Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kommasetzung am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten an der Lëtzebuerger Sprooch

Kommasetzung am Lëtzebuergeschen

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer d'Kommasetzung.

auto_stories

6 min

Simon Larosche: Dat mam Komma hunn ech nach ni richteg verstan.

Caroline Döhmer: Jo, dat geet ville Leit esou. Déi meescht setze Kommaen "nom Gefill". Ech sinn och schonn dacks gefrot ginn, ob ech net eppes iwwer Kommakuriositéite kéint erzielen.

Et geet jo haut ëm Kommaen am Lëtzebuergeschen. Hunn déi extra Reegelen?

An deene meeschte Fäll iwwerschneide sech d'Reegele mam Standarddäitschen, well jo och de Sazbau parallel opgebaut ass. Mee esou gesi kéinten d'Leit och eng Opfrëschung vun hirer däitscher Kommakompetenz gebrauchen.

Da si mer lo mol op déi lëtzebuergesch Reegele gespaant.

Komm mer kucken eis d'Kommae mol net als Ganzt un, mee no hirer spezifescher Funktioun. Also ech wëll erklären, firwat a wou eng Ofgrenzung mam Komma gutt ass. Vläicht hëlleft dës funktional Approche ville Leit weider.

Wéi vill Zorte gëtt et dann?

Ech hu se fir dës Episod emol an zéng Kategorien zesummegefaasst. Ech maachen elo fir all Kategorie eng kuerz Definitioun a ginn da Beispiller an eventuell eng Remark iwwer Falen oder Problemer.

  • Den Haaptsazkomma
    • Definitioun: Wann een Haaptsaz vun engem aneren Haaptsaz ofhänkt a kee Verbindungselement wéi "an, oder" do ass, steet e Komma dertëscht.
    • Beispill: Ech sot him, dat wäert net klappen. Ech mengen, hatt ass scho fort. Hien ass esou voll, e kippt scho bal vum Stull.
    • Remark: Dat ass en Ofhängegkeetskomma tëschent zwee Sätz, déi dacks duerch "mengen, schwätzen, denken" ageleet sinn.
  • Den Niewesazkomma
    • Definitioun: Wann en Niewesaz (mat engem Verb an engem Sujet/Objet) un en Haaptsaz oder e Substantiv ugeschloss gëtt, da gëtt dëse Saz duerch e Komma ofgegrenzt. Meeschtens ass den Niewesaz duerch eng Subjunktioun oder e Pronomen ageleet (datt, ob, wéini, deen).
    • Beispill: Hëlleft eis, fir datt mer dat packen. Ech war méi séier fäerdeg, wéi ech gemengt hat. Kanns du mer soen, wéini de Bus kënnt? D'Fro, ob dat klappt, ass nach net gekläert.
    • Remark: De Komma geet ronderëm den Niewensaz op an zou, jee nodeem wou en am Haaptsaz platzéiert ass: De Kaddo, deen s de erausgesicht hues, ass ze deier.
  • Den ze-Komma
    • Definitioun: Wann en ze-Infinitiv mat weidere Sazelementer un e Wuert oder en anere Saz drugehaange gëtt, da gëtt e mat engem Komma ofgegrenzt.
    • Beispill: Et war keng gutt Iddi, ouni hatt ze goen (Niewesaz hänkt um "et"). Denk drun, mech unzeruffen (Niewesaz hänkt um "drun"). Vergiess net, akafen ze goen (Objektsaz).
    • Remark: Dëse Komma ass a bestëmmten Objektsätz fakultativ, also e muss net gesat ginn. E kann awer hëllefen, de Saz besser ze strukturéieren. Bei enger einfacher Konstruktioun "ze + Infinitiv" (ouni weidert Sazelement) gëtt prinzipiell kee Komma gesat: Hie versicht ze hëllefen. Dat gëllt och fir den fir+ze, och hei kee Komma, wann den Infinitiv eleng steet: Ech sinn hei fir ze hëllefen (wann ergänzt gëtt, muss e Komma kommen: [Komma] fir dir ze hëllefen).

Dat waren elo mol déi wichtegst. Dat sinn Ofhängegkeetskommaen, also se weisen un, datt e Saz zu engem anere Saz oder Element gehéiert. Grad den Niewesaz- an den ze-Komma sinn esou déi zentral Kommaen, déi dacks zu Feeler féieren.

An déi aner, déi lo nach kommen?

Déi suerge meeschtens fir manner Problemer, well se dacks mat enger klenger Paus markéiert sinn oder well d'Elementer am Saz méi däitlech ofgegrenzt sinn.

  • Den Opzielungs-Komma
    • Definitioun: Wann Elementer an enger Opzielung hannereneestinn, da gi se duerch e Komma getrennt.
    • Beispill: An dësem Schaf si Schosselen, Telleren, Glieser an Tasen.
    • Si hunn de ganzen Dag an der Kiche gekacht, gebak, gespullt a geraumt.
    • Remark: Wann d'Elementer duerch "an, souwéi, oder, weeder nach", also duerch eng Konjunktioun, verbonne sinn, ass e Komma normalerweis iwwerflësseg.
  • De Géigesaz-Komma
    • Definitioun: E Géigesaz, dee mat "mee, awer, deels, hallef" ufänkt, gëtt duerch e Komma ageleet.
    • Beispill: Eng schéin, mee leider onbequeem Fotell. Dat kann ee Mol, awer net zwee Mol virkommen. De Goût ass deels batter, deels séiss. Hatt ass hallef däitsch, hallef armeenesch.
  • Den Zousaz-Komma
    • Definitioun: Et ass eng Zort Gedanke-Komma fir eng Randinformatioun mat klenger Paus oder als Zesummefaassung um Enn vum Saz.
    • Beispill: Dat hu mer, wéi gesot, op muer verréckelt. Mir zwee, du an ech, hunn näischt domat ze dinn. D'Wieder war immens schlecht an der Vakanz, richteg eekleg. Kanns du mer hëllefen, wannechgelift? Hie verdéngt elo dat Fënneffacht, an dat ass eng Sauerei (als Zesummefaassung, déi mat "an" ageleet gëtt).
    • Remark: Féiert dacks zu Feeler, well een d'Tendenz kritt, fir all Schwätzpaus mat engem Komma ze markéieren. Esou kréie Sätz wéi "dem Minister no ginn d'Zuelen erop" kee Komma, well den Ufank ass en normaalt Sazglidd, och wann e mat enger Paus ofgegrenzt gëtt. Dat ass esou gesi keen Zousaz.
  • Den Theema-Komma
  • Definitioun: Wann ech ukënnegen, wourëm et geet, kann dat Theema am Ufank duerch e Komma ofgetrennt ginn.
  • Beispill: Dräi Méint, esou laang hu mer missen am Viraus reservéieren. E Marathon, dat hätt e sech ni zougetraut.
  • Remark: Nom Theema muss en neie komplette Saz ufänken. Mäin Theema gëtt dann och nees am Saz opgeholl duerch "esou" oder "dat". Also oppasse bei engem normale Saz: E Marathon hätt e sech ni zougetraut (kee Komma).
  • Den Uried-Komma
    • Definitioun: Eng direkt Uried gëtt duerch e Komma markéiert.Beispill: Da kommt, Kanner. Léif Ekipp, ech si frou, datt der all hei sidd. Boma, wat ass lass?
    • De Reaktiounskomma

Definitioun: No engem Gefillsausdrock (enger Interjektioun) oder no enger Äntwert steet e Komma.
Beispill: O, dat wosst ech net! Merd, lo ass de Bus scho fort. Nee, du brauchs kee Rendez-vous.

  • Den Zitatkomma
  • Definitioun: Dëse Komma markéiert d'direkt Ried a steet dacks bei Guillemeten.
  • Beispill: "Bass de da bal fäerdeg?", huet de Simon nom Caroline sengem Monolog gefrot.

Nee, ech hu schéi brav nogelauschtert. Mee dat waren elo déi zéng Funktiounen?

Ech géif mengen, datt d'Grondreegelen elo ofgedeckt sinn.


Fir méi detailléiert Erklärungen kënnt Dir d'Kommareegelen an der aktueller Orthografie op zls.lu noliesen. A wann Der dann nach Froen hutt, egal ob Komma oder eppes aneres iwwer Rechtschreiwung oder Grammatik, dann zéckt net, Iech bei mir respektiv beim ZLS ze mellen, iwwer de Kontaktformulaire vum Site zls.lu oder via lod@lod.lu.