Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Gestapiste

Zäithistoriker

Lëtzebuerger Gestapiste

Den 28. Mee koum "La justice belge, les bourreaux allemands et la Shoah" eraus. D'Autorin, d'Marie-Anne Weisers, Fuerscherin op der Université Libre de Bruxelles, hannerfreet d'Aart a Weis, wéi déi belsch Justiz, no der Liberatioun, déi däitsch Krichsverbriecher jugéiert huet. An hirem Buch geet et ëm Victimmen, ëm Täter a souguer ëm Leit, déi béides an engem waren. An engem Kapitel sinn d'Haaptprotagoniste Lëtzebuerger. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

D'Jeanne Salomon huet Lëtzebuerg am August 1940 Richtung Bréissel verlooss. Si war 28 Joer al, Lëtzebuergerin, Jüddin an net méi wëllkomm an hirer Heemecht, déi mat der Ernennung vun engem däitsche Gauleiter souwisou opgehalen hat ze existéieren. De Grand-Duché sollt am groussdäitsche Räich ënnergoen an esou séier wéi méiglech "judenrein" ginn. De Gauleiter Simon huet dat zwar eréischt am September haart a kloer gesot. Mee datt dat vun Ufank u seng Absicht war, konnt keen ignoréieren. D'Lëtzebuerger Police huet an den éischten August-Wochen ugefaangen d'Judden am Land opzelëschten.

Zwee Méint nodeems d'Jeanne sech an der besater, belscher Haaptstad niddergelooss hat, koumen hire Mann, de Bernard Ingwer, an hire Schwoer, de Willy Ingwer, no. An de Joren duerno hu si an der Avenue Rogier, Nummer 16, eng Existenz geféiert déi vun der permanenter Menace gezeechent gouf entdeckt a verhaft ze ginn. Den 22. Februar 1943 ass dat dann och geschitt. D'Famill war verrode ginn.

De 19. Abrëll sinn d'Jeanne, de Bernard an de Willy an en Zuch gezwonge ginn, deen op Auschwitz gefuer ass. De Willy huet et awer fäerdegbruecht kuerz nom Depart erauszesprangen. D'Jeanne war zu deem Zäitpunkt schwanger. D'Kand koum am Vernichtungslager op d'Welt a gouf virun den Ae vu senger Mamm ermort. De Bernard ass och zu Auschwitz gestuerwen. D'Jeanne huet iwwerlieft an ass nom Krich op Lëtzebuerg zeréckkomm.

D'Verhaftung vun der Famill Ingwer

Der Jeanne hir Verhaftung gëtt an engem Buch erzielt, an deem och d'Leit beschriwwe ginn, déi se duerchgefouert hunn: La justice belge, les bourreaux allemands et la Shoah. D'Autorin, d'Marie-Anne Weisers, ass Fuerscherin op der Université Libre de Bruxelles. Hiert Buch hannerfreet d'Aart a Weis, wéi d'belsch Justiz däitsch Krichsverbriecher no der Liberatioun jugéiert huet. Et baséiert op Dokumenter aus de belschen an, am Fall vun der Jeanne Salomon, och aus de Lëtzebuerger Epuratiounsarchiver. An dëser Affär koumen nämlech net nëmmen d'Affer aus dem Grand-Duché. Iwwer d'Verhaftung liest ee Folgendes:

"Le 8 ou le 18 février 1943, selon Johannah Salomon, le 13 février selon Willy Ingwer, et en réalité le 22 février comme on le verra plus loin, quelqu'un sonne quatre fois à leur porte, un signal convenu entre eux. Bernard Ingwer ouvre la porte. Fait alors irruption une équipe d'arrestation de la section juive de Bruxelles, composée de trois ou quatre agents: un Allemand [...], accompagné du dénonciateur Jacques Glogowski [...] et d'un chauffeur luxembourgeois. En entendant son frère crier, Willy Ingwer s'enfuit sur les toits, mais l'un des policiers se lance à sa poursuite l'arme à la main, éclaire le toit à l'aide d'une lampe de poche et lui crie, selon les deux témoins: 'Revenez ou je tire, on n'en est pas à un près.' Coincé, Ingwer revient dans l'appartement où le même policier lui dit: 'J'en ai déjà abattu un aujourd'hui', puis le regarde et ajoute: 'Vous êtes bien luxembourgeois, vous avez un commerce rue Siegfried en face du Letzeburger Wort.' Ingwer précise que cette phrase, le gestapiste l'a dite en dialecte luxembourgeois, et ajoute: 'Il ne mentait pas parce qu'en effet, avant que la guerre n'éclate, j'avais un commerce de tailleur dans la rue en question. Quand j'ai demandé au gestapiste s'il était luxembourgeois vu qu'il se servait du dialecte luxembourgeois, il m'a répondu en langue allemande: 'Je ne suis pas luxembourgeois, mais Reichsdeutscher.'"

Juddejeeër zu Bréissel

De Lëtzebuerger Gestapiste huet Lambert Namur geheescht. Wéi een dat an der Marie-Anne Weisers hirem Buch liese kann, war hien den 18. August 1918 zu Hollerech gebuer. 1934 huet hie sech zu Bréissel installéiert, wou hie fir d'éischt als Patissier geschafft huet. Duerno hat hien divers aner Beruffer: Chauffeur, Serveur. Enn 1940 oder ufanks 1941 ass hien der belscher Sektioun vun der Volksdeutscher Bewegung bäigetrueden.

Am Februar 1941 huet hien eng Plaz fonnt an der Fahrbereitschaft vun der Bréisseler Sipo-SD, dem däitsche Policeapparat. Ganz séier ass hien awer vill méi gi wéi e Chauffeur. Vun 1942 u war de Namur an der Abt. IV B. vun der Sipo-SD täteg, dem Judenreferat. Säin Optrag war d'Judden ze fannen, déi sech an der belscher Haaptstad verstoppt hunn. Hien huet meeschtens nuets geschafft, bewaffent, mee an ziviller Kleedung - déi schwaarz SS-Uniform huet hie just wärend den Übunge gedroen.

Dem Namur seng Aktivitéit war net selbstlos. De 26. November huet hien un der Verhaftung vun enger eelerer Koppel deelgeholl, de Max an d'Hedwige Daniels. Si goufen op Auschwitz deportéiert an do ermort. E puer Woche méi spéit ass den Namur mat senger Fra an hirer Wunneng agezunn. D'Nokrichstemoignagë weisen, datt hie seng Affer net nëmme beklaut, mee och gäre gefoltert huet, fir Informatiounen ze kréien.

Zweemol verurteelt

D'belsch Justiz huet scho vun Oktober 1944 u géint den Namur ermëttelt. Si konnt seng Verwécklung bei der Verhaftung vu véier Persoune feststellen. De 24. Abrëll 1945 huet si hien zu 15 Joer Prisong verurteelt. De Problem war, datt den Namur deemools zu Lëtzebuerg am Prisong souz, an datt de Grand-Duché an där Zäit kee vu senge Staatsbierger ausgeliwwert huet. D'Anne-Marie Weisers erkläert, datt d'Lëtzebuerger Justiz awer d'Méiglechkeet hat de Namur selwer ze jugéieren, op der Basis vum Artikel 5 vum Code d'instruction criminelle laut deem

"[t]out Luxembourgeois qui hors du territoire du Grand-Duché s'est rendu coupable d'un crime puni par la loi luxembourgeoise peut être poursuivi et jugé dans le Grand-Duché ".

D'Instruktioun gouf dem Substitut Heiderscheid uvertraut. Deen huet et net nëmme fäerdegbruecht Zeien zu Lëtzebuerg ze fannen, un éischter Stell d'Jeanne Salomon an de Willy Ingwer. No der Verëffentlechung vun enger Foto vum Namur an de belschen Zeitunge konnten och am Nopeschland drësseg weider Victimmen hien identifizéieren. Den 11. Februar 1948 huet den Tribunal spécial de Lambert Namur zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt.

D'Marie-Anne Weisers schreift:

"Lorsqu'on compare les procès belge et luxembourgeois contre Lambert Namur, ce qui frappe avant tout est la différence de consistance des deux dossiers. L'instruction belge est brève et rapidement clôturée. Elle débute particulièrement tôt et s'achève de manière expéditive deux mois plus tard [...] C'est la décision du substitut Heiderscheid, de publier la photo de Namur dans la presse belge qui déclenche une succession importante de témoignages d'origine diverse. [...] L'intérêt et le mérite du procès de Lambert Namur devant la justice luxembourgeoise est d'être parvenu à établir et mettre en lumière la violence et la fréquence des opérations d'arrestations auxquelles participait l'un des agents de la section juive de Bruxelles."

Duebele Verrot

D'Lëtzebuerger Justiz hat also d'Méiglechkeet Lëtzebuerger Bierger ze jugéieren, déi hiert Onwiesen am Ausland gedriwwen haten. Dat ass e wichtege Punkt. Am Fall vun de Membere vun der Fräiwëllegekompanie, déi un de Verbrieche vum Polizei-Reservebataillon 101 deelgeholl hunn, gëtt ëfters behaapt, datt Lëtzebuerger Magistraten näischt hätte kéinten ënnerhuelen, souguer wa si de Wëllen dozou gehat hätten. Dat ass also falsch.

D'Anne-Marie Weisers weist awer och, datt dee Wëllen net onbedéngt gefeelt huet, op jidder Fall net an dëser Affär. Datt d'Lëtzebuerger Justiz d'Verbrieche vum Namur net ënner dem Teppech gekiert huet; datt se souguer vill méi wäit gaangen ass, wéi hire belsche Pendant - souwuel an der Sich no der Wourecht, wéi och an der Bestrofung. Natierlech war et méi einfach an der Belsch ze ermëttelen, wéi hanner dem Eisene Rideau. Et war och manner problematesch en isoléierten Individuum ze jugéieren, wéi d'Representante vun enger staatlecher Institutioun.

D'Lëtzebuerger Ermëttlung hat schlussendlech den Avantage den dréiwen Isotop zu Liicht ze bréngen, deen d'Judenabteilung vun der Bréisseler Sipo-SD gebilt huet. Si huet zum Beispill och d'Roll vun engem extrem ambivalente Personnage ervirgehuewen, dem Jacques Glogowski, e jüddesche Kollaborateur vun der section antijuive, deen no der Deportatioun vu senger Fra a sengen dräi Kanner aktiv un der Juegd géint aner Judden deelgeholl huet. Hien ass deen, deen d'Famill Ingwer fonnt huet. Der Jeanne Salomon hir tragesch Geschicht ass déi vun engem duebelen Verrot: dee vun engem anere Lëtzebuerger, an dee vun engem anere Judd.