Mee wou der Suessemer Buergermeeschtesch hir Mamm, d'Micky Erpelding, ugefaangen huet krank ze ginn, huet d'Iwwerleeung changéiert. D'Simone Asselborn-Bintz duecht, datt hir Mamm Saachen ugefaangen huet, déi se net fäerdeg konnt maachen. An op emol hat si d'Gefill ze hëllefen, dat ebe fäerdeg ze maachen. Fir déi forméiert Educatrice ass de sozialen Engagement wichteg, an dozou gehéiert en oppent Ouer.
"Ech sinn owes bei de Resultater immens erféiert"
D'Simone Asselborn-Bintz huet 2002 mat der aktiver Politik ugefaangen an ass 2005 déi éischte Kéier mat an d'Gemengewale gaangen an direkt gewielt ginn:
"Ech hu mengen Aen net getraut. Um Ufank hunn ech geduecht, solls de dech elo freeën oder solls de elo vläicht awer rose sinn, datt s de dat do gemaach hues. An do wosst ech jo net déi ganz Envergure, déi dat dann awer hannendru kritt.(..) Wann een A seet, ass fir mech, da seet een och B."