Radioen

On air

De Moien  |  Adrian Crowley - Bread And Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Elektro-Vëloe fir de Projet Vël'OK

Mobilitéit

Nei Elektro-Vëloe fir de Projet Vël'OK

Zanter 2004 ginn et zu Esch Vëloen, déi gratis zur Verfügung gestallt ginn. Deemools gouf de Projet ënner dem Numm Äre Vëlo, eise Vëlo gestart, mëttlerweil heescht en Vël'OK. Dës Woch goufen nei Elektro-Vëloe virgestallt, déi déi al Modeller no an no ersetze sollen.

auto_stories

2 min

Am Joer 2012 huet d'Gemeng Esch ugefaangen Elektro-Vëloen auszeprobéieren an de Leit net méi nëmme konventioneller zur Locatioun ugebueden. 2015 hunn nieft Esch siwe weider Gemengen (Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Suessem, Schëffleng, Rëmeleng a Keel) beim Projet matgemaach a vun deem Zäitpunkt u gouf méi intensiv op Elektro-Vëloe gesat. An der Zäit hätt een awer net nëmme gutt Erfarunge gemaach, esou de Fritz Remackel, President vum CIGL Esch, déi de Projet initiéiert hunn.

"Mir haten zum Beispill hannen e Gepäckdréier op den Elektrovëloen, wat och praktesch war fir déi Leit, déi akafe gaange sinn. Leider sinn déi dann awer heiansdo mëssbraucht ginn, Jugendlecher zum Beispill, déi sech do dropgestallt hunn, oder esou nach eng aner Persoun matgeholl hunn. Donieft gouf et och Problemer mat dem hënneschte Pneu, deen dacks e Platten hat."

Dofir sollen dann elo an Zukunft an de Süd-Gemengen, déi Deel vum Projet Vël'OK sinn, aner Vëloe benotzt ginn. En E-Bike, dee speziell op Mooss hiergestallt gouf, fir datt en och an déi aktuell Infrastruktur erapasst. Dëse Modell huet méi grouss Pneuen, d'Batterie ass an der Mëtt fir e bessert Fuergefill an och fir de Suedel gouf en neie System entwéckelt, fir datt dee méi laang hält. Donieft sinn d'Vëloe mat engem GPS equipéiert, fir datt ee se och einfach lokaliséiere kann, falls se net méi optauchen.

200 nei Elektro-Vëloe goufe schonn op Esch geliwwert an no an no sollen dann déi al Modeller alleguerten ersat ginn, seet de Fritz Remackel.

"An enger éischter Phas wäerte mer déi konventionell Vëloen, vun deenen et der nach e puer zu Esch an Déifferdeng gëtt, aus dem Verkéier huelen. Da wäerte just nach Elektro-Vëloen am Fuerpark vum Projet Vël'OK sinn, opgedeelt op déi al an nei Generatioun. Mee lues a lues wäerte mer déi al E-Biken ersetzen an da wäerte mer just nach nei Modeller hunn. 200 sinn der do, 120 goufeN nach bestallt an 2021 sollen der nach eemol 150 derbäi kommen, sou datt mer dann e Fuerpark vun ongeféier 500 Vëloen hunn."

Aktuell hätt een iwwer 100 Statiounen, un deenen d'Vëloen disponibel sinn, an tendenziell géifen et der nach méi ginn, esou de President vum CIGL Esch. Dëst Joer géif nämlech nach d'Gemeng Monnerech Deel vum Projet ginn. An och d'Zuel vun den Abonementer wier an de leschte Jore geklommen, aktuell géif ee bei 6.000 léien.