Radioen

On air

De Weekend  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Resignatioun duerch d'Kris?

Prisma

Mat Resignatioun duerch d'Kris?

Mir si weder Här a Meeschter iwwer d'Welt, nach hu mer eist Schicksal total ënner Kontroll. Trotzdeem si mer net komplett hëlleflos, wann et dorëms geet, mat esou Onannehmlechkeete wéi enger Pandemie oder sozialen Aschränkungen ëmzegoen. Den Thomas Koenig war emol bei d'Stoiker kucken, ob sech do net e Rezept fanne léisst, fir mat der aktueller Situatioun ëmzegoen.

auto_stories

7 min

De Philosoph Thomas Koenig. Foto: Archiv

Wat ass de Problem?

Esou eng Pandemie ass fir eis, déi mer haut liewen, eng neiaarteg Situatioun. Fir déi meescht Lëtzebuerger dierft en Confinement och eppes Neies sinn. D'Liewe mam Virus idem. Dat sinn alles nei Situatiounen, mat deenen een net onbedéngt ëmzegoe weess.

Eist Liewe verännert sech op emol, iergendwéi ass alles anescht, an dann och erëm net. Déi al Normalitéit gëtt doutgesot, an eng nei Normalitéit gëtt et nach net. Mir si matten am Changement dran. A wéi et weidergeet, weess een nach net wierklech.

Dat ass verwirrend. Dat mécht ee rosen, oder ängschtlech.

Erklärung

Firwat mécht Changement eis rosen? Eist Gehier ass esou gemaach, datt et sech gutt fillt, wann alles esou leeft, wéi et sech dat erwaart. Wann d'Batterie an der Fernsteier platt ass, dann ass de Problem dacks kleng, mee d'Irritatioun grouss.

Wann awer alles esou verleeft, wéi geplangt, dann huet d'Gehier d'Tendenz, sech selwer ze belounen. Wann Dir e Lidd e puermol héieren hutt, da präägt sech d'Melodie esou lues an d'Gehier an. Déi nächste Kéier, wou Dir d'Lidd héiert, antizipéiert d'Gehier d'Melodie. A wann et dat richteg antizipéiert, dann ertappt Dir Iech vläicht dobäi, mental mat ze summen, och wann Dir d'Lidd vläicht à la base guer net gutt fonnt hutt.

"Wiedersehen macht Freude". Dat funktionéiert jo och an der Publicitéit esou. Wat ech e Slogan méi dacks héieren, oder e Logo méi dacks gesinn, wat ech éischter Tendenz hunn, deen entspriechende Produit ze vertrauen.

An anere Wieder: Eist Gehier ass eng Maschinn, déi Musteren erkennt. Oder Musteren a Situatiounen eran interpretéiert, wou et vläicht guer keng gëtt.
Dat erkläert ob där enger Säit, firwat Situatioune wéi eng Pandemie oder e Confinement eis net gefalen, well mer keng Musteren erkenne kënnen. An dat erkläert, firwat Verschwörungstheorien, egal wéi däämlech, esou populär sinn, well se eis erlaben, Musteren a quasi alles eran ze interpretéieren.

Soit, dat ass déi eng Iddi, datt mer Tendenz hunn, méi an de Saachen ze gesinn, wéi do ass. Déi aner Iddi, déi ech hei ervirhiewe wëll, ass d'Fro vun der Interpretatioun.

Kuckt zum Beispill: D'Restaurante sinn erëm op! Yay! Mee Dir sidd single an hutt keng Kanner? Katastroph! Wéi kann d'Regierung nëmmen? Kommt, elo gëtt sech opgereegt, a sech selwer bematleet.
Mee wann Dir d'Fakte kuckt: Fir Iech huet sech konkret näischt geännert - am Confinement war de Restaurant zou, an elo am Moment ass e fir Iech och nach ëmmer zou. Un der Situatioun kann et also net leien. Et hätt ee sech jo och kënne fir déi Leit freeën, déi elo erëm mat hire Kanner auswäerts en Owend verbrénge kënnen. Datt Dir Iech doriwwer opreegt, läit an Ärer Wahrnehmung vun der Situatioun: Aner Leit hunn elo eppes, wat Dir net hutt. Wéi onfair! Mee dat ass de Punkt. Net d'Situatioun ass de Problem, mee eis Iddi, déi mer eis vun der Situatioun maachen.

Liewenshëllef

Gutt, also, hale mer fest: Mir liewen an enger Zäit, wou mer villes net verstinn oder antizipéiere kënnen. De Risiko, genervt an onglécklech ze sinn, ass reell.

Mee do kann d'Philosophie hëllefen. An der Philosophie gëtt et ee Courant, dee sech Stoizismus nennt. D'Stoiker waren der Meenung, datt d'Natur eng Uerdnung hätt. A wien déi Uerdnung erkennt, dee weess, wat gutt a wat schlecht ass. A wien dat weess, dee kann och deementspriechend handelen.

Géint d'Gesetzer vun der Natur ass ee jo machtlos. Dat heescht, wie probéiert, dogéint unzekommen, dee kann net glécklech ginn. Clever ass do deen, esou op alle Fall de Stoizismus, wien erkennt an akzeptéiert, datt hien net alles ënner Kontroll huet.

A fir de Stoiker gëtt et wéineg, wat mir Mënschen ënner Kontroll hunn. Mir kontrolléieren eis Gedanken an eis Gefiller, méi net. Ech hu keng Kontroll iwwer mäi Kierper. Wann ech elo muss houschten, da muss ech houschten. Wann ech krank ginn, ginn ech krank. Wann ech al ginn, jo, da ginn ech al. Ech kann d'Gedanke vu menge Matmënschen och net kontrolléieren. Wann Iech mäin Bäitrag net gefält, tjo, doriwwer hunn ech keng Kontroll. Idem, wann en Iech gefält, doriwwer hunn ech och keng Kontroll.

Wann ech also weise sinn, da reegen ech mech net iwwer d'Net-Popularitéit vu mengem Bäitrag op. Soll ech awer frou oder stolz sinn, wann ee vu menge Bäiträg gelueft gëtt? Warscheinlech net. Fir Äert Empfanne kann ech jo näischt, héchstens eppes fir d'Qualitéit vu menger Aarbecht.

D'Weisheet vum Stoiker läit doran, datt hien erkennt, datt et en Ënnerscheed gëtt tëschent de Saachen an dem Urteel, dat mir iwwer si ofginn. Datt et en Ënnerscheed gëtt tëschent der Pandemie an der Iddi, déi mer eis dovu maachen. Oder de Gefiller, déi mer dozou hunn.

Et geet also dorëm, datt een d'Saachen erkennt, fir dat, wat se sinn. Datt een erkennt, datt eng Saach an der Realitéit net identesch ass mat der Iddi, déi ech a mengem Geescht dovun hunn. Oder, wann eppes mech irritéiert, datt d'Irritatioun vläicht vu mir aus kënnt, an net vun der Saach, iwwer déi ech mech opreegen.

Gutt, et kann ee seng Gefiller net einfach esou ausknipsen. Dat stëmmt. Gefiller komme jo vum Kierper, an de Kierper huet een net ënner Kontroll. Dat stëmmt och. Et kann een zwar probéieren, Afloss drop ze huelen, mee probéierten Afloss ass wäit ewech vun direkter Kontroll.

Mee de Stoiker géif do äntweren, datt et net dorëms geet, keng Gefiller ze hunn. Et geet dorëms, d'Gefiller ze verstoen, an - méi wichteg - sech net vun de Gefiller kontrolléieren ze loossen.

Dat ass den Haaptpunkt, mengen ech emol, dee fir eis haut interessant ass. Mir liewe jo an enger Zäit, wou mer de Message ëmmer an ëmmer erëm agedrummt kréien, mir sollen eis net zeréckhalen, mir sollen eis entfalen, a mir sollen eiser Natur fräie Laf loossen. A fir dat ze maachen, dat geet natierlech am Beschte mat Turnschong vun der Mark X oder mat gesondem Smoothie vun der Mark Y. Et ass net cool, wann ee sech selwer hemmt - an et schuet natierlech dem Profit.

Musse mer elo all passiv a fatalistesch sinn?

Mee - bëllege Säitenhieb géint den ongehemmte Konsumerismus mol mis à part - et gëtt en Ënnerscheed tëschent enger Situatioun, de Gedanken, déi ech dovun hunn, an de Gefiller, déi dat alles a mir ausléist.

D'kognitiv Verhalenstherapie geet zum Beispill dovun aus, datt Mënschen dorënner leiden, wa si eng Situatioun falsch aschätzen. An datt dat gär doduerch kënnt, datt ee sech Suerge mécht iwwer Saachen, déi am Fong guer kee Grond zur Suerg sinn. An d'Léisung läit doran, niichter an éierlech ze erkennen, wat d'Fakte sinn, wéi eng Gedanken een dozou huet, an datt d'Gefiller, déi een onglécklech maachen, dacks net zu deene Fakten oder Gedanke passen.

An dat ass genee och d'Iddi am Stoizismus. Et geet do net dorëm, sech selwer ze begrenzen, mee ze erkennen, wat eis Grenzen als Mënsch sinn. Et geet dorëm ze erkennen, datt verschidde Saachen net ze verännere sinn. Datt een net déi ganz Welt kontrolléiere kann. An datt een net glécklech gëtt, wann ee probéiert, Saachen ze veränneren, déi een net verännere kann.

Vläicht kann engem dat jo och hëllefen, duerch déi Pandemie ze kommen. Wie weess, wat nach alles kënnt? Oder wat och net kënnt? Dat, wat mer awer wëssen, ass datt mer de Virus net einfach ewech zaubere kënnen a léiere mussen, domat ze liewen. Dat wat fir deen een inakzeptabel Resignatioun ass, ass fir deen anere vläicht eng selbstbestëmmten Aschränkung - Dir wësst jo, d'Fakte sinn déi eng Saach, eis Appreciatioun dovunner ass eng aner!

Mir kënne jo deem notraueren, wat mer verluer hunn, oder eis doriwwer opreegen, wat d'Situatioun mat eisem Liewe gemaach huet. Hätte, hätte, Moped-Kette! Wär et net vläicht méi weis, wa mer eis froe géifen, wat mir mat der Situatioun maachen?