Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrimoine: Wat solle mir retten?

Prisma

Patrimoine: Wat solle mir retten?

Net all Mënsch fënnt déi selwecht Saache wichteg, a beim Patrimoine ass et net anescht. Wat eng Gesellschaft als erhalenswäert unerkennt a wat net, weist, wei déi Gesellschaft sech selwer wouerhëlt. An et werft d'Fro op, wei déi Gesellschaft mat hirem Patrimoine ëmgoe soll. De Philosoph Thomas Koenig iwwerleet, wéi een op déi Froen äntwere kann an proposéiert dobäi - vläicht e bëssen ironesch - e puer Milliarden an d'Restauratioun vun der Festung ze investéieren.

auto_stories

8 min

Thomas Koenig

Ech hat grad eng genial Iddi. Mir bauen d'Festung erëm op. Fir d'Kulturjoer 1995 war jo scho villes erëm a Stand gesat ginn, ma da si mer elo konsequent, a maachen dem Job fäerdeg. Mir kënne jo mol mam Kierchbierg ufänken. De Fort Thünge gëtt erëm opgeriicht. Nee, dat wat am Moment steet, ass net de Fort selwer, mee just seng Redoute. De Fort läit ënnert dem MUDAM. Ergo, de MUDAM muss fort!

An dann baue mer och nach déi zwee Nopesch-Forten erëm op, de Fort Obergrünewald gëtt erëm wehrtüchteg gemaach, an den Niedergrünewald gëtt och erëm opgebaut. Dat heescht awer, datt d'Rout Bréck fort muss, an den Arrêt Pont Rouge och! Den Tram baue mer dann zu engem Metro ëm, deen ënnert de Befestegunge fiert. Dat ass vill méi flott, an dat wieren dann déi éischt Schrëtt, vir Lëtzebuerg erëm als Militär-Muecht z'etabléieren.

Dräi Argumenter

Meng Argumenter sinn dräifach! Als éischt wär de pädagogesche Wäert vun der ganzer Entreprise. Mir kéinten dann direkt, um eegene Leif matkréien, wei déi intakt Festung ausgesinn huet, an duerch experimentell Archeologie kéint een da vläicht nach e puer interessant Fakten iwwert d'Liewe vun enger Festungsgarnisoun fannen. Et si jo an deene leschte Joer vill Spuere vun de franséische Belagerunge vun 1684 a vun 1794/1795 am Ëmkrees vun der Stad fonnt ginn. Wat hält eis dann dovun of, och innerhalb vun der Festung d'Spuresich méi wäit ze dreiwen?

Zweetens wär de finanzielle Volet. Déi ganz Aarbechte wäre jo eng perfekt Geleeënheet, fir d'Bau-Firmen ze beschäftegen. An et kéint een dono och Leit astellen, déi am Epochen-Kostüm duerch d'Festung lafen an d'Touriste renseignéiere kéinten.

An, last but not least, den Verdeedegungsfaktor. Wann alles schif geet, d'EU zerfale sollt, an d'NATO och, an Europa erëm an en donkelt Zäitalter verfält wei deemools nom Ënnergang vum réimesche Räich...jo, dann hätte mer wéinstens en Usaz vun enger Chance, fir eis ze verdeedegen!

Net iwwerzeegt?

Voilà. Dir sidd net iwwerzeegt, mengen ech. Dir hutt och net onbedéngt Onrecht. Mee do hunn ech Iech genau do wou ech Iech hunn wollt. Fir mir nämlech kënnen z'erklären, wisou mer d'Festung net erëm opbauen, musst Dir als éischt och emol eng ganz aner Saach erklären. An zwar, wéi mir decidéieren, wat an de Patrimoine kënnt, an dann erhale gëtt.

Wéi eng Kritäre ginn dofir geholl? Wéi bestëmme mir, wat wichteg ass, a wat ewech kann? Oder wéi wäit mir an der Restauratioun vun eisem Patrimoine solle goen?

Bei der Festung stellt sech d'Fro elo net wierklech, ech mengen, et wier vill ze deier, an de kulturelle Mehrwert rechtfäerdegt et och net, datt mir e puer Milliarde Steiergelder a meng Fantasie investéieren. A ville Leit ass d'Rout Bréck vläicht méi wichteg als Wahrzeeche vun eiser Stad wéi eng funktionell Festung.

Konservéieren, net restauréieren

Et gëtt awer Situatiounen, wou déi Fro vill manner aus der Loft gegraff ass. Zu Lëtzebuerg gëllt, datt mir eis Ruinen net erëm restauréieren, mee se konservéieren. Dat heescht, datt esou Sitte wéi d'Ville vun Iechternach oder Nouspelt net däerfen erëm esou opgebaut ginn, datt se ausgesi wéi nei.

Dat gesäit da manner impressionnant aus, wéi eng bestëmmte Villa, e puer Kilometer vun Réimesch ewech am Nopeschland. Mee och do gëllen déi selwecht Regelen. Déi Villa, déi een do besiche kann, ass am Fong eng Kopie, déi nieft dem Original erbaut gouf.

A wéi engem Zoustand?

A Groussbritannien hu se déi Regelen net. Do kann ee Ruinen erëm opbauen. Sou kann een zum Beispill bei Newcastle op Wall's End goen. Déi Uertschaft, wéi den Numm et seet, war um Wupp vum Hadrian senger Wall, an do ass eng ganz Paart erëm opgebaut ginn. Oder, e bësse méi südlech, zu Warwick, ass d'Buerg zu enger Zort historeschem Vergnügungspark ëmgebaut ginn. Et ass vill méi imposant, wéi wann der zum Beispill zu Duelem d'Iwwerreschter vum Vicus oder vum Theater kucke gitt, mee dofir sinn awer dann Honnerte vun opgedréinten Touristen mat Kanner do. Dat mécht déi ganz Erfarung da schonn éischter zur Qual.

D'Fro ass also net just wat Patrimoine ass, mee och a wéi engem Zoustand et soll erhale bleiwen.

Wat kënnt an de Musée?

Wat an de Musée kënnt, oder op d'Lescht vun de Monumenter, dat hänkt dovun of, wat eng Gesellschaft als deementspriechend ugesäit. Eng al chinesesch Statue kënnt wuel an de Musée, de Plastik-Equivalent, deen ee virum Restaurant fënnt, wuel net. Mee op alle Fall kënne mer mengen ech festhalen, datt d 'Entscheedung, eppes op eng Patrimoine-Lescht ze setzen, net absolut objektiv ass. Et ass oft de Spigel vum Selbstbild vun enger Gesellschaft. Mir gesi Lëtzebuerg jo gären an oft als Produkt vun enger Geschicht, déi 963 ugefaangen huet, a sech iergendwéi duerch d'Méandere vun der Zäit bis an d'Joer 2018 gehalen huet.

Mee huele mer emol eng Jupiter-Statue, déi zu Duelem fonnt gouf. D'Fransousen hunn d'Statue kaf, déi steet elo am Louvre. A spéider ass der Statue hiren Daum fonnt ginn, dee kann een am Geschichtsmusée um Fëschmaart bewonneren. Wiem gehéiert awer elo déi Statue, Patrimoine-theoretesch gesinn? Si huet näischt mat Frankräich ze dinn, oder mat Lëtzebuerg, mee mat de Réimer. An mir gesinn eis jo net wierklech als Nokomme vum Romulus a vum Remus, och wann d'Réimer eng länger Zäit emol hei ugesidelt waren. Kéint een net och behaapten, d'Fransouse missten eis déi Statue restituéieren, genau sou wéi verschidden Obelisken och vun deene Länner reklaméiert ginn, an deene si fonnt gi sinn. Wéi een Usproch hu mir awer als Staat aus der Moderne op Artefakten aus der Antik?

Eise Patrimoine

Dir gesitt, eise Patrimoine ass eisen, well mir en als Solcht gesinn. A wat mir haut als eise Patrimoine ugesinn, dat ass nach ganz vill beaflosst vun deem Bild, dat duerch den Nationalismus am 19. an am 20. Joerhonnert entworf ginn ass.

An d'Attributer vun enger Natioun si jo en Territoire, op deem ee bestëmmt Vollek lieft. Wann déi Statue also op lëtzebuergeschem Hoheitsterritoire fonnt gouf, da gehéiert se dach zu lëtzebuergeschem Patrimoine, nee?

An, fir nach e bëssen Ueleg op d'Flame vun den aktuellen Diskussioune ronderëm eis Sproch ze schëdden: Et ass méi laang Latäin hei geschwat gi wéi Lëtzebuergesch. Kulturell ware mir also méi laang Réimer, wéi mer elo en onofhängegt Land sinn. Wier et do net méi konsequent oder, aus der Siicht vum Patrimoine, méi gerechtfäerdegt, als offiziell Sproch Latäin ze huelen? Dat war jo och emol d'lingua franca vun engem groussen Deel vun Europa.

Ech stellen déi Fro do och einfach emol an de Raum, e bëssen provokativ, genau esou wei meng initial Fro zur Restauratioun vun der Festung, a kommen zréck zum Patrimoine.

Dat Wichtegt ännert mat der Zäit

Dat, wat mer an de Patrimoine ophuelen, hänkt also wéi gesot dovun of, wéi mir eis selwer gesinn, an wat fir eis wichteg ass. An dat, wat eng Gesellschaft zu engem bestëmmte Moment als wäertvoll ugesäit, ännert mat der Zäit. Wee weess, ob an 2.000 Joer nach iergendeen vum bloen Elch schwätzt, oder vun eiser Festung.

Wa mir déi oppen, multikulturell Gesellschaft sinn, als déi mer eis gäre presentéieren, da kënne mir eis jo schlecht just dem Nationalismus oder iergendenger Leetkultur higinn a musse vläicht eise Bezuch zu eisem Patrimoine emol iwwerdenken. Musse mer dann elo op all Form vu Patrimoine verzichten?

Virtuell Patrimoine

Net onbedéngt. Amplaz just bestëmmte Saachen ze erhalen, kënne mer jo haut och einfach alles erhalen. Dank modernster Technik kenne mer Saachen oder Platze scannen oder erëm opbauen, an dann ass eng virtuell Visite duerch en Musée oder duerch d'Festung, wei se virun 200 Joer war, absolut guer kee Problem méi. Dat gëtt et jo schonn. Et kann een esouguer augmented reality erschafen. Loosst Iech dat emol duerch de Kapp goen, deen Ausdrock. Augmentéiert Realitéit. Wann der z.B. an enger Ruin stitt, huelt der ären Handy raus, oder kuckt op enger interaktiver Tafel, déi dofir virgesinn ass, a gesitt, wei d'Ruin emol ausgesinn huet, wéi se nach keng Ruin war.

Sou eng virtuell Restauratioun ass jo och net esou deier wei eng reell. Do kéint ee esouguer menger Propositioun, d'Festung erëm opzebauen, nokommen, ouni den Tram an d'Rout Bréck ofzebauen.

D'Realitéit inspiréiert méi

Woubäi: Patrimoine ass jo net just eppes, wat een am Musée soll bestaunen an passiv soll wouerhuelen. E Musée ass jo, wéi den Numm et seet, eng Plaz, déi de Muséeë gewidmet ass. An d'Muséeë sinn d'Gëttinne vun der Inspiratioun. Wei inspiréierend kann esou eng virtuell Realitéit sinn, am Verglach zu der net-virtueller, also der reeller Realitéit? Als klengt Kand sinn ech zu London am Imperial War Museum duerch eng rekonstituéiert Tranchée vum Éischte Weltkrich getrëppelt.

Et war impressionnant, sécher, mee et ass awer näischt am Verglach dozou, wann der zu Verdun an engem Granatekrater stitt, oder zu Passchendaele an enger rekonstituéierter Tranchée, am Wanter, an der Keelt an am Reen, mat engem hallwe Liter Bulli am angeblech waasserdichte Schong. Ech kann zwar nëmme fir mech schwätzen, mee wann der op der Platz selwer sidd, sief et elo Langemark, Ypres, dem Tyne Cot Kierfecht, dat ass eng ganz aner Erfarung wéi eng virtuell Visite. An ech denken, de Wenzelstour ze Fouss ze maachen ass als Erfarung och méi prägnant, wei wann der en um Computer via Google Earth ënnerhëlt.

Vergiesse mer also emol provisoresch d'Fro, ob mer d'Festung erëm opbaue sollen, a stellen eis déi méi fundamental Fro: Firwat? Firwat gesi mir déi eng Saach als en Deel vun eisem Patrimoine un, an eng aner net? An, wann mer nach en Schrëtt méi wäit ginn, musse mer och d'Fro stellen: Wat seet dat iwwert eis aus?