Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Biographie vum Edward Steichen

Buchkritik

Nei Biographie vum Edward Steichen

Den Edward Steichen gëllt haut als ee vun deene wichtegste Fotografe vu senger Zäit. Eng nei Biografie liwwert een Iwwerbléck op d'Wierk an d'Liewe vum gebiertege Lëtzebuerger. D'Buch ass duerchaus liesenswäert, trotz där enger oder anerer Schwächt, fënnt de Mohamed Hamdi.

auto_stories

4 min

Den Numm Edward Steichen misst ville Lëtzebuerger e Begrëff sinn - an dat obschonn de spéider weltbekannte Fotograf just seng zwee éischt Liewensjoren zu Lëtzebuerg verbruecht huet. International gehéiert hien haut net méi zu de bekanntsten Nimm, mee seng Plaz an der Geschicht vun der Fotografie gëtt kaum méi a Fro gestallt.

Den Edward Steichen war kontrovers

Datt dat net ëmmer esou war, weist den Amerikanist Gerd Hurm a sengem neie Buch. Säi Liewe laang war den Edward Steichen nämlech eng éischter kontrovers Figur. Seng avant-gardistesch an dacks provokativ Iddien duerch déi hien als jonke Fotograf bekannt gouf, hunn ëmmer erëm op béide Säite vum Atlantik fir Skandaler gesuergt. Och am avant-gardistesche Milieu ass säi Wierk net ëmmer op Unerkennung gestouss.

Besonnesch an der Tëschekrichszäit ass hien als kommerzielle Kënschtler gebrandmarkt ginn, well hie vun 1923 un als offizielle Fotograf vun den amerikaneschen Zäitschrëfte Vogue a Vanity Fair geschafft huet. An dëser Zäit fotograféiert hien amerikanesch Stare wéi Greta Garbo, Walt Disney, Charlie Chaplin oder nach Joan Crawford. Et ass och duerch den Edward Steichen, datt d'Fashion Photography sech moderniséiert huet a sech als eegestänneg Konschtgattung entwéckele konnt. Datt den Edward Steichen sech net geweigert huet am Optrag vu Privatleit ze schaffen, huet och bei sengen avant-gardistesche Kolleege fir Onverständnis gesuergt.

Vun de Kriticke wäisswäschen

Den Auteur Gerd Hurm schéngt de Fotograf a senger Biografie vun de villen zäitgenëssesche Kriticke wäisswäschen ze wëllen. Esou zitéiert den Hurm haaptsächlech positiv Urteeler vum Steichen senge Wierker. Dat fält haut natierlech einfach, well d'Bedeitung vum Edward Steichen mëttlerweil allgemeng unerkannt ass.

Interessant wier et awer gewiescht ze wëssen, wat dem Steichen seng Kritiker, wéi d'Susan Sontag oder den Allan Sekula, argumentéiert hunn. Eleng dem Roland Barthes seng negativ Betruechtunge ginn am Buch kuerz diskutéiert, just fir direkt erëm vum Gerd Hurm widderluecht ze ginn.

Zwar versprécht den Auteur, "Das Aufdecken von Fehlinformationen über Steichens Schaffen im Folgenden heißt keineswegs, sein Werk kritiklos gutzuheißen." Déi versprache Kritik vermësst een awer leider am Buch. Der Biographie feelt et soumat un der kritescher Distanz, déi ee sech erwaart hätt.

Nei Facettë kenneléieren

D'Buch ass dofir awer net manner liesenswäert a weess trotz der Eesäitegkeet am allgemengen duerchaus ze iwwerzeegen. Et léiert ee Facette vum Edward Steichen kennen, déi seelen am Virdergrond stinn: Sou war den Edward Steichen net just Fotograf, mee och Moler, Konschtmäzen, politeschen Aktivist a passionéierte Planzenziichter.

Dank senger weltwäiter Vernetzung am kënschtleresche Milieu fungéiert de Steichen wärend der Joerhonnertwenn als Bréck tëschent der europäescher an amerikanescher Avant-Garde. An der legendärer New Yorker Galerie 291 féiert hien d'Wierker vu Picasso, Matisse an Cézanne fir d'éischte Kéier an Amerika an.

The Family of Man

Haut ass den Edward Steichen besonnesch fir seng Roll als Direkter vum New Yorker Museum of Modern Art bekannt - MOMA an der Kuerzform. Ënner senger Leedung ass an den 1950er Joren d'Ausstellung "The Family of Man" entstanen, déi haut zu den aflossräichsten an impressionantste Fotosausstellunge weltwäit zielt.

D'Wichtegkeet vun der Ausstellung erkläert sech ënner anerem duerch de Kontext, an deem se entstanen ass: Matten am Kale Krich wollt den Edward Steichen ee fotografesche Portrait vun der Mënschheet schafe fir ze weisen, datt d'Mënschen all där nämmlechter Famill ugehéieren.

"The first cry of a newborn baby in Chicago or Zamboango, in Amsterdam or Rangoon, has the same pitch and key, each saying, "I am! I have come through! I belong! I am a member of the Family."

De pazifistesche Grondmessage gouf nach doduercher verstäerkt, datt "The Family of Man" als Wanderausstellung konzipéiert gouf an uechtert d'ganz Welt gewise gouf - ënner anerem och an der Sowjetunioun. De Sowjetesche Schrëftsteller Jewgeni Jewtuschenko war d'Ausstellung zu Moskau kucken:

"Ich betrat den überfüllten Pavillon und als ich herauskam war ich eine andere Person. Mit einem Mal war ich durch den lebendigen Atem der gesamten Menschheit, die diesen Bildern entströmte, von der unsinnigen Propaganda des Kalten Krieges bereinigt worden. Ich war noch nie vorher in einem anderen als meinem eigenen Land gewesen und nun fühlte ich mich als ob ich gleichzeitig jede Nation der Welt besucht hätte."

2003 gouf "The Family of Man" vun der Unesco als Weltkulturierwe klasséiert an zanter den 1990er Joren ass d'Ausstellung dauerhaft am Schlass zu Klierf ze gesinn. Den Edward Steichen hat dem Lëtzebuerger Staat d'Fotoe vermaach a wollt soumat sengem Gebuertsland eng leschten Éier erweisen. Dat obschonn d'Lëtzebuerger Regierung e puer Joer virdru refuséiert hat, d'Wanderausstellung zu Lëtzebuerg ze weisen - mam Argument, Fotografie wier keng Konscht.