Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Richard Swift - Broken Finger Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Online Suchtberodung

Gesondheet

Online Suchtberodung

D'Jugend- an Drogenhëllef, Impuls an de Centre de Prévention des Toxicomanies hunn zesummen d'App Suchtberodung Online entwéckelt, an där een Infoen zum Drogekonsum kritt an online mat engem Beroder a Kontakt komme kann.

auto_stories

2 min

Déi Applikatioun (iOS, Android) huet verschidde Funktiounen, et kann ee sech iwwer sechs verschidde Substanzen informéieren: Alkohol, Cannabis, Heroin, Kokain, Tubak an nei psychoaktiv Substanzen, also Designer Drogen. An Zukunft sollen do awer nach weider Substanzen dobäi kommen, an do wéilt ee geziilt op Ureegunge reagéieren, seet de Günter Biwersi, Directeur Adjoint vun der Jugend- an Drogenhëllef. Zum Beispill hätt ee bis elo schonn Ufroen zu Spill- oder Sexsucht kritt.

Soss kann een an der App och nach e Selbsttest maachen, bei deem duerch e puer Froen, déi een anonym beäntwerte kann, den Ausmooss vu sengem Alkohol- an Drogekonsum bewäert gëtt, also op deen nach responsabel Ausmoossen huet, oder ob dee muss reduzéiert ginn.

Donieft bitt d'App Suchtberodung Online och d'Méiglechkeet mat engem Beroder a Kontakt ze kommen, fir esou entweder Informatiounen oder Hëllef ze kréien. Bannent 48 Stonne soll een do eng Äntwert hunn.

Mëtt vum nächste Joer wëlle sech Jugend- an Drogenhëllef, Impuls, de Centre de Préventions des Toxicomanies an d'Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, déi de Projet finanziell ënnerstëtzen, zesummesetzen an e Fazit vun den éischte Méint zéien.

Wou Dir d'App Suchtberodung Online fannt, kënnt Dir um Internet ënner www.suchtberodungonline.lu noliesen.