Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Devendra Banhart - Fancy Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kuriéis Zuelen

Lëtzebuerger Kuriositéiten

Kuriéis Zuelen

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer Zuelen. Firwat soe mer "zwee" an "zwou"? A wouhier kënnt den "annerhallef"?

auto_stories

4 min

D'Linguistin Caroline Döhmer. Foto: Archiv

Simon Larosche: Zuelen - gëtt et do iwwerhaapt eppes Grammatesches?

Caroline Döhmer: Jo, Struktur ass iwwerall. Ech wëll eemol driwwer schwätzen, firwat verschidden Zuelen deklinéiert ginn an da wéilt ech nach gären eppes Etymologesches erzielen iwwer d'Wuert "annerhallef".

Wat ass dat scho méi genee mam "deklinéieren"?

Am Lëtzebuergeschen, wéi an eisen Nopesch-Sproochen och, gëtt d'Zuelwuert "eent" deklinéiert. Also mer hunn "eng Fläsch" an "e Stopp". Dat geet dann och am Dativ mat enger entspriechender Endung: mat enger Fläsch, mat engem Stopp. Elo ass et am Lëtzebuergeschen och esou, datt mer d'Zuelwuert "zwee" hunn, wat och verschidde Formen opweist. Dat ass dann awer net um Kasus orientéiert. Also Nominativ, Akkusativ an Dativ sinn hei d'selwecht. Wann awer de Genre vum Wuert ännert (männlech, sächlech, weiblech), ännert och mäin Zuelwuert 2: zwou Fläschen, zwee Stëpp.

A wat ass mat der Form "zwéin"?

Dat ass eng eeler Form, déi extra fir Maskulinum war.

Also fir männlech Substantiven hate mer dann "zwéin" resp. "zwéi" (wann d'n-Reegel gräift): zwéi Männer, zwéin Ieselen.
Fir Femininum ass et den "zwou": zwou Fënsteren, zwou Placken.
A fir Neutrum ass et den "zwee": zwee Länner, zwee Bréidercher.

Den "zwee" huet den "zwéin" awer beim Maskulinum zimmlech verdrängt, esou datt mer do och quasi just nach "zwee" soen: Zwee Männer, zwee Ieselen. Dat ass da Sproochwandel, wou eng Form déi aner iwwerhëlt.

A wat war dat elo mam "annerhallef"?

Op der LOD-Hotline, wou d'Leit hir Froen iwwer d'Sprooch kënnen eraschécken, koum d'lescht Woch d'Fro, wouhier d'Wuert "annerhallef" kënnt, an déi Etymologie hunn ech esou cool fonnt, datt ech se haut a meng Zuelenepisod wollt integréieren. Ass jo thematesch net ganz wäit ewech.

Heescht "annerhallef" net einfach "een an en hallwen"?

Vun der Bedeitung hier: jo. Awer etymologesch setzt et sech zesummen aus "deen aneren a bis dohin nach eng Hallschent". Ech muss dat méi genee erklären. Fir d'éischt den éischten Deel vum "annerhallef" (aner). "Deen een an den aneren": hei heescht "deen aneren" am Prinzip "deen zweeten". Mer verhalen eis also "aner" heescht a bestëmmte Kontexter einfach "den zweeten". En huet also eng ordinal Funktioun, e sortéiert Saachen. Mat deem "hallef" ass et esou, datt een op den zweeten nach eng Hallschent brauch. Et ass also keng Additioun wéi bei "een an een hallwen", mee eng Subtraktioun: Zwee minus eng Hallschent. An dat ass dann 1,5.

An dat ass just beim 1,5?

Ech hunn am Mëttelhéichdäitschen, wat zirka vum 12. bis d'15. Joerhonnert geschwat gouf, Forme fonnt, déi och esou opgebaut sinn. Am Nibelungenlied ginn et da Forme wéi "vierdehalp" (also 3,5) an "vünftehalp" (also 4,5). Dat ass dann och nach an Eenzelfäll beluecht am 18./19. Joerhonnert, am Goethe sengem Wuertschatz: dritthalbmonatlich (all 2,5 Méint) oder fünfhalbhundert Fuß (450 Fuß).

Dat kléngt jo déck komplizéiert. Kee Wonner, datt een dat net méi benotzt.

Theoreetesch benotze mer dat nach bei Auerzäiten. Also wann ech soen: hallwer 4, mengen ech och net 2 Auer, mee bis op d'4 feelt nach eng Hallschent.

An am däneschen Zuelesystem hu mer dat och nach. E Beispill wier hei d'Zuel 90. Déi heescht "halvfems" (hallef fënnef). Dat ass eng Kuerzform vun "halvfemte + sinde + tyve", wuertwiertlech: deen hallef-fënnefte mol zwanzeg. Hallef 5 ass no eiser Rechnungs 4,5 an dat mol 20 ass 90.

An dat maachen se haut nach am Däneschen?

Jo, mee déi aner skandinavesch Sprooche wéi Schweedesch oder Norwegesch maachen dat net a mobben d'Däne gäre fir hire komplizéierte System. Et ass dann och nach en Zwanzegersystem, wéi mer en och fanne bei enger franséischer Zuel, nämlech bei "quatre-vingt" (4 x 20 = 80).

Wow, haut gouf et dann och emol Kuriositéiten aus anere Sproochen. Da soe mer der Merci a freeën eis op eng nei Episod!

Merci och a bis geschwënn!