100,7-Klassesall Masken, de Pannewippchen an eng explosiv Mëschung

Mir si jo am Fong an der Ouschtervakanz, mee och elo zielt et virun allem nach ëmmer "Doheem bleiwen" an net ze vill noe Kontakt mat anere Leit ze hunn.

Nathalie Bender / Jean-Claude Majerus

IMG_1828.jpg

Mir vum 100,7-Klassesall maachen awer keng Vakanz, mir hu geduecht, wann dir Kanner scho musst doheem bleiwen, da maache mir och eis Sendung fir iech weider. Elo awer bei de Programm vu haut.

News for Kids

D'Leit gesinn haut e bëssen anescht aus, wéi virun engem Mount nach. Dir huet bestëmmt schonn op der Televisioun, an der Zeitung, oder op der Strooss Leit gesinn, déi eng Mask un hunn. Hëllefen déi dann elo, datt een de Coronavirus net kritt? Jo!, soe vill Experten. Et gëtt där Masken awer net genuch: an dat, well kee wousst, datt dee Coronavirus géif esou séier kommen. Et sinn der net genuch gemaach ginn, an dofir streide verschidde Länner elo fir déi Maske kënnen ze kafen. D'Sophie Morang aus der Noriichteredaktioun huet sech mam Maskeproblem beschäftegt.


Lauschteren


De Pannewippchen

Genee esou, "De Pannewippchen", heescht d'Kannerzeitung vum natur musée. Firwat heescht d'Zeitung esou a wien ass dee Panewippchen? Gutt datt et d'Muriel Nossem aus dem natur musée gëtt, vun deem mer elo alles erkläert kréien.


Lauschteren


E Bild um Mier

D'lescht Woch hat dir jo mam Kyra Thielen aus dem Villa Vauban e Bild beim Mier gemoolt. An zwar war et d'Bild vun der Chantal Maquet "Kand als Kapitän" vun 2018. D'Chantal Maquet moolt Biller vu Saachen a Situatiounen, déi mir gutt kennen, also aus eisem Alldag. Dat speziellt u senge Biller sinn déi knalleg an intensiv Faarwen, déi eis iergendwéi an eng verréckt Welt mathuelen.

Haut da verzielt d'Kyra iech vun engem neie Bild an déi Kéier e Bild matten um Mier.

A wann dir net alles verhalen hutt, kënnt dir der Kyra hiert Bilddiktat an aller Rou nach emol lauschteren. A vergiesst net eis Är Zeechnungen anzeschécken. Op klassesall@100komma7.lu oder iwwer WhatsApp: 621440044.


Lauschteren


Eng explosiv Mëschung

Majo beim Mister Science geet et haut ëm eng Plastiksfläsch, Esseg a Bakpolver, also eng explosiv Mëschung. Sidd dir emol ze liddereg fir e Loftballon selwer opzeblosen? Oder Loscht mol eng alternativ Method ze léiere fir e Ballon opzepompelen? De Mister Science, de Joseph Rodesch vu science.lu, weess do een zimmlech gudden Trick, deen op enger einfacher chemescher Reaktioun baséiert. Lauschtert gutt an de Video dozou fannt dir op Science.lu


Lauschteren


Eng Geschicht mam Titel "Cassis"

De Francis Kirps ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller. Viru Kuerzem huet hien e Buch erausbruecht mat Kuerzgeschichten. D'Buch heescht "Mutationen" an et koum am Verlag Hydre eraus. Et sinn u sech Geschichte fir Erwuessener, mee et sinn der och dran, déi ganz interessant fir Kanner sinn. Eng dovun heescht "Ein Hund namens Cassis". Et ass eng méi laang Geschicht. Dofir héiere mer haut deen éischten Deel. An de Rescht vun der Woch dann déi aner Kapitelen. D'Geschicht liest d'Tania Herman.


Lauschteren


Wéi geet eis Geschicht weider?

Dat ass déi spannend Fro, déi mer bal all zweeten Dag stelle ronderëm d'Geschicht vum Sunni a Raphael, déi dir Kanner amgaang sidd mam Roland Meyer ze erfannen. Haut huet de Rol eis erzielt, wéi eng nei Iddien iwwer de Weekend koumen.


Lauschteren


Voilà, esou gesäit en dann aus, eise Klassesall vun haut. A wann dir eis wëllt eppes soen, oder wann dir e Musekswonsch hutt, dann zéckt net, schreift eis oder schéckt e Sproochmessage op d'WhatsApp 621 440044 oder schreift op klassesall@100komma7.lu

Méi zum Thema

100,7-Klassesall
100,7-Klassesall

Et gëtt spannend am leschten 100,7-Klassesall virun der Vakanz, a ganz besonnesch spannend gëtt et am fënnefte Kapitel vun eiser Geschicht, déi de Roland Meyer mat Iech, léif Kanner, zesumme schreift.

100,7-Klassesall
100,7-Klassesall

Den zweet-leschte Klassesall fir dës Woch steet haut um 2. Abrëll 2020 um Programm. An wéi all Dag ass och haut, léif Kanner, bei jiddwerengem déi grouss Motivatioun ze spieren.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen