Radioen

On air

Notturno  |  Luke Temple - Don't Call Me Windy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méisproochegkeet bei Kanner

Gesellschaft

Méisproochegkeet bei Kanner

Ëmmer méi Leit erzéien hir Kanner an zwou oder méi Sproochen. Wat sinn d'Virdeeler a wourop muss een oppassen? Ee Gespréich mat der Linguistin Antonella Sorace vun der University of Edinburgh.

auto_stories

3 min

Esou vill Sproochen ze schwätzen, wéi et zu Lëtzebuerg Usus ass, ass nach laang net iwwerall Normalitéit.

Et gëtt keng perfekt Méisproochegkeet

Mee duerch d'Globaliséierung, an de Fait, datt ëmmer méi Leit enzwousch wunnen, wou se vläicht net grouss gi sin, ass trotzdeem bal iwwerall eng méi grouss linguistesch Diversitéit opkomm. A verschidde Famillje sinn dräi oder méi Sprooche present. Et ginn awer ëmmer nach Mëssverständnesser, wann et ëm Méisproochegkeet geet. Datt méi ewéi eng Sprooch e Kand kéint duerchernee maachen, zum Beispill.

Wat seet d'Fuerschung? D'Professorin fir Linguistik, d'Antonella Sorace vun der University of Edinburgh erkläert, datt d'Gehier vun engem jonke Kand ganz gutt mat méi ewéi enger Sprooch eens gëtt. Scho ganz fréi kéinte si d'Sprooche vuneneen ënnerscheeden. Et sollt een awer och realistesch Erwaardungen hunn: Eng zweesproocheg Persoun ass net d'Zomm vun zwou eesproochege Persounen - an eng dräisproocheg net d'Additioun vun dräi eesproochegen.

Mat anere Wierder gëtt et keng perfekt Zwee- oder Méisproochegkeet. Et wier net méiglech all d'geléiert Sproochen zu all Moment op dem selwechten Niveau an änlech fléissend ze schwätzen, weder en Erwuessenen nach e Kand.

Grond dofir ass, datt de Kontext esou wichteg ass: wéi vill een der Sprooch exposéiert ass, mat wiem ee schwätzt etc. Fir d'Sproochacquisitioun wier et wichteg, datt Kanner d'Sprooch vill héieren. Dacks ass d'Comprehensioun vun de Sprooche perfekt, mee d'Produktioun, also datt d'Kand selwer an enger vun de Sprooche schwätzt, fänkt méi spéit un.

Kanner wëlle sech net anescht spieren

Weider ass et fir d'linguistesch Entwécklung vu méisproochege Kanner vu Virdeel, wann d'Sprooch vu méi ewéi engem geschwat gëtt, well et d'Perceptioun vun der Variatioun an der Sprooch ënnersträicht gëtt. An natierlech konsequent déi selwecht Sprooch ze schwätzen.

D'Antonella Sorace seet, datt d'Kanner keng Associatioun tëschent enger Sprooch an engem linguistesch genervten Elterendeel maache sollen. Aner Erausfuerderunge vun der Méisproochegkeet ass zum Beispill, datt Kanner sech net gären anescht spieren, an a Länner wéi Schottland, wou d'Méisproochegkeet net Usus ass, net wëllen als méisproocheg identifizéiert ginn.

Wat Recherchen ausserdeem weisen, ass datt de Status vun der Sprooch zweetrangeg ass, wann et ëm d'Beneficë vu Méisproochegkeet geet. Et ass also egal op déi zweet oder dreet Sprooch Lëtzebuergesch oder eng Weltsprooch wéi Spuenesch oder Englesch ass.

D'mental Gymnastik, déi et Kanner ofverlaangt, méi Sproochen ze schwätzen, féiert zur Fäegkeet, verschidde Perspektiven zu Saache kënnen anzehuelen, also zu kognitiver an och kultureller Flexibilitéit. All dat geet wäit iwwer d'linguistesch Fäegkeeten eraus a kann an enger globaliséierter Welt nëmme vu Virdeel sinn.