooch fir ideologesch oder net-linguistesch Ziler instrumentaliséiert gëtt, da musse bei eis alleguerten d'Alarmsireenen ugoen. De Problem ass allerdéngs, datt dëst Argument gréisstendeels vu Leit an d'Spill bruecht gëtt, déi mat hirem als normal empfonnte Sproochgebrauch guer net un der Meenungsfräiheet interesséiert sinn, mee dëse just bäibehale wëlle fir ongerechtfäerdegt Viruerteeler weider ze transportéieren. Ee radikaalt Beispill: Et ass onsënneg der political correctness een Agrëff an d'Meenungsfräiheet virzegeheien, wann ee selwer zum Beispill fir "refugié" oder op Englesch "refugee", dee méi wéi bedenklechen Terminus "rape-fugee" benotzt.

Wat fir eng Säit weit méi aus philosophescher Siicht?

Wann dat, wat de Wittgenstein sot, stëmmt - a villes deit dorops hin datt eppes drun ass - datt, wann d'Grenze vu menger Sprooch och d'Grenze vu menger Welt duerstellen, da schéngt et wichteg ze sinn, eng esou präzis wéi méiglech Sprooch ze verwenden. Een epistemologesche Progrès ass nëmmen da realiséierbar, wann och eis Sprooch esou mann wéi méiglech logesch an argumentativ Verwässerungen zouléisst. Op pejorativ Begrëffer wier deemno ze verzichten, well hei ëmmer schonn eng semantesch Qualitéit "matgeschwat" gëtt, déi engem kloren Erkennteszouwuess entgéintsteet.

Och fir de Moralphilosoph oder Ethiker gëtt et kee Grond fir sech net ëm eng politesch korrekt Sprooch ze beméien, an zwar dowéinst, well et kee wierkleche Grond gëtt, ongerecht ze handelen. Dëst geet iwwer déi gängeg Gespréichsebene eraus: Als Beispill verléiert d'Wuert "Schwuchtel" net säin zu déifst beleidegenden Effekt nëmme well de Spriecher an Nolauschterer dëst Wuert net als Beleidegung opgefaasst hunn. D'Ofwäertung, an deemno d'Herrschaft iwwer bestëmmte Mënsche mat Wierder, hält net domadder op, datt mir als Spriecher a Spriecherinnen nëmme gutt Intentioune verfollegen.

An zu gudder Lescht, de Pragmatist, dee virdrun als Kritiker vun enger politescher Korrektheet virgestallt gouf, wäert ironescherweis trotz allem éischter dozou tendéieren, eng éischter politesch korrekt Sproch ze benotzen. Dëst well hien erkannt huet, datt d'Alternativ heizou, nämlech déi "normal" Sprooch, ouni linguistesch Fisematenten, guer net esou "normal" ass an duerch hir hegemonial Semantiken dann och net dozou bäidréit, datt eng Kommunikatioun méi kloer a verständlech gëtt. Verständlech a sënnvoll wier dës Sprooch nëmme fir eng speziell Grupp vu Leit, nämlech déi, déi mat enger diskriminatorescher Sprooch souwisou schonn ënner sech schwätzen an iwwerhaapt guer keen Interessi dorunner hunn, datt si vun Aneschtdenkende verstane ginn. Esou eng Kommunikatioun, dat muss och de Pragmatiker agesinn, ass den Numm wahrscheinlech net wäert an der Sprooch an hirer Funktioun net würdeg.