Café Scientifique Modular Construction 3D-Printer

Baustrukture per 3D-Printer drécke loossen ass haut scho méiglech. Dräi Studente hunn dat awer nach e Stéck weider geduecht a schaffen de Moment un der Iddi, fir iergendwann ganz Haiser aus dem Drucker entstoen ze loossen.

Pit Walté / cbi

Een 3D-Printer
Een traditionellen 3D-Printer. Foto: Bigstock / kenny001

2017 an 2018 hunn den Alex Muller, de Maverick Schmit an de Valentin Ringlet um Concours Jonk Fuerscher matgemaach. E Concours vun der Fondation Jeunes Scientifiques, bei deem Jugendlecher am Alter tëschent 11 an 21 Joer wëssenschaftlech Projeten ausschaffen a presentéieren déi da virun engem Jury. Den Alex Muller iwwer den Ursprong vun der Iddi.

"Deemools, wéi mir mam Projet ugefaangen hunn, dat war am Hierscht 2016, huet et ëmmer nees an de Medie geheescht, et gëtt e Logements-Problem hei zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland. A vill Leit kënne sech keen eegenen Daach méi iwwer dem Kapp leeschten. A do hu mer gekuckt, u wat kéint dat da léien? Engersäits sinn dat d'Grondstécker, bei deenen d'Präisser ëmmer weider klammen, awer och wéi d'Haiser gebaut ginn, dat kascht dann och immens vill. An der Industrie gëtt haut vill automatesch hiergestallt, am Bausecteur gëtt awer nach bal alles op der Hand gemaach. Et sinn nach ëmmer Zillen oder virgefäerdegt Baudeeler, déi Stéck fir Stéck zesummegebaut ginn, a wou vill Aarbechter iwwer e längeren Zäitraum gebraucht ginn. An dat gëtt dann natierlech immens deier. An do war et d'Iddi, eng Iddi déi awer och schonn Entreprisë virdrun haten, den 3D-Drock an d'Spill ze bréngen."

Mëttlerweil ass et scho méiglech mat engem stationären Drucker an enger Hal, Baudeeler ze printen an déi dann op der Baustell, Stéck fir Stéck, quasi wéi e Bausteen-Haus, zesummenzesetzen. Mat hirem Projet, dee si Modular Construction 3D-Printer gedeeft hunn, wollten déi däi Jonker awer nach e Stéck méi wäit goen.

"Eis Iddi ass et e groussen 3D-Drucker ze bauen, dee modular wier, dat heescht mir hunn ëmmer déi selwecht Baudeeler, mee e kann awer an der Gréisst variéieren. Dat heescht, mir kenne mam Printer e klengt Gaardenhaische beispillsweis drécken, en awer och gläichzäiteg esou erweideren, datt en een Ee-Familljenhaus drécke kann."

Ugfnks haten den Alex Muller, de Maverick Schmit an de Valentin Ringlet Problemer mam Mouvement vum Drucker. Déi hu si awer mëttlerweil geléist a si hunn dräi Prototyppe gebaut.

Ee ganzt Haus drécken

Och wann dës Prototyppen de Moment nach relativ kleng sinn, ass d'Zil, dat den Alex Muller a seng zwee Kolleegen hunn, en 3D-Printer ze entwéckelen, deen e komplett Haus souzesoen drécke kann.

"Dofir muss een den Drucker dann op d'Plaz bréngen an da gëtt am Fong d'Matière Première, dat heescht de Bëtong zum Beispill, op d'Baustell liwwere gelooss an da gëtt op d'Fundament gedréckt. Dat heescht, d'Haus gëtt am Fong an engem Stéck vun ënnen no uewe gedréckt, mat Maueren, Bannemaueren, Plaffong, Daach, mat Allem."

Dat wäert d'Zil, un der Ëmsetzung géif awer de Moment nach geschafft ginn. A fir eng Dimensioun ze vermëttelen, sollt dee Projet esou ze realiséiere sinn, wéi déi dräi sech dat virstellen, wier dee Printer méi grouss wéi d'Haus, wat dann domadder entstoe soll.

Déi finanziell Fro

Mëttlerweil sinn den Alex Muller, de Maverick Schmit an de Valentin Ringlet Studenten, wat d'Ëmsetzung natierlech net einfach mécht, well si natierlech manner finanziell Mëttel hu wéi Entreprisen.

Si kruten zwar scho finanziell Ënnerstëtzung vum Fonds national de la Recherche a vun hirem fréiere Lycée, mat deene Suen hu si awer hir Prototyppe gebaut. Sollen déi iergendwann méi grouss ginn, ass dat natierlech och mat vill méi Käschte verbonnen. Éier si dat awer an Ugrëff huelen, geet et fir déi dräi awer elo mol drëms, eng propper Iddi auszeschaffen, déi dann och patentéiert gëtt, esou den Alex Muller.

Wann Dir méi iwwer de Projet wëllt gewuer ginn, fannt Dir dat op der Facebook-Säit Modular Construction 3D Printer.

An der Mediathéik:

Café Scientifique / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Mittelbronn
Café Scientifique

Den däitsch-franséische Fuerscher Michel Mittelbronn ass Chef vum Luxembourg Center of Neuropathology. Hien huet zwee Schwéierpunkten: hie fuerscht u Parkinson, mee och u Gehiertumoren.

Natalie von Laufenberg; Lara Peiffer; Carlo Hansen
Café Scientifique

Fir d'Promotioun vun de Wëssenschafte krut d'Fondatioun Jeunes Scientifiques 2019 den FNR-Award. Si wëlle Jonker fir d'Wëssenschafte begeeschteren an eng Plattform bidden, op där si sech ausprobéiere kennen.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen