Noriichten
An den Neiegkeete gëtt den Ament jo am allermeeschten iwwer de Coronavirus geschwat. An dofir stellt de Pierre Reyland aus eiser Noriichteredaktioun de Moien dës Fro. Gëtt et eigentlech, an dësen Zäiten, ausser dem Coronavirus nach aner Noriichten?
Schätz aus dem natur musée
D'Sandrine aus dem Science-Mobil beschäftegt sech haut nach emol zesumme mam Joshua iwwer d'Gesi vu Faarwen. An do, léif Kanner, kommen och Kaze mat an d'Spill.
Gelies an erzielt
E Kazeliewen an Zäiten vum Coronavirus. D'Zazie an de Knetzel fannen dat guer net gutt, datt hir Meeschtesch ewell dauernd doheem ass, well si haten u sech aner Pläng.
D'Katia Urbany erzielt eis d'Vue op dës aussergewéinlech Zäiten aus der Siicht vun den zwou Kazen.