Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Löschenhaus ass et ugaang

Zäithistoriker

Mam Löschenhaus ass et ugaang

An senger Chronik vun haut erënnert den Zäithistoriker Denis Scuto un d'Affär vum Löschenhaus vun der Iechternacher Abtei an den 1970er Joren an hir Konsequenzen a Bedeitung fir den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg:

auto_stories

8 min

Den Zäithistoriker Denis Scuto

D'Gebléishal zu Belval, d'Haiser an der rue Jean l'Aveugle um Lampertsbierg, d'Keeseminnen zu Terre rouge, de Presbytère zu Hollerech, si all sti fir Deeler vum nationale kulturelle Patrimoine déi a Gefor sinn. A fir Versprieche ronderëm, déi bei munche vun eis en äusserst batteren Déjà vu ausléisen. Déjà vu vun aneren Architekturdenkmaler, déi geschützt sollte ginn an et awer net goufen, ronderëm déi versprach, gefuddelt a gelu gouf, déi schlussendlech ofgerappt oder mutiléiert goufen.

D'Löschenhaus kënnt ëmmer an Erënnerung

Ee Site kënnt an der Erënnerung un déi laang Rei vu Vandalismusakten, déi de Lëtzebuerger Staat respektiv seng Gemenge verbrach hunn, ëmmer nees erëm. E steet fir eng Zort Ierfsënn a Saachen Net-Respekt vum Denkmalschutz. En ass an d'Geschicht agaangen ënner dem Numm "Löschenhaus", ofgerappt am Mee 1977.

Et war net den éischte Skandal zu Lëtzebuerg, mee vläicht de bekanntsten. 1974 war schonns d'Hasteschmillen am Gronn ofgerappt ginn, 1976 d'Brasseurhaus an der Stad. Zu Esch hat d'Nelly Moia 1973 eng Petitioun lancéiert fir de Klassement vum Mederhaus, der Jugendstilvilla, déi den italienesche Wäinhändler Olivo 1907 am Brillvéierel gebaut hat.

"An de Löschen" huet eng Plaz an de suppege Wisen e bëssen eraus aus Iechternach geheescht. Hei hat den Abbé Philippe de la Neuveforge senge Pateren am 17. Joerhonnert eng barock Landvilla als Summerresidenz baue looss. Hei konnte si sech ausserhalb vun de Klouschtermaueren erhuelen. Am 18. Joerhonnert gouf d'Villa ëm zwee Eckpavillone vergréissert. Am 20. Joerhonnert war d'Gebai, dat eng Zäit dem Staatsminister Joseph Bech gehéiert huet, zum Schluss net méi bewunnt a koum an de Besëtz vun der Gemeng.

Eng Salamitaktik

Wéi d'Gemeng dunn an den 1970er Jore plangt do e kënschtleche Séi als Erhuelungsgebitt unzeleeën, huet d'Salamitaktik - wéi se bis haut ëmmer nees ugewannt gëtt - ronderëm d'Löschenhaus ugefaangen. Obwuel den DP-Buergermeeschter a fréiere Minister Robert Schaffner et vun Ufank u wollt ofrappe loossen, deklaréiert hien am Journal am Juni 1973 et wier "nach ongewëss, ob een déi al Gebaier kéint erhalen."

Op Initiativ vu Professeren aus dem Iechternacher Lycée wéi dem spéideren Direkter vu Sites et monuments Georges Calteux an dem Jos Massard hat d'LSAP-Sektioun den CSV-DP-Schäfferot opgefuerdert, dëse wichtegen Zeie vun der Iechternacher Baugeschicht z'erhalen an ze restauréieren. D'Iechternacher Société d'embellissement wollt d'Villa op enger Insel am neie Séi erhalen an e Concertssall fir de Museksfestival do ariichten.

Doropshin huet den CSV-Staatssekretär Jacques Santer zwou Milliounen am Budget virgesi fir den Daach an d'Rei ze setzen. Mee déi Sue goufen ni agesat. An der nächster Regierung huet den LSAP-Kulturminister Robert Krieps 1975 e Klasséierungsvirschlag agereecht. Hie gesäit och zéng Millioune Frang fir d'Restauratioun vir.

Den 31. Juli 1976 decidéiert eng Majoritéit vu siwe géint véier Stëmmen am Iechternacher Gemengerot, also och géint déi vum Buergermeeschter Schaffner, datt d'Löschenhaus muss erhale bleiwen. Souguer eng UNESCO-Kommissioun setzt sech fir d'Erhale vun dëser Dependenz vun der berühmter Iechternacher Abtei an.

De Virschlag bleift an der Bürokratie hänken

Mee de Klasséierungsvirschlag bleift op der Gemeng wéi am Inneministère an am Staatsrot hänken. D'Aarbechte fir de kënschtleche Séi lafen un a féieren dozou, datt d'Barockvilla mat de Féiss am Waasser steet. An am Dezember 1976 fale bei engem neie Vott zwee Schäffen ëm a maachen de Wee fräi fir en Ofrëss vum "Löschenhaus", mam Verspriechen et nees op enger anerer Plaz opzebauen. Ee Verspriechen, wat net agehale gouf.

Een DP-Schäffen, deem de Buergermeeschterposten als Nofolger vum Schaffner an Aussiicht gestalt gouf ass ëmgefall, an een LSAP-Schäffen, deen e Posten am Staatsrot versprach krut. Am Mee 1977 gëtt d'"Löschenhaus" trotz alle Verspriechen a Protester ofgerappt.

(Jiddwer Ähnlechkeet vun dësem Fall mat deem, wat mir zanter méi wéi 40 Joer a grad elo nees hei zu Lëtzebuerg erliewen ass natierlech reng zoufälleg.)

Den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg

Interessant waren déi institutionell Konsequenze vum Ofrëss vum "Löschenhaus" trotzdem. D'Affär féiert nämlech zum aktuellen Denkmalschutzgesetz, dat vum 18. Juli 1983. De 25. Mee 1978 deposéiert de Kulturminister Robert Krieps e "Projet de loi concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux". E berifft sech op den Asaz vun de Bierger fir d'kulturell Zeie vun der Vergaangenheet an op d'"Année européenne du patrimoine architectural", dat 1975 gefeiert gouf ënner dem Motto "Un avenir pour notre passé". De Gesetzesprojet zitéiert d'Amsterdamer Erklärung aus dem selwechte Joer:

"La préservation de la continuité historique dans l'environnement est essentielle pour le maintien ou la création d'un cadre de vie qui permette à l'homme de trouver son identité et d'éprouver un sentiment de sécurité face aux mutations brutales de la société : un nouvel urbanisme cherche à retrouver les espaces clos, l'échelle humaine, l'interprétation des fonctions et la diversité socio-culturelle qui caractérisent les tissus urbains anciens."

Zanter dem leschte Gesetz vun 1927 wier eng nei Philosophie entstane wéi se sech zum Beispill an der Charta vu Venedeg vun 1964 oder nach an der faméiser "Loi Malraux" vun 1962 a Frankräich erëmfënnt. Als Kulturdenkmal gëtt elo all Gebai bezeechent, wat als signifikativen Temoignage steet fir eng archeologesch, historesch, kënschtleresch, ästhetesch, wëssenschaftlech, technesch oder industriell Entwécklung. Dat neit Gesetz gesäit net nëmmen de Schutz vum Gebai selwer vir, mee och vum Areal ronderëm an erméiglecht d'Definitioun vu sougenannte "Secteurs sauvegardés". Klasséierungsunträg kënnen elo och Gemengen a Privatleit areechen.

Een Haaptargument vum Exposé des motifs ass haut méi wéi jee aktuell: Eng punktuell Protektioun géif an enger Zäit wou de Wirtschaftswuesstem mat enger net méi lueser, wéi virum Zweete Weltkrich, mee rasanter Verännerung vun den Dierfer a Stied verbonnen ass, net méi duer goen. Dat gouf geschriwwen 1978 wärend der Stolkris, wou nach kee sech de rasante Wuesstem dee vum Enn vun den 1980er Joren un zu Lëtzebuerg sollt kommen, konnt virstellen. De Staat an de Legislateur si gefuerdert, gouf 1978 gesot, "pour mettre un frein à l'appauvrissement progressif de notre patrimoine culturel au sens large".

Denkmalschutz war e Pabeiertiger

No den Trente Glorieuses vun 1945 bis 1975 erlieft Lëtzebuerg zanter dësem Enn vun den 1980er Joren, fir de Paul Zahlen ze zitéieren, mëttlerweil seng Trente Splendides. Gekennzeechent duerch e konstante Wirtschaftswuesstem, mee och duerch eng geneesou konstant Zerstéirungswut vum Patrimoine vun de Lëtzebuerger Stied, Dierfer an Industriebroochen, duerch eng weider progressiv a skandaléis Veraarmung vun eisem kulturellen Ierwen. Wéi d'Renée Wagener et ausgedréckt huet, gouf mat den éischte Klasséierungsunträg vun Organisatioune wéi "Jeunes et patrimoine" oder "Stoppt de Bagger" kloer, datt déi gutt gemengten Denkmalschutzreform vum Robert Krieps e Pabeiertiger am Ëmfeld vum Lëtzebuerger Wirtschaftsboom war.

Aus Angscht viru Schuedenersatzkloe vun de Besëtzer goufen déi meeschten Unträg ofgelehnt. De Bagger ass an de leschten drësseg Joer nach méi drënner gefuer wéi virdrun, an der Haaptstad wéi am Rescht vum Land.

Den Denkmalschutz gouf nach eng Kéier op de Leescht geholl

Fir dëser Entwécklung Rechnung ze droen, gouf d'Denkmalschutzgesetz nees op de Leescht geholl. Dat war am Joer 2000, op Initiativ vun der CSV-Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges. Haut, bal 20 Joer méi spéit, waart d'Land nach ëmmer op dat neit Gesetz. Dat ass ee Skandal u sech, op deen ech nach eng Kéier méi genee wäert agoen. Oder, wann ee wëll, e weidert Puzzelstéck am grousse Skandal vun der progressiver Zerstéierung vum Lëtzebuerger architektoneschen a kulturelle Patrimoine, also vun eiser Identitéit, also vun eisem Land.

Vun 2000 bis 2009 gouf et, wann ech richteg gezielt hunn, net manner wéi siwe Versioune vun deem Projet, dräi Avise vum Staatsrot, nieft Avise vun der Chambre de commerce a vum Mouvement écologique. An 39 Reuniounen huet sech de parlamentaresche Kulturausschuss domat befaasst. An op eemol näischt méi.

Dach: 2013 nach ee 652 Säiten décke Rapport vun engem franséische Jurist, dem François Desseilles, deen all Analysen a Konklusioune bitt zu de rechtleche Méiglechkeete vun Denkmalschutz national an international. Och dee Rapport ass am Tirang verschwonne wéi d'Konklusioune vun den Assises du patrimoine vun 2014. Am Tirang verschwonne wéi de Klasséierungsuntrag vum Löschenhaus viru 40 Joer.

Mir féiere Krich géint de Patrimoine

All déi, déi de Sisyphuskampf géint de privaten, kommunalen a staatleche Vandalismus féieren, denken net fir näischt ëmmer nees zeréck un d'Löschenhaus. Während dës Chronik iwwer d'Antenne geet, ginn ofgerappt oder sinn an akuter Gefor ofgerappt ze ginn: nieft den Haiser um Lampertsbierg e Bauerenhaff zu Lënster, en aneren zu Beefort, vill al Haiser am Raum Kielen a Wäisswampech, zu Contern, zu Miersch op der Méchelsplaz, d'Siloen, och zu Miersch, d'Gar zu Ettelbréck.

D'lescht Joer huet de Fierschter a kompletter Illegalitéit zu Diddeleng d'Direktioun vun de Minièren ofrappe loossen. Zu Iechternach, wou d'Vandalen aus de 1970er Joren offensichtlech Nowuess kruten, gouf virun dräi Joer dem Industriellen a Schrëftsteller André Duchscher säi Gebuertshaus plattgewalzt, kuerz ier Sites et monuments et wollt klasséiere loossen. Am Mäerz dëst Joer sinn zu Iechternach d'Oachtergäert aus dem 18. Joerhonnert zerstéiert ginn, just ier d'Naturschutzgesetz se hätt kënne retten.

Wéi hat d'Anne Fabeck-Scholtes am zweete Carnet d'opinion vun der Fondation de l'architecture et de l'ingénierie geschriwwen : "Le non-respect du patrimoine bâti produit les mêmes effets qu'une guerre qui détruit les traces du bâti". Zu Lëtzebuerg brauche mir op jiddwer Fall d'75 Joer vun der Ardennenoffensiv dëst Joer net ze commemoréieren. Amplaz inzenéiere Staat a Gemengen Dag fir Dag e makabere Re-enactment a féiere Krich géint de Patrimoine vum eegene Land, dës Kéier net nëmmen am Éislek mee landeswäit.