Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu Chance, datt mir net vu Corona-Patienten iwwerschwemmt goufen"

Mäin Europa

"Mir hu Chance, datt mir net vu Corona-Patienten iwwerschwemmt goufen"

Mir begleeden d'Coordinatrice vun de Soinen am Spidol um Kierchbierg, eng vun de véier Klinicken, déi Corona-Patiente behandelen. D'Anne Bellaigue ass Frontalière, d'selwecht wéi ronn 70 Prozent vum Fleegepersonal am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen. D'Maxi Pesch gëtt en Abléck an de Beruffsalldag am Spidol wärend dëse Krisenzäiten.

auto_stories

6 min

D'Anne Bellaigue, Coordinatrice vun de Soinen am Hopitaux Robert Schuman mécht all Dag ronn 160 km Aller-Retour op Lëtzebuerg.

"Ech hunn nach ni eng Kontroll gesinn, an ech gouf nach ni ugehale wärend menge Grenziwwergäng. Meng däitsch Kolleegen hunn do méi Problemer. Si erziele mir vun dräi Stonne Stau, well si d'Féiwer gemooss kréien an den Auto duerchsicht gëtt. Ech hunn awer och ëmmer meng Sacoche dobäi am Fall wou ech net méi iwwer d'Grenz kéim. Am Ufank gouf jo spekuléiert, ob d'Grenzen eventuell zougemaach ginn. Ech hunn och eng Rei Kolleegen, déi schlofen zu Lëtzebuerg an Hotellen, well si hir Famill wëlle schützen."

D'Haaptentrée vum Spidol, mat op där enger Säit en Zelt fir de Passage vum Personal, op der anerer Säit e Passage fir d'Patienten.

Zwee Systemer mat Kamerae moossen d'Temperatur vun de Leit.

"Maache mir en Tour duerch d'Urgencen?"

"Hei kommen d'Ambulanzen un, eng Infirmière hellt d'Temperatur vum Patient a mécht en éischten Tri. Duerno gëtt de Patient orientéiert. Entweder an d'Filière Covid-19-positiv a Covid-19-potentiel oder an d'Filière vu Covid-19-negativ."

De Scanner an engem Zelt, fir datt d'Patienten net bis an d'Radiologie musse lafen.

Julien, ATM Radiologie

"Hei gëtt den 'examen de première intention' gemaach. Dat ass fir all Patient, dee Symptomer weist. Hei gesäit een d'Longen, déi normalerweis schwaarz ugewise ginn. Am Fall vum Covid-19 gëtt d'Long wäiss. D'Longen iwwerdroe kee Sauerstoff méi an d'Blutt."

D'Anne Bellaigue ass amgaang d'Sur-Blouse unzedoen

"Wann e Patient positiv getest gëtt, da kënnt en op d'Covid-19-Statioun. Hei kënnen d'Infirmieren déi selwecht Sur-Blouse pro Schicht unhalen. Si musse sech just un déi typesch Sécherheetsmesuren halen. Anescht ass et op der Statioun, wou suspekt Covid-19-Patiente sinn. Do mussen d'Infirmieren no all Visitt bei engem Patient eng nei Sur-Blouse undoen, well et weess ee jo net op den nächste Covid-positiv ass oder net. Um logisteschen a materialisteschen Niveau ass et en aneren Opwand jee no Statioun."

Jiddwereen huet säi Crochet, fir seng Masken a Brëller drun ze hänken.

D'Myriam, Frontalière, Infirmière op der Covid-19-Statioun

D'Ekippe gi gemixt fir d'Basis-Ekippen ze stäerken. Dat erlaabt dem Spidol fir déi Leit an de méi komplexe Covid-19-Statiounen anzesetzen, déi sech schonn am Haus auskennen. D'Studenten aus der Reserve-Sanitär kënnen dann an deenen normale Servicer aushëllefen.

"Ech hat am Ufank e bëssen Angscht. Mee ech koum vun Ufank un direkt op dës Statioun. Do waren nach bësse manner Leit hei. Ech war gutt encadréiert schonn op där anerer Statioun, wou ech war. Ech wosst wéi ech meng Blouse korrekt undinn. Mee et huet een awer Angscht, well een net weess, wéi ee korrekt an eng Kummer vun engem Covid-19-Patient geet zum Beispill. Dat schwéierst fir mech sinn déi al Persounen. Well et weess een net, wéi et mat hinne weidergeet. An et dierf kee si besiche goen."

D'Kapell vun den Hôpitaux Robert Schuman

D'Antoinette, Frontalière, schafft zanter 36 Joer als Femme de charge op der Cardiologie-Unitéit

"Mir goufe forméiert ,fir dat hei ze meeschteren. Am Ufank hate mir net genuch Material, mir waren net genuch ekipéiert. Mee elo ass alles gutt. Ech denken natierlech och drun, wann ech heem ginn, op ech elo positiv sinn oder net. Mir hätte gären am Ufank Tester gehat fir ze wëssen, ob mir positiv oder negativ waren. Mee elo si mir gutt surveilléiert."

Den Alex, Responsable adjoint Reanimatioun Intensivstatioun

"D'Leit, déi Covid-19 positiv sinn, déi op d'Intensivstatioun kommen, dat sinn déi, déi net méi kënnen eleng otmem, an déi musse Sauerstoff kréien. Déi musse vun der Maschinn beotemt ginn. Déi Leit, déi op deem Punkt sinn, gi relativ laang beotemt. Zwou bis dräi Wochen. An dat ass eppes, wat eis Problemer mécht, a wou mir Chance hunn, datt d'Leit net all beienee komm sinn, soss wier de Service geplatzt."

D'Ekipp, déi an der Covid-19-Zon op der Intensivstatioun schafft.

"Fir an der Schutzkleedung ze schaffen, dat ass ustrengend. Méi wéi aacht Stonnen ass ganz schwéier dodran ze schaffen."

De Paul Wio, Chef-Infirmier an den Urgencen

"Wat mir festgestallt hunn, ass datt d'Zuele vun deenen normalen Urgencen am Ufank drastesch erofgaange sinn. Allgemeng mierke mir elo, datt d'Zuelen erëm eropginn. Haaptsächlech vun den Net-Covid-19-Fäll. De Mueren hu mir dräi richteg grouss Urgencë matenee kritt. Dat hu mir laang net méi gehat. D'Covid-19-Patiente bleiwe stabel. Mir kënnen keen immens grousse Pic feststellen. Mee wann de Confinement gelockert gëtt, da wäerte mir méi där Accidenter hunn, plus d'Covid-Fäll. Dat kéint méi problematesch ginn."

Dr. Folmer Cathy, Medecin Urgentist

"Mir sinn iwwerzeegt, datt mir elo d'Spidol nees mussen opmaachen, an déi chronesch Krank Patienten, déi doheem sinn, nees zeréckhuelen. Soss huet ee méi e grousse kollaterale Schued, wéi mat de Patiente mat Covid-19. Ech mengen, mir mussen eis nees nei reorganiséieren."