Radioen

On air

De Moien  |  Bryony Jarman-Pinto - Moving Forward

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun der Videoiwwerwaachung

Sécherheet a Privatsphär

D'Zukunft vun der Videoiwwerwaachung

Wou a wéini dierf een zu Lëtzebuerg per Video iwwerwaacht ginn? Wou däerf d'Police den ëffentleche Raum per Kamera iwwerwaachen? U wéi eng Reegele muss eng Entreprise oder eng privat Persoun sech halen, wa si en Iwwerwaachungssystem installéiert? Wat ännert sech duerch d'Dateschutzreform, déi am Mee dëst Joer a Kraaft trëtt? A wat kéint sech duerch d'Evolutioun vun der Technologie nach änneren?

auto_stories

7 min

Zu Lëtzebuerg ass d'Videoiwwerwaachung duerch d'Dateschutzrecht am Verglach zu anere Länner relativ streng gereegelt. Am Prinzip dierf eng privat Persoun oder Entreprise keng Iwwerwaachungskamera installéieren, déi den ëffentleche Raum iwwerwaacht. D'Police dierf nëmmen am ëffentleche Raum eng Videoiwwerwaachung maachen an dat och nëmmen op Plazen, déi duerch e Règlement grand-ducal definéiert sinn.

Et soll esou wéineg wéi méiglech Iwwerwaachung gemaach ginn, esou den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun. Den Dateschutz ass e Mënscherecht. En Agrëff an d'Privatsphär dierft nëmmen ënner ganz prezise Konditioune stattfannen. Et muss eng Gesetzgebung ginn, et muss proportionéiert sinn an et muss noutwenneg sinn an enger demokratescher Gesellschaft.

Zone kloer definéiert

D'Beräicher, déi d'Police den Ament per Video dierf iwwerwaachen, sinn duerch e Règlement grand-ducal vun 2007 definéiert, sou d'Kristin Schmit, Premier commissaire divisionnaire bei der Police. De Règlement grand-ducal géing momentan d'Zone vun der Gare ëmfaassen, genee wéi en Deel vum Park bei der Kinnekswiss. Och deen Deel vum Glacis, wou d'Schueberfouer ass, wier duerch dat Reglement ofgedeckt.

Dës Zone sinn definéiert ginn, well hei ee méi héije Sécherheetsrisiko festgestallt ginn ass. D'Videoiwwerwaachung hëlleft der Police, fir no engem Verstouss géint d'Gesetz erauszefannen, wat geschitt ass a méiglecherweis en Täter z'identifizéieren, esou d'Kommissärin Kristin Schmit. Et wier dowéinst e wichtegen Outil fir d'Police. Et kéint ee sech och iwwerleeën, fir d'Videoiwwerwaachung z'erweideren. Aus der Erfarung vun de Policebeamten an aus de Statistike géif ervirgoen, wéi eng Zonen een an Zukunft méiglecherweis kéint Video iwwerwaachen. Dofir misst awer eng Demande iwwer de Ministère de la Sécurité intérieure gemaacht ginn. Schlussendlech hätt d'Politik natierlech och nach e Wuert matzeschwätzen, seet d'Kristin Schmit.

Zu Bürosstonnen iwwerwaacht d'Personal vun der Police d'Biller live, déi vun de Kameraen opgezeechent ginn, esou d'Kommissärin. D'Biller ginn awer och opgezeechent an an der Reegel während zwee Méint gehalen. Dësen Delai ass och duerch d'Reglement vun 2007 definéiert. Ausname gi gemaach, wann d'Biller an enger lafender Enquête als Beweismaterial benotzt ginn. D'Ëffentlechkeet muss per Reglement informéiert ginn, wann eng Videoiwwerwaachung stattfënnt. Dofir wiere bei der Entrée vun der Zon ëmmer Panneauen opgestallt.

Limitten

D'Police dierf per Gesetz nëmmen den ëffentleche Raum mat Kameraen iwwerwaachen. Wann eng Kamera vun der Police e private Raum erfaasst, gëtt se esou agestallt, datt dee Beräich schwaarz ass, esou d'Kommissärin Kristin Schmit. Dat ass zum Beispill de Fall op der Gare, wou d'Kameraen esou agestallt sinn, datt d'Police net kann an d'Butteker erakucken.

Privat Leit an Entreprisen op där anerer Säit, dierfe keng Kameraen installéieren, déi den ëffentleche Raum filmen. Wann e Buttek oder eng Bank oder och de Staat eng Videoiwwerwaachung wëllt installéieren an engem ëffentlech zougänglechem Gebai, muss e fir den Ament nach eng Autorisatioun bei der Dateschutzkommissioun ufroen, esou den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun. Dës Autorisatioune ginn duerch d'Reform vum Dateschutzgesetz am Mee ofgeschaaft.

Wann d'Kamerae méi e groussen Deel vum ëffentleche Raum erfaassen, wéi d'Dateschutzkommissioun als gerechtfäerdegt ugesäit, mussen d'Kameraen och hei esou agestallt ginn, datt deen Deel net erkennbar ass. D'Leit mussen iwwerdeems informéiert ginn, datt eng Videoiwwerwaachung gemaacht gëtt, ier si an e Gebai eraginn. Dat gëtt mat Piktogramme gemaach.

Bei verschiddenen Iwwerwaachungssystemer ginn d'Biller enregistréiert, bei anere kann ee se nëmme live verfollegen. Wann en Enregistrement geschitt, muss een dat och bei der Dateschutzkommissioun ufroen, déi da festleet, wéi laang d'Biller gespäichert ginn. Dat géing awer ëmmer dovun ofhänken, wat den Demandeur wéilt hunn, seet den Thierry Lallemang. Standard wieren aacht Deeg, doriwwer eraus misst ee sech virun der Dateschutzkommissioun rechtfäerdegen. Generell géifen awer keng Autorisatiounen erausgoen, déi méi wéi ee Mount laang wieren. Banke wieren e Beispill fir eng Plaz mat méi héijer Gefor.

Iwwerwaachung duerch privat Sécherheetsservicer

G4S ass eng grouss international Sécherheetsentreprise, déi zu Lëtzebuerg iwwer 1.200 Leit beschäftegt. Ënnert de Cliente vun der Entreprise hei zu Lëtzebuerg sinn nieft Privatleit zum Beispill kleng a mëttelgrouss Entreprisen, Apdikten, Administratiounen a Banken, esou de Fabrizio Romano, Sales Director bei G4S.

D'Sécherheetsentreprise géif fir déi meescht Clienten déi ganz administrativ Prozedur duerchféieren, fir d'Autorisatioun ze kréien. Et hätt een Erfarung an deem Beräich an dofir géifen och déi meescht Demandë vun der Entreprise accordéiert.

Deelweis maachen d'Cliente vu G4S d'Iwwerwaachung selwer, nodeems d'Kamerae vun der Sécherheetsfirma installéiert goufen. Déi aner Méiglechkeet ass, datt och dësen Deel vun der Entreprise iwwerholl gëtt, sou de Fabrizio Romano.

Wann een Alarm detektéiert gëtt, huet den Operateur vum Alarm receiving center Accès op déi spezifesch Kamera beim Client, fir z'iwwerpreiwen, wéi eng Infraktioun geschitt ass. Wann den Doute sech doduerch confirméiert, da gëtt eng Persoun vum Service Mobil vu G4S geschéckt. Dono gëtt entweder de Client oder d'Police kontaktéiert.

G4S mécht awer keen Enregistrement vun de Biller, wann d'Videoen enregistréiert ginn, da vum Client selwer, esou de Fabrizio Romano. Eenzeg Ausnam ass e System, bei deem am Moment vun engem Alarm Fotoe vun der Kamera gemaacht ginn, déi un d'Sécherheetsfirma weidergeschéckt ginn.

Direkten an indirekten Accès op Bildmaterial

D'Police kann och Biller vu privaten Iwwerwaachungssystemer beschlagnamen, wa si se fir eng Enquête brauch, esou d'Kommissärin Kristin Schmit.

Dem Dateschutzgesetz no huet een zu Lëtzebuerg och d'Recht op den Accès zu Biller, déi duerch Videoiwwerwaachung vun aneren opgezeechent goufen, esou den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun. Wann een zum Beispill weess, dat een zu enger gewësser Zäit an engem Supermarché vun enger Kamera gefilmt gouf, kann een nofroen, fir déi Biller ze gesinn.

Bei der Police, der Douane, beim Service de Renseignement a bei der Arméi gëllt en Droit d'Accès indirect. Dat heescht, do kann een net direkt bei der Police nofroen, mä et muss een iwwert d'Dateschutzkommissioun fueren. Déi kuckt dann, ass alles an der Rei oder net. Mä d'Biller selwer oder d'Donnéeë selwer kritt de Bierger an dëse Fäll net.

Am Fall vun enger lafender Enquête huet ee kee Recht op den Accès zu senge Biller. Den Accès indirect gëtt awer duerch d'Reform vum Dateschutzegesetz am Mee ofgeschaaft. Wéi den Accès direct genee bei der Police funktionéiere wäert, wéisst een elo nach net, esou deen Thierry Lallemang.

Wat ännert sech duerch déi nei europäesch Dateschutzregulatioun?

Wann een de Verdacht huet, datt säi Privatraum vun enger Kamera erfaasst gëtt, kann een dat och nokucken. Wann d'Entreprise dat refuséiert, kann een och iwwer déi national Dateschutzkommissioun goen, seet den Thierry Lallemang. Wann eng Bank Kamerae baussen installéiert hätt, et wéisst een awer net sou richteg, wat d'Kameraen erfaassen a wat net méi, da kann ee sech och un d'CNPD wennen, déi dat dann nokuckt.

De 25. Mee dëst Joer trëtt d'Reform vum Dateschutzgesetz a Kraaft. Domat gëtt eng europäesch Direktiv ëmgesat, déi 2012 vun der CSV-Politikerin an deemoleger EU-Kommissärin Viviane Reding presentéiert gouf. Wéi virdru schonn erwäänt, muss ee vun deem Ament u keng Autorisatioun bei der Dateschutzkommissioun méi ufroen. Dat heescht, datt deejéinegen, deen eng Videoiwwerwaachung huet, responsabiliséiert gëtt, esou den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun. Deen, deen d'Donnéeën sammelt an d'Auswäertung mécht, dee muss sech mat de Reegele vum Dateschutz auserneesetzen. Déi national Dateschutzkommissioun géing och déi néideg Berodung ubidden.

Am Plaz vun den Autorisatioune mécht d'Dateschutzkommissioun vun deem Ament un och méi Kontrollen. Dat engersäits wa Plainte gemaacht ginn, awer och aus eegener Initiativ, esou den Thierry Lallemang, deen d'Reform positiv aschätzt. Dateschutz misst effektiv ëmgesat ginn, fir datt e fonctionnéiert. Duerch d'Reform kéint d'Dateschutzkommissioun vu Mee un och selwer Geldstrofen decidéieren.

Och wann ee fir den Ament nach Autorisatioune bräicht, géifen et ëmmer nach Entreprisë ginn, déi keng géifen ufroen, esou den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun.

An Zukunft méi Iwwerwaachung?

De Fabrizio Romano vun der Sécherheetsentreprise G4S seet, datt d'Reform seng Entreprise nëmmen deelweis betrëfft, well si keng Biller enregistréiert. Hie gesäit d'Reform éischter als Méiglechkeet, fir d'Prozedur ze verkierzen. "Well et dauert momentan zimlech laang, vun deem Moment un, wou mir eng Demande maachen a wou mir wierklech effektiv d'Autorisatioun vun der Administratioun kréien."

Duerch d'Evolutioun vun der Technologie ginn och bei der Videoiwwerwaachung d'Méiglechkeeten ëmmer méi grouss. Elo scho géif d'Technik Saachen erlaben, déi awer net onbedéngt géife genotzt ginn, esou d'Kristin Schmit vun der Police. Et hätt een theoretesch d'Méiglechkeet, eng Gesiichtserkennung unzeschalten. Et misst ee sech awer un de legale Kader halen. Dat heescht, datt d'Police net mat engem System schafft, deen e Gesiicht automatesch erkennt an op aneren Opnamen erëmfënnt. Wann d'Police well kucken, op si eng zweet Opnam vun enger Persoun huet, muss si d'Biller selwer evaluéieren.

Och fir de Fabrizio Romano vu G4S ass d'Gesiichtserkennung eng interessant Méiglechkeet. Am Kontext vun Terrorismus misst ee sech déi Méiglechkeet opbehalen. Fir den Ament géife keng Systemer mat enger sougenannter biometrescher Erkennung am Beräich vun der Videoiwwerwaachung zu Lëtzebuerg benotzt ginn, esou den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun.

Lauschterenplay_arrow