Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krich géint d'Drogen

Philippinnen

Krich géint d'Drogen

De Rodrigo Duterte huet sech virun allem wéinst sengem Krich géint Drogen international en Numm gemaach. En haarde Cours vis-à-vis vun der Kriminalitéit, ass dat mannst wat een iwwert seng Politik ka soen. Hie gräift radikal géint d'Drogekriminalitéit duerch an ëmgeet hei üblech gesetzlech Prozeduren a Geriichtsuerteeler.

auto_stories

5 min

D'UNO an Amnesty international hu sech schonn an dem philippinnesche President Rodrigo Duterte seng Politik géint d'Kriminalitéit agemëscht. Et gëtt vun iwwer 7000 Doudegen am Zesummenhang mat der Bekämpfung vum Drogenhandel a -konsum geschwat, sief et duerch Selbstjustiz oder duerch Polizisten. De President huet de Polizisten eng komplett Immunitéit versprach. Si kënnen den Ament also einfach Verdächteger erschéissen.

An der Bevëlkerung huet den Rodrigo Duterte eng grouss Ënnerstëtzung. "D'Leit dohanne soen, si wieren net dogéint, wat de President géint den Drogeproblem mécht," seet de gebiertege Filipino Gody Malano. "Zwar net mat den aussergeriichtlechen Exekutiounen, mä mam Krich géint d'Drogen am Allgemengen." D'Leit géingen elo nämlech konkret Changementer erliewen. De Rodrigo Duterte ass am Joer 2016 bei de Presidentschaftswahlen op de Philippinne mam Slogan "Change is coming" ugetrueden. D'Philippinner wiere frou, datt endlech eppes geschitt.

De philippinnesche President Rodrigo Duterte fiert eng haart Linn géint Drogendealer a Konsumenten (Foto: picture alliance / Photoshot))

"D'Philippinne sinn ee grousst Land. Den Drogeproblem ass ausser Kontroll geroden," seet de gebiertege Filipino Gody Malano. E Land, dat op 7641 Inselen verdeelt ass an eng Bevëlkerung vun ëm 100 Millioune Leit ass schwéier ze kontrolléieren. De Gody Malano lieft zënter den 1990er Joren am Ausland an ass zu Lëtzebuerg President vun der asbl Samahan. Angscht virun esou enger haarder Politik hätt een op de Philippinnen net. Et wieren éischter d'Drogendealer an d'Konsumenten, déi Angscht hätten. "Déi normal Leit si vläicht esou guer frou an ënnerstëtzen d'Campagne an de Krich géint d'Drogen."

"Westlech Medien exageréieren"

De Ralph Becker, hallef Filipino duerch seng Mamm, lieft zënter engem Joer an der Haaptstad Manila op de Philippinnen. Virdrun huet hien op villen anere Plazen op der Welt gelieft, ënnert anerem a Japan oder am Silicon Valley. Hien ass net wierklech averstane mat der Berichterstattung vun de westleche Medien. "Ech fannen alles, wat an deene westleche Medien iwwert de Problem an d'Bekämpfung vun den Droge bericht gëtt, wierklech exageréiert." Op de Stroosse géing ee guer näischt matkréien, an et géing ee mierken, datt elo alles e bësse besser geet. "Am Ausland ass een der Meenung, datt hei e mega kriminelle Staat ass, datt hei just d'Police ronderëm leeft an et op der Strooss nëmmen Doudeger 1ginn," seet de Ralph Becker. "Dat ass awer iwwerhaapt net de Fall."

Wéi de Ralph Becker huet sech och de Gody Malano sécher am Land gefillt. Och wann den Drogenproblem fir hien eng perséinlech Nout huet: Hien huet säi Brudder wéinst Drogen verluer.

Déi aussergeriichtlech Hiriichtungen hunn d'Mënscherechtler am Land op de Plang geruff. Den Chito Cascon ass een vun hinnen. Hien ass President vun der philippinnescher Mënscherechtskommissioun a kritiséiert de Krich géint Drogen. Hie prangert un, datt weder d'Verfassung nach d'Mënscherechter respektéiert géinge ginn. D'Gewaltentrennung wier ënnert dem Duterte gewëssermoossen ausser Kraaft gesat ginn.

Manner Drogendealer op der Strooss

No all Schoss vun engem Polizist misst eigentlech e Rapport gemaach ginn. Déi géinge sech awer stapelen, ouni datt ee se géing liesen, heescht et vun den ONGen. D'Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch weist drop hin, datt bis elo nach keng Ënnersichung vun den Hiriichtungen ënnerholl gi wier. Et géing vun der Regierung dementéiert ginn, datt dës Hiriichtungen eppes Aussergewéinleches wieren. Et gëtt och dacks argumentéiert, datt d'Resultat am Wichtegsten ass, an d'Moyen dofir einfach a Kaf geholl ginn. "Et si manner Drogendealer op der Strooss. Dat ass d'Resultat," seet de Ralph Becker.

Eng Fra trauert ëm hire verstuerwenen Familljemember (Foto: picture alliance / Ezra Acayan)

Mëtt Mee waren zwou Vertriederinne vun der philippinnescher Zivilgesellschaft zu Lëtzebuerger bei der Organisatioun Action Solidarité Tiers Monde (ASTM). D'Angie Gonzales an d'Sharon Cabusao si responsabel fir den "Universal periodic Review" (UPR) vun der Mënscherechtssituatioun. Dës Rapport vun der UNO soll all véier Joer an all Länner duerchgefouert ginn. Deen offiziellen Bericht vun der Regierung verschéinert d'Situatioun. Dat ass d'Positioun vum Philippines UPR Watch. D'Regierung stellt sech hei hannert d'Mënscherechter, mä dat géing awer net ganz der Realitéit am Land entspriechen. Ausserdeem wieren d'Recommandatioune vum leschte Rapport vun 2012 net ëmgesat ginn, seet d'Julie Smit, Responsabel fir Asien bei der Organisatioun ASTM.

"Et sinn déi kleng Drogendealer, déi hiert Liewen op de Stroosse musse loossen. Déi Leit hannert de groussen Drogennetzwierker ginn net gepaakt."

Hiriichtung vu Mënscherechtsaktivisten

Net nëmmen den Krich géint d'Droge gëtt aussergeriichtlech gehandhaabt, mä och den Ëmgang mat Mënscherechtsaktivisten wier problematesch. "Et gëtt ganz vill iwwert d'Hiriichtungen am Kader vum Drogekrich geschwat, mä d'Attacke géint an d'Hiriichtung vu Mënscherechtsaktivisten, ass net wierklech en Thema. Dat ass eppes, wat zanter Joren op de Philippinne gemaach gëtt." D'Julie Smit kritiséiert, datt esou Fäll net bestrooft ginn.

Familiär Muechtstrukturen wiere schwéier z'änneren. Dacks géing villes an den Hänn vun e puer Familljen leien, meeschtens Groussgrondbesëtzer. De philippinnesche President Rodrigo Duterte géing zwar a verschiddene Beräicher eng progressiv Politik bedreiwen, géing sech awer net ëmmer duerchgesat kréien, mengt d'Julie Smit.

Ënnert der Protektioun vun der Politik

D'Fro ass opkomm, ob den Duterte net den Drogekrich benotze géing fir géint seng Géigner virzegoen. D'Senatorin Leila de Lima, eng vun sengen Haaptkontrahenten, gouf am Februar mat der Begrënnung festgeholl, datt si an d'Drogekriminialitéit verwéckelt wier. An dësem Fall schéngen d'Accusatiounen onbegrënnt ze sinn. Et wär awer esou, datt natierlech och Mënsche mat Pouvoir an den Drogenhandel a -konsum agebonne wieren, seet de Ralph Becker. "Jiddereen am Duerf weess, wien den Drogendealer ass. Déi Leit stounge virdrun ënnert der Protektioun vun de Politiker. Dat ass elo ofgeschnidde ginn." Déi Leit géinge sech elo ganz eleng do stoen an net méi ënnerstëtzt ginn. "D'Politiker an der Regierung sinn och elo ënner Beschoss."