D'Problemer um Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg sinn ouni Zweiwel e brennende Sujet. Et ass awer net déi éischte Kéier, datt d'Land mat enger Logementskris konfrontéiert ass. Dat war och schonn an den 1920er Joren de Fall. Deemools hat d'Regierung déi éischte Kéier e Mieterschutz agefouert, deen awer just vu begrenzter Dauer war.
Zäitgenossen haten e puer Grënn fir d'Kris vun den 20er Joren avancéiert, ënner anerem d'ofgebremste Bauaktivitéit an de Manktem vun neie Wunnenge wärend dem Éischte Weltkrich. Verschidde Politiker, wéi de konservativen Deputéierten Eugène Steichen, hu mam Fanger op d'Immigratioun gewisen, op d'Néierloossung vu sougenannten "indésirables". Esou immigratiounskritesch Positioune waren net op ee politesche Fligel limitéiert. De liberalen Deputéierten Albert Clemang zum Beispill hat gefuerdert, datt Auslänner sollte forcéiert ginn, Haiser ze bauen. En anere Virschlag war, d'Néierloossung vun Auslänner a besonnesch betraffe Gemenge méi streng ze kontrolléieren.
Zwar stëmmt et, datt d'Immigratioun nom Krich zougeholl huet, dat war awer verbonne mat der Reprise vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten. Doriwwer eraus hate Bestietnisser a Gebuerten zougeholl, wat zu engem gréissere Besoin vu méi grousse Wunnenge gefouert huet.
Eng zäitlech limitéiert Politik
Am Kader vum Mieterschutz vun den 20er Jore waren déi legislativ Decisiounen ëmmer vun dréngendem an zäitlech limitéiertem Charakter. All d'Arrêtéë fir de Mieterschutz, déi zum groussen Deel den Zweck haten, d'Delaie vun de Mieterschutzgesetzer ze verlängeren, hu sech op e Gesetz vun 1915 baséiert, dat der Regierung méi Pouvoiren zougestanen hat, deemools och als Diktatorialgewalt bezeechent. De Staatsrot war zwar net frou, hat dat Virgoen awer an enger éischter Phas toleréiert. "Nécessité fait loi," wéi en an engem Avis vum Juni 1920 geschriwwen huet.
Schonn 1918 hat d'Regierung Konziliatiounsorganer geschafen, fir Sträitfäll tëschent Proprietairen a Locatairen ze schlichten. Ee Joer drop goufen se duerch Schiedsgerichter ersat, déi d'Loyeren erofsetzen oder d'Mietverträg verlängere konnten, wann se et fir noutwenneg eruecht hunn.
D'Kris konnt domat awer net geléist ginn. An de Stied uechtert Land waren honnerte vu Familljen op der dréngender Sich no enger Wunneng. Am Januar 1920 waren et eleng zu Esch-Uelzecht 121 Stéit. An d'Situatioun huet sech sou bal net berouegt: am Juli 1923 waren 291 Famillje beim Escher Office de location ageschriwwen. Esch war besonnesch staark betraff, mee et war net déi eenzeg Gemeng. Réckbléckend ass et schwéier nozevollzéien, wéi genee d'Kris an de verschidde Stied evoluéiert huet, well et net genuch Statistike ginn.
Dat éischt Mieterschutzgesetz gouf am Mäerz 1920 votéiert, op Initiativ vum liberalen Deputéierten a Stater Buergermeeschter Gaston Diderich. D'Gesetz sollt fir ee Joer gülteg sinn an hat ënner anerem d'Mietverträg bis Abrëll 1921 verlängert. Gläichzäiteg goufen d'Loyerspräisser gedeckelt. D'Gemengen hunn dierften eidelstoend Wunnenge requisitionéieren. Vill Gebrauch gouf awer anscheinend net dovu gemaach, vu datt den zoustännege Generaldirekter Raymond de Waha d'Gemengen an engem Schreiwes vum Mee 1920 nodrécklech dorop opmierksam gemaach huet.
Wéi den Delai vum Gesetz méi nokoum, gouf de Mieterschutz per Arrêté verlängert bis zum Vott vun engem neie Gesetz, well d'Kris nach ëmmer net eriwwer war. Am Abrëll 1921 huet den de Waha misse constatéieren, datt d'Kris sech souguer verschlëmmert huet. Allerdéngs wollt d'Regierung de Mieterschutz net dauerhaft am Gesetz festschreiwen.
Vun 1920 un hu sech Proprietären a Locatairen a jeeweilegen Associatiounen zesummegedoen an hir Positioune verdeedegt. An der Chamber hat munch Deputéierten eng zwiispälteg Astellung: d'Kris gouf zwar erkannt, mee et wollt ee gläichzäiteg net d'Proprietäre bei de Kapp stoussen. Géigner vum Mieterschutz hu besonnesch den negativen Impakt op de Bausecteur an d'Limitatioun vum Besëtzrecht ënnerstrach, a wollten esou schnell wéi méiglech zum sougenannten "droit commun" zeréck.
Mam neie Gesetz vum Juli 1921 koum et zu enger geographesch limitéierter Ëmsetzung vum Mieterschutz. Dee konnt nëmmen an deene Gemengen applizéiert ginn, déi offiziell e Wunnengsmangel constatéiert haten. Betraff waren Déifferdeng, Esch a Lëtzebuerg. An de folgende Méint a Jore si Verlängerunge vum Delai nokomm. 1924 gouf en neit Gesetz votéiert, dat fir zwee Joer gülteg war.
D'Enn vum Mieterschutz
1927 ass de Mieterschutz eng leschte Kéier fir e puer Méint agefouert ginn, awer nëmmen zu Esch a Lëtzebuerg. Obwuel Stied wéi Schëffleng oder Wolz eng Logementskris deklaréiert haten, bloufen se ausgeschloss. Zu Diddeleng hunn nach honnerte vu Wunnenge gefeelt. Am Oktober reecht de sozialisteschen Deputéierten Nicolas Biever eng Gesetzespropos an, fir de Mieterschutz ab 1928 erëm anzeféieren. Se gouf awer vum Staatsrot ofgeleent, well en dat net als néideg ugesinn huet.
Mam Enn vum Mieterschutz schéint d'Logementskris net eriwwer ze sinn. E Rapport vun der Stater Logementskommissioun vum Dezember 1928 huet d'Situatioun an der Haaptstad analyséiert an als Conclusioun geschriwwen: "[...] la crise du logement existe toujours dans la ville de Luxembourg, mais elle ne consiste pas seulement dans la pénurie des logements, mais aussi dans les prix excessifs des loyers demandés par les propriétaires."
D'Regierung privilegiéiert de Bau vun neie Wunnengen an d'Verdeele vu Staatshëllefe fir d'Acquisitioun. Dës Politik gouf net wierklech kontestéiert. Meenungsverschiddenheete gouf et bei der Fro, op een och d'Locatioun soll ënnerstëtzen. Fir d'Regierung an e gudden Deel vun der politescher Klass war d'Eefamilljenhaus den ideale Modell. Wéi den Eugène Steichen 1921 an der Chamber sot, datt d'Lëtzebuerger virun allem en eegent Heem wëllen hunn, hat en eng wäit verbreete Meenung zum Ausdrock bruet.
Ganz dovun ofgesinn, ob se effikass sinn oder net, si verschidde Prinzippien an Iddien aus den 20er Joren haut fest am Gesetz verankert, wéi de Plaffong vum Loyer an d'Mediatioun vu Sträitfroe mat den haitege Loyerskommissiounen. Et huet eng sanitär Kris gebraucht, fir datt de Staat aner Mesuren entdeckt, wann och erëm zäitlech limitéiert, wéi d'Afréiere vu Loyeren an de Verbuet vun Expulsiounen. "Nécessité fait loi", deemools wéi haut. An och nach haut maachen héich Loyere ville Stéit Problemer a gi Familljen op d'Strooss gesat.