Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Loren Kramar - Hollywood Blvd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner séier, manner Verkéiersaccidenter

Mäin Europa

Manner séier, manner Verkéiersaccidenter

Ëmmer méi EU-Länner reduzéieren déi erlaabte Vitessen op de Stroossen. Well manner séier fueren heescht manner déidlech Accidenter - soe vill Verkéiersexperten. Op der internationaler Konferenz fir Stroossesécherheet d'lescht Woch zu Stockholm gouf festgehalen: An den nächsten zéng Joer soll d'Zuel vu Verkéiersdoudegen weltwäit ëm d'Hallschent reduzéiert ginn.

auto_stories

2 min

All Joer stierwen 1,4 Millioune Leit weltwäit bei Verkéiersaccidenter. Foto: Unsplash / Florian Steciuk

Zu Stockholm a Schweden war déi drëtt Editioun vun der globaler ministerieller Konferenz iwwer d'Sécherheet op de Stroossen. 1.700 Leit aus 140 Länner an 80 Ministere waren do, ënner hinnen de Lëtzebuerger Mobilitéitsminister François Bausch.

Zu Stockholm gouf e Kader definéiert, fir de Verkéier an den nächsten zéng Joer méi sécher, méi propper a méi effikass ze maachen. Datt de Verkéier och haut nach en därmoosse grousse Risiko fir Mënschen an Déiere bedeit wier inakzeptabel, sou de schwedeschen Transportminister Thomas Enerot.

Déidlech Accidenter sinn nach ëmmer e Problem

All Joer géifen 1,4 Millioune Leit op der Welt bei Verkéiersaccidenter stierwen. All Dag géifen deemno 3.500 Mënschen hiert Liewen op de Stroosse verléieren. Bei jonke Leit, tëschent fënnef a 29, wiere Verkéiersaccidenter déi heefegst Doudesursaach.

Den Haaptgrond fir d'Accidenter op de Stroossen wier och kloer, sot den Dokter Soames Job: Et wier d'Vitess. D'Vitess erofsetze wier ganz effikass fir d'Zuel vun Doudegen op de Stroossen ze reduzéieren: Well wann d'Vitess 1 Prozent erofgeet, géifen et véier Prozent manner Doudeger ginn.

Hëlleft d'Vitessreduktioun?

Dës Statistik hat de schwedesche Fuerscher Göran Nilsson schonn am Joer 2004 ausgerechent. Haut gëtt se vu Verkéiersexperten net méi a Fro gestallt. An och um politesche Plang gëtt et méi Akzeptanz fir iwwer Vitessreduktiounen ze diskutéieren, a se esouguer ëmzesetzen.

Déi skandinavesch Länner hunn do d'Nues vir. Mee Vitessreduktiounen, Radaren an aner Mesurë fir méi Sécherheet op de Stroosse kommen net bei jiddwerengem gutt un. A Frankräich, zum Beispill, gëtt weider gestridden, nodeems d'Vitess op ville Landstroosse vun 90 op 80 reduzéiert gouf.


Lauschtert de ganze Reportage vum Pierre Reyland, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.