Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kolonial Verflechtunge vu Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Kolonial Verflechtunge vu Lëtzebuerg

D'Regierung huet d'Institut fir Zäitgeschicht vun der Universitéit Lëtzebuerg (C2DH) mat engem Fuerschungsprojet zur Kolonialgeschicht vum Land beoptraagt. Déi kolonial Verflechtunge vu Lëtzebuerg si bei Wäitem net komplett opgeschafft. D'Brisanz, ee feelend Problembewosstsinn, mee och d'Noutwennegkeet vun der Thematik weist sech an der aktueller Diskussioun. E globalhistoresche Bléck, deen iwwer een nationalgeschichtleche Paradigma erausgeet, kann ee wichtege Beitrag fir eis haut leeschten, mengt de Kevin Goergen, Doktorand am Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH), deen zur Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg fuerscht.

auto_stories

6 min

Beliichtung vun der Vergaangenheet

Am Joer 1879 beoptraagt de belsche Kinnek Léopold II. den brittesch-amerikanesche Fuerscher Henry M. Stanley domat, de Kongo ze erschléissen. De fir d'Europäer bal kompletten onbekannten Terrain hat bis dohin wéineg Opmierksamkeet vun aneren kolonialen Acteure fonnt, well dës duechten nëmme wéineg Ressourcen do ze fannen.

D'Kartographéierung vun Afrika duerch europäesch Staaten huet sech sur place als gewaltsame Konflikt manifestéiert. Déi am Kongo liewend Bevëlkerunge sollten duerch "Kontrakter", déi d'Bewunner an den allermeeschte Fäll net liese konnten, ënnerworf ginn. D'Fuerschungsreese waren de facto militäresch Expeditiounen.

1882 schléisst sech den aus Bëschrued kommenden Offizéier Nicolas Grang der Expeditioun ënner dem Stanley un. Ee Joer méi spéit stierft hien un enger Erkältung, nodeems hie bei militäreschen Interventioune bedeelegt war. Als Éischten, mee net als eenzege Lëtzebuerger - wei d'Ausstellung "Le passé colonial du Luxembourg" am Musée national d'histoire et d'art (MNHA) aktuell weist - war hie bei der Koloniséierung vum Kongo bedeelegt.

Den Nicolas Grand

Vun den 1920er Joren u koum et zu enger verstäerkter Participatioun am Belsche-Kongo duerch d'Zesummenaarbecht mat der Belsch an der Wirtschaftsunioun an duerch d'Gläichstellung mat de belsche Beamten an der Kolonialverwaltung. An de kommende Jore goufe "Lëtzebuerger Pionéier" bewosst Deel vun engem kolonialen Narrativ, an dem hinne beispillsweis Stroossen a Monumenter gewidmet goufen.

1925 grënnt sech de Cercle Colonial Luxembourgeois (CCL). Dëse beméit sech ëm ee koloniaalt Engagement an stéisst séier op een Interessi bei der lëtzebuergescher Elite. Ab den 1930er stoung den CCL ënner dem Patronage vum Regierungschef an 1933 ënner dem "Très Haut Protectorat" vum Prënz Felix. De 7. Mäerz 1940 organiséiert den CCL am Festsall vun der ARBED eng Konferenz zu der "collaboration coloniale belgo-luxembourgeoise". Ënner den 800 Participante war d'Grande-Duchesse Charlotte, de Staatsminister Dupong an den Ausseminister Bech.

Ab den 1950er setzt sech de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Bréissel, Lambert Schaus, dofir an, d'Bedeitung vun de Lëtzebuerger fir d'belsch Kolonialherrschaft ze betounen, an ee koloniaalt Interessi zu Lëtzebuerg ze stäerken.

Säin 1951 gehalene Virtrag "L'Apport du Grand-Duché de Luxembourg à l'oeuvre coloniale belge" gouf an der "La Revue Coloniale Belge" an an der lëtzebuergescher Wirtschaftszeitung "L'écho de l'industrie" publizéiert. An den 1950er goufen eng rëtsch Artikelen (e.a. vum Carlo Hemmer) am "L'écho" iwwer de kongoleesesche Marché gedréckt, fir dëse fir Lëtzebuerger Kapital attraktiv ze maachen.

D'Aktivitéite begrenzte sech net nëmmen op d'belsch Kolonie, sou hat d'groussherzoglech Famill an déi vum Prënz Felix 87 Prozent vun den Aktien vun der GRANDUCOL. Eng ënner anerem mat Lëtzebuerger Kapital gegrënnt Entrepris, déi Kotteng an Portugisesch-Mozambique hiergestallt hunn.

De Bléck ob d'Missiounsaarbecht verdäitlecht méi staark d'"politesch Kolonialgeschicht" an d'transnational Verflechtung vum Kolonialismus. Missionare ware wéineg gebonnen un déi "eege" Kolonien. Lëtzebuerger Missionare ware wäit iwwer d'Kolonie vun de "belsche Kolleegen" aktiv. Wann d'Aktivitéite vun de kolonialistesche Beweegungen, wei den CCL, besonnesch Uklang bei de Mächtege fonnt hunn, esou hat d'kathoulesch Missiounsaarbecht ee bedeitenden Afloss op d'gesamt Gesellschaft. Besonnesch fir d'koloniaalt Denken zu Lëtzebuerg spillt Missiounsaarbecht eng bedeitend Roll - déi villäicht bis haut ee Bild vun Afrika an e Bléck ob schwaarz Mënschen an People of Color (PoC) präägt.

Lëtzebuergesche Kolonialismus

D'Beschäftegung mat de koloniale Verflechtunge vun engem Staat, de selwer keng Kolonien hat, kann den éischten Ament irritéierend kléngen. Genausou wei d'Tatsaach, datt de Cercle Colonial Luxembourgeois an d'Fédération Internationale des Coloniaux et Anciens Coloniaux opgeholl gouf.

D'rezent Fuerschung verdäitlecht, datt d'Theema Kolonialismus net nëmme fir eemoleg Kolonial-Puissance relevant ass. Kolonial Herrschaft war komplex an iwwerlappend, weder sur place an de Kolonien (Peripherie) kann een dës nationalstaatlech agrenzen, nach ware kolonial Discoursen innerhalb Europa (Metropol) national limitéiert. Völkerschauen als Mechanismus vun engem hegemonialen Discours, déi "déi Aner" (déi Koloniséiert) degradéiert an als Subjekter kolonialer Herrschaft reproduzéiert, gouf et och zu Lëtzebuerg.

Eng global-historesch Analys erméiglecht et, Lëtzebuerg als Deel vun der kolonialer Metropol ze begräifen an esou iwwer een nationalstaatleche Kader den Afloss op d'lëtzebuergesch Gesellschaft, Wirtschaft, Politik an Kultur ze ënnersichen. Dobäi kann d'Metropol net als homogen Unitéit begraff ginn, ouni d'Differenzen ze betruechten.

Fir d'Fuerschung stellt sech dowéinst d'Fro no engem spezifesch "lëtzebuergeschen Kolonialismus". Et gräift ze kuerz, wa mir d'Roll vu Lëtzebuerg nëmmen als zoufällegen "Trittbrettfahrer" verstinn oder just nëmmen op eng individuell Participatioun reduzéieren, ouni der Fro no strukturellem Interêt an Handelen nozegoen. D'kolonial Vergaangenheet ass als Deel vun der eegener Geschichte erklärungsbedürfteg.

D'Realisatioun vu koloniale Projeten ass de Versuch, Mënschen zu Subjekter vun Herrschaft ze maachen. Metropol an Peripherie stinn dobäi an enger Korrelatioun an zugläich an engem widderspréchlechen Verhältnis tëschent dem imaginiéierte Bild an der Realitéit "on the spot".

Gewalt als Basis vu kolonialer Uerdnung resultéiert aus der Fragilitéit staatlecher Herrschaft an wirtschaftlecher Kontroll an der Peripherie. Ideologie wéi Rassismus sollten d'Gewalt, d'Ausbeutung an d'strukturell Diskriminatioun rechtfäerdegen an "rational" begrënnen.

1910 trëtt am Belsche-Kongo als Instrument vun Bevëlkerungskontroll, de "Passport de mutation" fir all Koloniséiert a Kraaft, déi hire Wunnuert verloossen. Historesch gesi ginn do Gesetzer etabléiert, wou de Pouvoir virun engem Problem steet. Allerdéngs kann den isoléierte Bléck op d'Legislatioun d'real Verhältnisser verdecken. Sou gouf beispillsweis d'Gesetz vun 1936 zur Protektioun vun "indigene" Meedercher - wat ob net wéineg sexuell Handlungen vun Kolonialherren an Mannerjäreg schléisse léisst - an der Praxis vum Gericht kaum ugewannt.

Lëtzebuerg konnt sech, als Staat ouni Kolonialbesëtz, op d'Verwaltung vun der Kolonialmuecht verloossen. Eng gesetzlech Reguléierung vun sougenannten "métis", wei an der Belsch, gouf et zu Lëtzebuerg net. Wann d'Kand vun engem Lëtzebuerger am Kongo unerkannt gouf, konnt dëst op Lëtzebuerg kommen.

Dëst verstoppt awer d'Fro, wei vill Kanner net vun hirem lëtzebuergesche Papp unerkannt goufen, well d'kolonial System dat erméiglecht huet.

Post-koloniaalt Lëtzebuerg

D'feelend Probleembewosstsi vun der kolonialer Vergaangenheet vu Lëtzebuerg äussert sech net nëmmen an der Politik, mee och an der ëffentlecher Diskussioun - wat d'lescht Table ronde vum MNHA "Lëtzebuerg: e koloniale Staat?" gewisen huet.

Dobäi trëtt mat der Sichtbarmachung vun Rassismus, dem ongläiche Verhältnis tëschent dem Globalen Norden an Globalem Süden, esou wéi mat den Erausfuerderungen enger post-kolonialer Gesellschaft, verstäerkt d'kolonial Vergaangenheet an de Fokus.

Eng historesch Expertis kann engem Debat Impulser ginn a bleift trotzdeem ee Beitrag ënner villen (woubäi ee geschichtswëssenschaftlechen Discours vergläichsweis een ass, dee méi lues "wierkt").

Dee vun der Regierung finanzéierte Fuerschungsprojet vum C2DH ass eng Komponent bei der Opschaffung vun der Lëtzebuerger Kolonialgeschicht.

Bei enger historescher Analys geet et och drëms nom Handlungsraum (agency) vun de Koloniséierten ze froen, fir net een hegemonialen Disours an koloniaalt Verhältnis ze reproduzéieren. Fuerschung kann net isoléiert si vun enger gesellschaftlecher Debat, déi hei am Land verstäerkt an de leschte Joren vun anti-rassistesche Gruppen gepusht gëtt.

Een dialogescht Erënneren - dat an der d'Perspektiv vu schwaarze Mënschen elementar ass - erméiglecht et, eng Sensibilitéit fir d' Konsequenzen an Kontinuitéite vun Kolonialismus ze schaffen, ouni d'Opschaffen vun der Kolonialgeschicht (wie mat wéi enger "Identitéit" dozou schaffen dierf) ze essentialiséiren.

Wei eng Réckwierkungen loosse sech an enger Gesellschaft erfaassen, déi ni eng eege Kolonie hat? A wéi engem Zesummenhang sti koloniaalt Denken an d'kathoulesch Kierch? Inwiefern baséiert d'aktuell Wirtschaftsuerdnung op enger Kontinuitéit vun asymmetresche Muechtverhältnisser?

Weisen net fir d'lescht d'Erfarunge vun rassiséiert Mënschen zu Lëtzebuerg, datt Kolonialismus duerchaus Gesellschaften ouni Kolonialbësetz bis haut prägen an et noutwendeg ass, sech ausgibeg och mat der onbequemer Geschicht ze beschäftegen.