Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Miersch - Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt

Lëtzebuerger Sachbicher

Miersch - Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt

D'Lëtzebuerger Landwirtschaft ass och no der Industrialiséierung ee wichtege Bestanddeel vun der nationaler Ekonomie bliwwen. Ëmsou méi iwwerrascht et, datt Historiker sech bis haut ganz wéineg mat deem Theema auserneegesat hunn. Eng nei Broschür, erausginn vun de Mierscher Geschichtsfrënn, werft elo Liicht op dëst manner bekanntent Kapitel vun der Lëtzebuergescher Geschicht.

auto_stories

4 min

Wien am Laf vum leschte Joer mam Zuch laanscht d'Mierscher Gare gefuer ass, konnt d'Zerstéierungsaarbechte vun der Kärenhal live materliewen. Dat imposant Gebai war laang Zäit d'Symbol vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an hirer Glanzzäit. Un dës Period erënneren d'Mierscher Geschichtsfrënn an hirer neier Publikatioun mam Titel "Miersch - Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt". Wéi den Titel et scho verréit huet sech d'landwirtschaftlech Bedeitung vum Standuert net just op d'Mierscher Gemeng beschränkt. Villméi war hei de wirtschaftlechen Zentrum vun der gesamter Lëtzebuerger Landwirtschaft. 1958 gëtt de Grondstee geluecht fir den Agrocenter, wou d'Lëtzebuerger Bauerenzentral hire Sëtz huet. Vun hei aus konnt d'Bauerenzentral hir politesch Muecht an hire wirtschaftlechen Afloss zementéieren.

Dem Bau vum Agrozenter ass ee laange Muechtkampf tëschent der Regierung an der Bauerenzentral virausgaangen. Den deemolege Generalsekretär vun der Bauerenzentral, de Mathias Berns, huet nom Zweete Weltkrich an am Kontext vun der Europäescher Agrarpolitik massiven Drock op d'Regierung gemaach, fir d'Interesse vun de Lëtzebuerger Baueren ze verteidegen. Him gouf vu senge Géigner virgeworf parastaatlech Strukturen ze schafen, fir esou der staatlecher Kontroll ze entgoen.

Impressionnant Zäittafel

Op dës politesch Spannungen tëschent der Regierung an dem Mathias Berns ginn d'Mierscher Geschichtsfrënn net an. Villméi interesséiere si sech primär fir d'Funktioun vum Agrozenter a fir d'Geschicht vum Site, op deem e gebaut gouf.

Laang éier den Agrozenter entstanen ass war nämlech hei, nieft der Mierscher Gare, eng Industriezon, déi fir d'Baueren aus der Regioun eng gewësse Bedeitung hat. Am Joer 1868 grënnt de Joseph Servais eng Zockerfabrick. Fir dës un d'Goen ze kréie ginn d'Baueren opgefuerdert eng nei, hinnen nach friem Planz ze ziichten - nämlech d'Zockerbier. Eng Dose Jore méi spéit huet d'Mierscher Zockerfabrick hir Dieren awer schonn nees missen zoumaachen. An enger impressionnanter Zäittafel retracéieren d'Geschichtsfrënn déi wichtegst Etappe vun der Zockerfabrick a vun de ville Betriber, déi sech spéider um Site installéiert hunn.

Nieft der Industrie war Miersch och nach aus engem anere Grond wichteg fir d'Lëtzebuerger Bauerewelt. Am Mierscher Schlass entsteet nämlech nom Zweete Weltkrich d'École Ménagère - eng Schoul an een Internat fir Baueremeedercher aus dem ganze Land.

De Schwéierpunkt vum Heft bleift den Agrozenter

1958 entsteet den emblematesche Käresilo. Hei ginn all Dag bis zu 3.000 Tonne Käre gebotzt, gedréchent a gelagert. No a no sprangen um Site vum Agrocenter aner Halen aus dem Buedem. Och d'Luxlait installéiert sech 1968 zu Miersch a produzéiert hei Mëllechpolver - an dat bis an d'Joer 1991. Donieft fungéiert nach ee Schluechthaus, ee Fudderwierk a souguer den amerikanesche Glacëproduzent Eskimo Pie geet hei a Betrib. A kuerze Kapitelen abordéieren d'Mierscher Geschichtsfrënn all eenzel Fabrick a liwweren interessant Detailer iwwer Funktioun a Produktiounsmechanismen.

D'Zerstéierung vum Site e Verloscht fir den historeschen a kulturelle Patrimoine

An der Joerhonnertwenn verblatzt lues a lues de Glanz vum Agrozenter. Eng Fabrick no där anerer mécht hir Dieren zou an am Joer 2017 stellt schlussendlech och den imposante Käresilo säi Betrib an. De Service des Sites et Monuments huet d'Gebai nach am Juni 2018 op den Zousazinventaire vun den erhalenswäerte Monumenter gesat - mee net fir laang. Am November vum nämmlechte Joer ass de Käresilo nees vun der Lëscht gestrach ginn a kuerz drop koum vun uewen d'Decisioun d'Gebai ofzerappen. Fir d'Mierscher Geschichtsfrënn ass d'Zerstéierung vum Site e Verloscht fir den historeschen a kulturelle Patrimoine, net just vun hirer Gemeng, mee vum ganze Land.

"'Sic gloria transit mundi' - so vergeht der Ruhm der Welt -, kann man heute auch für die Siloanlagen am Merscher Bahnhof sagen! Die Anlagen müssten modernisiert werden. Auch sind über 30 ha Bauland, im Zentrum des Landes, in der Nähe der Autobahn und an der Eisenbahn gelegen, ein verlockendes Spekulationsobjekt. Mersch als Zentrum der Landwirtschaft gehört wohl der Vergangenheit an."

Mëttlerweil goufen d'Hale gréisstendeels ofgerappt. Um ale Site vum Agrozenter sollen an deene nächste Jore Wunnenge fir ronn 2.000 Awunner entstoen. Mat der Zerstéierung vum Agrozenter verléiert Lëtzebuerg dat wuel symbolträchtegst Gebai vun der Lëtzebuerger Bauerewelt. Ëmsou méi wichteg ass d'Initiativ vun de Mierscher Geschichtsfrënn de Patrimoine esou gutt et geet oprechtzëerhalen. Mat hirer klenger Broschür hu si ee modesten, mee wichtege Bäiträg geliwwert, deen hoffentlech een Usporn fir weider Recherchë wäert sinn.