Kannereck Lauschtergeschicht: "Ouschteren ass blöd" vun der Anja Di Bartolomeo

De radio 100,7 proposéiert eng Ouschtergeschicht, déi d'Anja Di Bartolomeo fir eis geschriwwen huet. An "Ouschteren ass blöd" steet de Lausbouf Jos am Mëttelpunkt. Lauschtert déi ganz Geschicht hei.

jcm / cbi

Kannereck
Bild: Bigstock /Katerina Chuya

"Ouschteren ass blöd" lauschteren

Vläicht erënnert Dir Iech nach um Jos seng Aventurë an der Corona-Zäit mam Kleeschen, oder wéi de Jos Halloween erlieft huet (Deel 1, Deel 2, Deel 3), oder wéi de Jos mat der Bomi an dem Bopa e Pastaconcours gewonnen huet (Deel 1, Deel 2, Deel 3, Deel 4, Deel 5, Deel 6, Deel 7, Deel 8, Deel 9)

Op Ouschtere freeë sech sécher vill Kanner, mee beim Jos ass dat anescht. Hie fënnt Ouschtere blöd, a wéinst senger kéint een Ouschtere roueg ofschafen. Och vun den Ouschterkaddoen ass de Jos all Joers genervt.

Wéi erlieft de Jos Ouschteren dëst Joer?

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen