Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léieren dobaussen - D'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Webinaire

Léieren dobaussen - D'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial

Am Prinzip kann ee praktesch all Schoulfach och ausserhalb vum Klassesall léieren. Naturwëssenschafte souwisou, mee och Fächer wéi Mathe, Sproochen an anerer kënnen doduerch vermëttelt ginn, andeems een als Léierpersoun d'Ëmwelt virun der Dier an den Unterrecht mat abaut.

auto_stories

2 min

Dat bedeit net zwangsleefeg, datt ee méi Ressource brauch. Awer natierlech verlaangt dat e bëssen eng aner Organisatioun vun der Léiergrupp.

Doriwwer an iwwer eng ganz Rei vu flotte Projeten, déi am Kader vum Léieren dobaussen an deene leschte Joren am Schoulsystem entstane sinn. Si ginn an dësem Webinaire virgestallt, an dem interesséiert Enseignanten awer och gewuer ginn, wéi si Léieren dobausse kinnte gestalten.

De 14. Juni vu 14.30 bis 16.00 diskutéieren dräi Expertinnen an een Expert am Studio d'Méiglechkeeten, déi et fir en Unterrecht ausserhalb vum Klassesall ginn a wéi een sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen. Zousätzlech sinn an der Emissioun Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.

Webinaire: Léieren dobaussen - d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial from radio 100,7 on Vimeo.

Invitéeën am Studio sinn:

  • d'Andrea Fiedler, Erzéiungswëssenschaftlerin an am Konzeptteam vun der Initiativ Fuerschen Dobaussen.
  • d'Véronique Kohnen, Enseignante am Zykel 3 an am Konzeptteam vun der Initiativ Fuerschen Dobaussen.
  • d'Renée Fretz, Enseignante am Zykel 1 zu Wolz.
  • de Pit Mischo, Ex-Schoulmeeschter a Grënner vun der Naturschoul Lasauvage

D'Nolauschterer hunn d'Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hir Froen iwwer Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621 44 00 44) eranzereechen.

D'Participatioun vun Enseignante um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen: www.ifen.lu