D'Wuert Loch, wéi a Loch Ness oder Loch Lomond, déi zwee gréisste Séien a Schottland, bedeit an der aler Schottesch-Gälescher Sprooch näischt anescht wéi ee Séi. Op Englesch gëtt Loch dann och direkt mat "lake" iwwersat, oder och nach mat "a body of water", also mat enger Plaz, wou sech Waasser sammelt. Dat kéint deemno och e klenge Mouer oder eng Supp sinn.
Dat Englescht Wuert "lake" ass dann nees vum Alfranséische "Lack" iwwerdroe ginn, deemools nach mat CK hanne geschriwwen, wat sech sengersäits aus dem Laténgesche Wuert "lacus" entwéckelt huet, a fir en Dëmpel oder e Weier gebraucht gouf.
D'Wuert am Däitschen
Och am Däitschen gëtt et d'Wuert Loch, a steet an éischter Linn emol fir eng Ëffnung, eng Bascht, e Lach eben. Ma "ein Loch" kann och eng Verdéiwung sinn, déi mat Waasser gefëllt ass, oder esouguer eng Hiel.
An Däitschland schwätze se dann och vun de sougenannten "Schlucklöcher". Dat sinn Ëffnung dobaussen an der Natur, duerch déi e fléissend oder stoend Gewässer offléisst an ënnerierdesch weider leeft. Esou Schlécklächer, am Fachjargon "Ponor" genannt, ginn et heefeg a Regiounen mat Kallek- oder Sandsteen als Ënnergrond.
Zu Lëtzebuerg
Ech wëll Iech net nach méi Erklärungen ëm d'Ouer schloen, mee Dir misst elo eigentlech schonn op d'Äntwert kënne kommen, firwat de Schottesche Séi mam Numm "Loch Ness" och eppes mat eise Flouernimm ze dinn huet. Hei am Land ginn et nämlech och eng Jett Lochen, an zwar bei Méchela, Pëtschent, Iermsdref, Kautebaach, Beefort a Bäerdref.
Op dëse Flouer heescht et entweder ganz einfach "Loch" oder och nach "Am, Op oder Iwwer der Loch", an - wéi sollt et anescht sinn - et fënnt een se bal alleguer an de Kallek- a Sandsteen-Regioune vun eisem Ländchen erëm. Mat anere Wierder, op dëse Plaze gouf et fréier emol, an deelweis och haut nach, e Weier oder eng Baach, e Gewässer, dat do vläicht souguer of- an ënnerierdesch weidergelfa ass.
Sproochlech Änlechkeeten
Zu Betzder ginn et dann nach d'Lochewisen, an zu Iermsdref e Lochbusch. Zu Meesebuerg an zu Noumer huet dëse Flouernumm nach eng liicht aner Aussprooch, ma ass awer op deselwechten Ursprong zeréckzeféieren. Do heescht et nämlech net Loch, mee Lock: Op, hanner, iwwer der Lock, oder och nach "Op der hënneschter Lock".
A wann ee sech virun Aen hält, datt d'Wuert Loch am wäitste Sënn vum Laténgesche "lacus" hierkënnt, wou jo schonn de Buschtaf "C" dran ass, an datt am Mëttelnidderdäitschen an Mëttelnidderlänneschen (déi jo mat eiser Sproochentwécklung eppes ze dinn hunn) d'Wuert "Loch" ganz einfach mat "Lok" ausgeschwat gouf, dann ass et verständlech, datt dat Wuert säi Wee och bis op Lëtzebuerg fonnt huet an dat selwecht bedeit wéi Loch.
Zu Noumer
An de Fluernumm "Op der Lock" zu Noumer dierf souguer deem engen oder aneren bekannt sinn, well do de sougenannte Champignon-Fiels steet. Hei zu Land en eenzegaartege, an och monumentale Fiels, deem säin ënneschten Deel aus méi mëlle Sandsteenschichte besteet, wéi deen ieweschten, an deemno mat der Zäit duerch d'Verwitterung och méi séier ewechgespullt gouf.
Ronderëm de Champignon-Fiels fënnt een dann och nach ganz besonnesch Schläifrillen, Kaulen a symbolesche Zeechen am Sandsteen, déi drop hindeiten, datt op dëser Plaz scho virun 3.000 Joer Mënschen am Steen musse geschafft hunn.
Et ass ee sech bis haut nach net eens, wat genau do gemaach gouf. War et ganz einfach e Steebroch, an deem och d'Handwierksgeschier vun deemools, Schaber oder Beilen, geschlaff goufen? Oder war et souguer eng mystesch Plaz, wou ëmmer nees Zeremonien gefeiert gi sinn?
Gitt vläicht emol eng Kéier selwer op d'Lock bei Noumer luussen, fir iech en eegent Bild vun dëser dach beandrockender Plaz ze maachen.