Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mannerjäreg Flüchtlingen a Griicheland

Exodus

Mannerjäreg Flüchtlingen a Griicheland

2.200 onbegleeten, mannerjäreg Flüchtlinge ginn et a Griicheland. Hir Situatioun ass schwiereg. Obschonns Griicheland no internationale Protester nogebessert huet, huet ëmmer nach nëmmen all Zweete vun hinnen eng Plaz an engem Heem. Eng Etude vun Human Rights Watch, déi dëser Deeg erauskoum, zielt weider Mankoen op. Vill vun deenen onbegleete mannerjärege Flüchtlinge géifen deemno bei hirer Arrivée a Griicheland willkürlech als Volljäreger registréiert a kréichen doduerch net déi besonnesch Protektioun, déi hinnen zousteet.

auto_stories

4 min

De Poreia-Theater ass ee vun de populäersten Haiser zu Athen. Obwuel sonndes mëttes eng ongewéinlech Zäit fir eng Opféierung ass, ass de Sall voll. "Ägäis-Monologen" heescht d'Stéck. Op der Bühn sti Schüler tëschent 10 a 17 Joer. Si inzenéieren eng Rees. E laange Foussmarsch, Verhandlungen, eng Iwwerfaart. Wat am Theater kee weess: Ganz vir am Sall sëtzen d'Auteuren. Si hunn hir Geschicht am Kader vu Schreif-Workshopen opgeschriwwen. D'Schüler, déi si op der Bühn verkierperen, hunn dee selwechten Alter. Hire Background ass allerdéngs e ganz aneren.

"E Jong huet erzielt, wéi laang hien ënnerwee war. Dat geet mir net méi aus dem Kapp", seet eng jonk Schülerin. "Wann ech mir virstellen, wat mir alles an engem Joer ënnerhuelen, iwwerdeems anerer gezwonge sinn zu Fouss ze flüchten, an eleng no Iessen an Drénken ze sichen, fir z'iwwerliewen." Hir wier guer net bewosst gewiescht, wat hannert esou enger Rees géif stiechen.

Dem Amir säi Schicksal

Mä wa si a Griicheland ukommen, ass hire Problem nach laang net geléist. Bis viru kuerzem hat nëmmen all fënneften onbegleete Flüchtling eng adequat Wunneng. Mëttlerweil huet op d'mannst all Zweeten en Ënnerdaach.

Zum Beispill bei Faros. D'ONG bedreift een Heem, ënner anerem mat Sue vun der dänescher Kierch. 22 Jugendlecher sinn hei ënnerbruecht. Den Amir spillt immens gär Kicker. Hie seet, hien hätt 13 Joer. Op kee Fall sollt een zu senger Geschicht Froe stellen, insistéieren d'Educateuren.

Den Amir ass zënter Februar am Heem. Virdru war hie Méint laang an engem Flüchtlingslager op der Insel Samos. "Et war schwiereg do", erzielt hien. "Mir hunn an Zelter gewunnt. D'Iesse war schlecht, et war kal a si haten net genuch Decken."

Jugendlecher op der Strooss

Am Gemeinschaftsraum hänken Zeechnungen un de Maueren an an de Regaler stinn Aarbechten aus dem Technik-Workshop. Och Jugendlecher, déi fir Ëmsiidlung oder d'Familljenzesummeféierung a Fro kommen, mussen op d'mannst ee Joer waarden, bis hire Fall gereegelt ass. Net all d'Mannerjäreg wëlle sech op déi Prozedur aloossen. Si verheemlechen hire richtegen Alter, a probéieren op eege Fauscht an Nordeuropa ze kommen. Dofir gëtt et bei Faros och e Street-work-Programm. Quasi all Dag géife si Jugendlecher fannen, déi op der Strooss liewen, erzielt de Kenneth Hansen vum Heem.

"Griicheland ass keng sécher Plaz fir Flüchtlingen. Net fir Erwuessener, a scho guer net fir Mannerjäreger, déi eleng ënnerwee sinn. Souguer fir déi Jugendlech vun hei, déi à priori geschützt sinn, ass Athen voller Geforen. Eng Gefor sinn d'Mënschenhändler. Eng aner ass, datt Mannerjäreger sexuell exploitéiert ginn. Béides hu mir schonn erlieft."

Eng rezent Etude vun der Harvard-Universitéit schwätzt vun enger epidemescher Hausse vu sexueller Exploitatioun vu Flüchtlingskanner a Griicheland. Hir Hoffnungen, op déi Manéier kënnen hir Rees ze finanzéieren, gi séier zerstéiert. Amplaz weiderzekommen, rutsche si dacks an d'Drogenzeen of.

Onkomplett Zuelen

D'Situatioun gëtt doduerch erschwéiert, datt net gewosst ass, wéi vill onbegleete Jugendlecher wierklech am Land sinn. D'Affekotin Eva Cossée huet grad fir Human Rights Watch onbegleete mannerjähreg Flüchtlingen op Lesbos interviewt. De Fazit vun hirer Etude: Vill vun hinnen dauchen an de Statistike guer net op.

"Déi offiziell Zuele vu mannerjärege Flüchtlingen, déi eleng ënnerwee sinn, sinn net komplett", seet d'Eva Cossée. De Knackpunkt wier d'Registréierung, wa si a Griicheland ukommen.

Siwe Méint eleng

"Verschiddener gi vun de Beamte willkürlech als Erwuessener enregistréiert, obwuel si uginn, mannerjäreg ze sinn. Oder si gi bei den Zänndokter geschéckt, fir den Alter erauszefannen, an trotzdem duerno zimlech systematesch als Erwuessener agedroen."

Heiansdo ginn déi Mannerjäreg awer och fräiwëlleg en Alter iwwer 18 un. Si fäerten, datt si soss deportéiert oder vun der Police agespaart ginn. Et ass ee laangwierege Prozess, fir dat nees réckgängeg ze maachen. Ee 16-järege Jong aus Gambia hätt sech als 21-järegen ausginn, seet d'Eva Cossée. D'Beamten hätten dat acceptéiert, ouni ze hannerfroen. Fënnef Deeg méi spéit hätt hien zouginn, datt hie Mannerjäreg ass.

"Hien hat am Flüchtlingslager nämlech geléiert, datt hien als Mannerjärege méi Rechter huet. Säi richtegen Alter ass unerkannt ginn, awer eréischt no siwe Méint. An där Zäit huet hie missen am Lager wunnen, am Reen an am Schnéi, eleng ënner Erwuessenen."