Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vum Schoulsystem?

Podcast "Schlechte Schüler"

Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vum Schoulsystem?

D'Direktesch vun der internationaler Schoul zu Miersch ass iwwerzeegt, datt dëse Schoulmodell méi gerecht ass. Ee Gespréich mat der Julie-Suzanne Bausch iwwer déi drëtt Episod vun eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler".

auto_stories

4 min

D'Julie Suzanne Bausch ass Direktesch vun der internationaler Schoul zu Miersch.

D'Pia Oppel an d'Julie Suzanne Bausch lauscheren play_arrow


D'Julie-Suzanne Bausch ass zanter der Ouverture vun der neier internationaler Schoul zu Miersch (EIMAB) am September 2020 Direktesch vun där Schoul.

D'EIMAB funktionéiert d'selwecht wéi fënnef aner Schoulen am Land nom Modell vun den Europaschoulen. D'Schülerinnen an d'Schüler hunn de Choix tëschent dräi Sproochesektiounen: Däitsch, Franséisch oder Englesch.

Méi Sproochesektiounen an all Grondschoul

Fir d'Julie-Suzanne Bausch leien d'Virdeeler vun dësem Schoulmodell op der Hand. Am Idealfall géif all Grondschoul am Land méi Sproochesektiounen ubidden: D'Kanner wieren dann all zesummen an enger Schoul, mee d'Basis géif da geluecht ginn an enger Sprooch "déi hinne läit". Et wier un der Zäit fir eppes um traditionelle Schoulsystem ze änneren:

"Jo, 'never change a winning team', ausser en ass net méi 'winning'."

D'Julie-Suzanne Bausch verzielt, datt si d'Schoul schonn als Schülerin an den 1970er als ongerecht empfonnt huet. Vill vun hiren deemolege Schoulfrënn, déi doheem kee Lëtzebuergesch geschwat hunn, wieren am Däitschen net nokomm.

"Op Lëtzebuergesch si mir eens ginn am Haff, mee esou bal dat Däitscht, wat op Lëtzebuergesch grefféiert ginn ass, de berüümten "de Bim ass do" - "Bim ist da" - da waren déi drun, da waren déi Kanner wierklech erleedegt."

D'Julie-Suzanne Bausch huet Philosophie studéiert an dat Fach laang Joren a verschiddene Lëtzebuerger Lycéeën enseignéiert. Si huet schonn deemools dofir plaidéiert, datt d'Sproochen am Lycée keng Barrière dierfe sinn. Mee déi Diskussioune wieren net ëmmer einfach gewiescht.

EIMAB Lëtzebuergesch-Programm ass "zolidd"

D'Suerg, datt d'Lëtzebuergesch an den ëffentlechen internationale Schoulen ze kuerz kéim, kann d'Direktesch vun der EIMAB net novollzéien. De Programm fir dat Fach wier "zolidd". An hir Schoul géif vill Efforte maachen, fir datt d'Lëtzebuergescht als Ëmgangssprooch géif benotzt ginn.

Fir datt de Wiessel vun enger ëffentlecher internationaler Schoul an eng Beruffsausbildung méi einfach ass, wier et der Julie-Suzanne Bausch no sënnvoll, fir och an der Beruffsausbildung méi Sproochen-Optiounen unzebidden.


Déi neisten Episod vum Podcast "Schlechte Schüler" gëtt all Méindeg op 100komma7.lu publizéiert, grad ewéi op den übleche Podcast-Plattformen.


Dir kënnt och weider wéi gewinnt déi eenzel Episoden direkt an der 100,7-App oder iwwer den Internetsite lauschteren.

Klickt dofir hei ënnendrënner op déi jeeweileg Episod.


Episod 3 - Esch international

D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul.


Episod 2 - Zeréck an d'Zukunft

D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.


Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un

D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: "Ech sinn net intelligent".