Radioen

On air

Tockcity  |  English Teacher - R&B

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loïc Schlentz: "Vum Musical an de Gaart"

Sot emol

Loïc Schlentz: "Vum Musical an de Gaart"

De Loïc Schlentz ass Sänger, Acteur an Dänzer, genee dat, wat ee brauch fir am Musicalberäich op der Bün ze stoen. Hien huet zu Berlin op der "Universität der Künste" studéiert, a lieft aktuell deels an der däitscher Haaptstad, deels awer och nach zu Munneref.

auto_stories

4 min

De Loïc ass schonn als Kand a Kontakt mat Musek komm: hie war an der Harmonie Munneref, huet Solfège gemaach an hien sech un d'Klarinette ginn. Schonn an de Solfègecoursen ass seng Stëmm opgefall, esou datt hien och ganz séier Gesankscourse beim Danielle Kohl hat. De Loïc Schlentz seet, datt hien am Fong geholl mat Musek grouss ginn ass.

"Ech hat mäi Pätter, deen éischt Gei am OPL gespillt huet, also deemools jo de Radiosorchester, an dee si mer vill kucke gaangen. A mäi Papp huet doheem ëmmer immens vill Musical gelauschtert, ënner anerem "Notre Dame de Paris" oder "Roméo et Juliette", déi grouss franséisch Klassiker. Mer haten ëmmer e gudden Toun doheem, dat war mengem Papp wichteg."

Op Paräis sollt et goen, op Berlin ass et gaangen

De Loïc Schlentz ass de Musek trei bliwwen, huet säi Lycée am Athenäum gemaach, an eng Première op der F-Sektioun ass eraus komm. Mee u sech hat de Loïc Schlentz wëlles op Paräis Droit a Geschicht studéieren ze goen.

Dat war de Projet mä aus Paräis ass d'Universität der Künste zu Berlin ginn

"Jo, well ech geduecht hunn da probéieren ech alt, well mech esou vill Leit motivéiert hu vu baussen. (...) An ech krut och eng Kéier am Conservatoire gesot, esou e schéine Saz: "Jo, du bass eppes wéi eng gutt Fläsch Schampes, déi nach net op ass an déi opgemaach muss ginn", also op mäi Gesang bezunn. Verschidde Sätz hunn ech mer verhalen, an ech sot mer wann ech Gesang studéieren, da muss ech an Däitschland goen."

Vum Operegesang eriwwer bei de Musical

De Loïc Schlentz huet zu Berlin ugefaange "Chant lyrique" ze studéieren, bei engem Professer, deen awer nëmme ganz seelen do war. Sou datt de Loïc Schlentz sech verluer gefillt huet, well ebe säin Haaptfach dauernd ausgefall ass.

Bei engem Austausch dunn tëscht Musicalsänger an Operesänger an en duecht fir sech: "de Musicalgesang, dat wier eppes fir mech".

"An do sinn ech fir d'éischte Kéier empfaange ginn, och gesanglech. Do ass e Proff vum Musical bei mech komm, dee gesot huet, ma wat hues du eng fantastesch Stëmm, firwat séngs de am Fong Oper?"

An de Loïc Schlentz huet et do fäerdeg bruecht als éischte klassesche Gesangstudent bei engem Musicalsproff Coursen ze hunn. Bis en d'Opnamprüfung fir Musicalformatioun konnt maachen. De Gesang war an der Rei, schauspilleresch gouf et eng kleng Basis, mee den Danz war de Problem.

"Do war ech en Ufänger. (...) Do hunn ech gesot, du muss onbedéngt vill Danz maachen. Do hunn ech da ganz vill Privat- a Gruppecoursen am Ballet, am Jazz, am Contemporary an am Step geholl. Awer axéiert vrun allem och emol e kierperlechen Tonus ze kréien op de Ballet."

De Gaart ass nieft der Musek eng aner Passioun

De Loïc Schlentz huet seng Musicalformatioun gemaach, hat och vill Engagementer, mee wéi fir vill aner Kënschtler war de Confinement keng agreabel an einfach Zäit. Quasi vun haut op muer waren d'Büne gespaart an zemools u Sange war net ze denken.

De Loïc Schlentz huet déi Paus wuel genoss, een Dag, nach en Dag, ma iergendwann geet et duer.

"Ech sinn e Mënsch, ech muss eppes wurschtelen. (...) Wéi sech den éischte Lockdown ugekënnegt huet sinn ech vu Berlin op Lëtzebuerg zeréck komm, well ech duecht, et ass méi flott am Elterenhaus Corona ze verbréngen, wéi an der klenger Wunneng zu Berlin."

Mat senge Gesëschter, déi och doheem waren, hate se eng flott Zäit. Wärend zwou Woch huet hien dunn am Gaart geschafft, well dat ass nieft der Bün seng grouss Leidenschaft.

"Do ass dann iergend eng Kéier alles gemaach am Gaart no zwou Wochen. An do hunn ech geduecht: wéi maachen ech dat elo. A mäin Noper ass Wënzer op der Musel. Do koum en eng Kéier erëm, do sot ech, hues de net eppes fir mech ze dinn, ech géif gäre schaffen, ech maachen et och ëmsoss. An do sinn ech fënnef Méint um Stéck all Dag bei hie schaffe gaangen."

De Loïc Schlentz war elo zu Lëtzebuerg fir am "Esch 2022"-Projet vun der Käler Gemeng "De nei Mineur" mat ze maachen. Ma en hofft awer och datt en iergendwann mat de "Real Comedian Harmonist", wou hien den zweeten Tenor ass, hei zu Lëtzebuerg op enger Bün ze gesinn an ze héieren ass.