Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ One

Zäithistoriker

One

Mir liewen zu Conflans-Saint-Honorine, zu Medvezhegorsk, zu Addis Abeba, zu Bagdad, zu Medellin an enger Welt, an där Idealer wéi Fräiheet a Gerechtegkeet mat Féiss getrëppelt ginn, mee Bierger a Biergerinnen ëmmer nees de Courage hu sech dofir anzesetzen.

auto_stories

6 min

Den Zäithistoriker Denis Scuto. Foto: Archiv

"One". Dat Lidd vu U2 ass gelaf um Ufank vun der Cérémonie d'hommage national fir de Samuel Paty an der Sorbonne e Mëttwoch. "One life with each other/Sisters, brothers." One life, one world ... Erlaabt mer dofir haut an dëser Chronik drun ze erënneren, wéi an der Welt vun haut Historiker a Geschichtsenseignanten net nëmmen Zensur an Droungen, mee souguer Gewalt bis zum Mord ausgesat sinn. Just well si e kritesche Bléck op d'Geschicht werfen a vermëttelen. Oder well si d'Manipulatioun vun der Geschicht zu politeschen Zwecker opdecken.

De Geschichts- a Geographieprofesser Samuel Paty (1973-2020) ass dee fënneften Historiker, deen 2020 bannen aacht Méint ëmbruecht gouf, well hie säi Metier ausgeüübt huet, wéi den hollänneschen Internetsite Network of concerned historians matdeelt. Ë. a. besteet dëse Metier dora Schüler a Schülerinnen ze hëllefe kritescht Denken ze entwéckelen a kontrovers Froen aus verschiddene Perspektiven ze betruechten, an engem Geescht vu géigesäitegem Respekt a Versteesdemech.

De Fall vum Sergei Koltyrin

De russeschen Historiker Sergei Koltyrin (1953-2020) war zanter 1991 Direkter vum Bezierksmusée vu Medvezhegorsk am russesche Karelien, Regioun un der Grenz mat Finnland. Hie war och Member vun der ONG Memorial, déi versicht d'Repressioun an der Sowjetzäit historesch opzeschaffen, wärend de russesche President Wladimir Putin alles mécht fir d'Verbriechen aus där Zäit ënner den Teppech ze kieren. Hie gouf den 2. Oktober 2018 verhaft, well hie sech ëffentlech géint d'Geschichtsfälschung vun de russeschen Autoritéiten gewiert huet.

D'Geschicht vun de Massegriewer vun den Affer vum stalinisteschen Terror an den 1930er Joren, geschate 40.000 eleng a Karelien, däerf dem Putin no net méi erzielt ginn. De Koltyrin gouf, wéi am Fall vum Historiker Yuri Dmitrijew, anere kriteschen Historiker vun der ONG Memorial, deen am Abrëll dëst Joer zu dräi an en hallef Joer Haft verurteelt gouf, wéinst erfonnte sexuellen Delikter an engem Prozess ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet an ouni onofhängege Rechtsbäistand zu néng Joer Prisong mat Zwangsaarbecht verurteelt.

Den 2. Abrëll 2020 ass de Koltyrin am Spidolsgefängnis un engem net traitéierte Kriibsleide gestuerwen. De 4. Mäerz 2020 hat e Geriicht zu Medvezhegorsk seng Fräiloossung aus humanitäre Grënn ugeuerdent. D'Geriicht hat d'Verschlechterung vun sengem Gesondheetszoustand festgestallt an argumentéiert, datt et him misst erlaabt gi viru sengem Doud seng Famill ze gesinn. Mee d'Staatsanwaltschaft war géint dem Riichter seng Entscheedung an Appell gaangen, an de Koltyrin ass gestuerwen éier dës Beruffung opgehuewe gouf. Wéinst der Covid-19-Pandemie gouf et senger Famill net erlaabt um Begriefnes deelzehuelen.

De Fall vum Oromo-Vollek Hachalu Hundessa

Den äthiopesche Museker vum Oromo-Vollek Hachalu Hundessa (1986-2020) gouf an Äthiopien an a ganz Afrika bekannt wéinst senge politesche Lidder, déi dacks vun der äthiopescher Geschicht inspiréiert waren. Mat der Geschicht huet hien sech gewiert géint d'Verdreiwung vun Oromo aus der Géigend ronderëm d'Haaptstad Addis Abeba am Joer 2015. A senge Lidder huet hien drun erënnert, datt Addis Abeba d'Heemecht vum Tulama-Clan vun den Oromo war, éier de Ras Makonnen, Papp vum Haile Selassie, dem leschte Keeser vun Äthiopien, a Gouverneur ënner dem deemolege Keeser Menelik II. d'Oromo 1886 aus der deemools neier Haaptstad verdriwwen hat.

Am Juni dëst Joer hat hien d'Unhänger vum fréiere Keeser veriergert, wéi hien de Menelik II. beschëllegt huet d'Päerd vun den Oromo um Enn vum 19. Joerhonnert geklaut ze hunn. Doropshi krut hie Morddroungen. De 29. Juni 2020 gouf den Hachalu Hundessa op oppener Strooss erschoss. Seng Ermuerdung huet zu nationale Protester geféiert.

De Fall vum Hisham al-Hashimi

Den Hisham al-Hashimi (1973-2020) war en irakeschen Historiker a Fuerscher am Beräich vun der militärescher Sécherheet a Strategie souwéi extremistesche Gruppen. Hien huet zu de weltwäit féierenden Experte vun de Recherchen iwwer den Islamesche Staat an Al-Qaida am Irak gehéiert. Hien huet der irakescher Regierung bei der Terrorismusbekämpfung gehollef an internationale Medien Informatiounen iwwer den interne Fonctionnement vum IS an Al-Qaida ginn. Hien huet och Recherchë gemaach iwwer de syreschen islameschen Historiker an Expert vum Prophet Mohammed aus dem 14. Joerhonnert Al-Dhababi.

Den Hashimi war schonn en Affer vun der Repressioun ënner dem Saddam-Hussein-Regimm, deen hien zu enger laanger Prisongsstrof verurteelt hat. Hie gouf de 6. Juli 2020 viru sengem Haus zu Bagdad erschoss. Verdächtegt gi Milizen vum Kataib Hezbollah, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn. De Mord um Hashimi huet zu nationale Protester am Irak a vun der internationaler Gemeinschaft geféiert.

De Fall vum Campo Elias Galindo Alvarez

De Campo Elias Galindo Alvarez, (1951-2020) war en emeritéierte Professer vun der Nationaler Universitéit vu Kolumbien zu Medellin, wou hie Geschicht an och Urbanismus enseignéiert huet. Hie war och Dozent un der Uni vun Antiochia a Fuerscher um Zentrum fir latäinamerikanesch a karibesch Studien. Bekannt war hien doriwwer eraus wéinst sengem onermiddlechen Asaz fir sozial Gläichheet. D'Gewerkschaft vum ëffentlechen Déngscht erënnert esou un hire Member: "De Professer Galindo huet mat sengem Beispill vu geliefter Geschicht eng Generatioun erzunn: militant, Verdeedeger vun der Ëffentlechkeet, rebellesch géint all sozial Ongläichheet a virun allem en Undreiwer vum Changement."

Den 1. Oktober 2020 gouf de Professer Galindo Alvarez a senger Wunneng erstach.

De Fall vum Samuel Paty

Erstach a gekäppt gouf de Samuel Paty de 16. Oktober 2020 bei sengem Collège zu Conflans-Saint-Honorine vun engem 18 Joer jonken Tschetschen, dee schonn zanter sechs Méint dschihadistesch Videoen um Internet gepost a sech an engem islamistesche Sportzenter zu Toulouse op säin Akt virbereet huet. Ermort well dësen Enseignant an engem Cours d'enseignement moral et civique iwwer Meenungsfräiheet Karikature vum Prophet Mohammed gewisen hat, déi Charlie Hebdo 2015 publizéiert hat. Well hie seng pedagogesch Fräiheet genotzt huet fir senge Schüler a Schülerinnen Outilen a Wäerter ze vermëttelen, déi si brauche fir en oppenen Debat an enger oppener Gesellschaft ze féieren, en Debat am géigesäitege Respekt an am friddlechen Dialog.

Dëst ass e weidere barbareschen Akt vun engem Dschihadist an e weidere Versuch eis demokratesch, oppen, pluralistesch a friddlech Gesellschaften ze splécken, mam Endzil se ze zerstéieren. Mir sollten engersäits, an eiser Zäit ouni Gediechtnes, net vergiessen, datt dëst schonn déi siwent terroristesch Attack mat islamisteschem Hannergrond bannen engem Joer a Frankräich ass, no der Préfecture de Paris den 3. Oktober 2019, no Villejuif den 3. Januar, Metz de 5. Januar, Romans-sur-Isère de 4. Abrëll, Colombes de 27. Abrëll an nees Paräis virun de fréiere Gebailechkeete vu Charlie Hebdo de 25. September.

Déi véier aner ermuerten Historiker uechter d'Welt sollten eis anerersäits a geneesou dorun erënneren, wat d'Geschicht an d'Aktualitéit vun eiser Welt (our one world!) am 20. an 21. Joerhonnert weisen: Idealer wéi Fräiheet, Gerechtegkeet, Toleranz, Gläichheet sinn, an der Welt an an Europa, immens vulnerabel, gi bedrot a gi mat Féiss getrëppelt, mee de Samuel Paty, de Sergei Koltyrin, den Hachalu Hundessa, den Hisham al-Hashimi, de Campo Elias Galindo Alvarez a vill aner couragéis Bierger a Biergerinnen erënneren eis drun, datt mer ni dierfen ophalen un déi Idealer ze gleewen an eis dofir anzesetzen.