Radioen

On air

Resonanzen  |  Arash Safaian - Concerto fir P., Vibraph. a Synth. Nr.1 "Infinite Games", V. In Midair - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kleng Pärel am Atlantik"

Surfkultur

"Kleng Pärel am Atlantik"

Madeira ass eng autonom Regioun a gehéiert zu Portugal. D'Insel ass bekannt fir säi subtropesche Klima, seng Banannebeem an de Poncha, e Mëschgedrénks aus Maracuja, Zitroun, Zockerrouerschnaps an Hunneg. Madeira ass awer och bekannt fir eng vun de beschte Wellen op der Welt a gëtt an der Surfcommunautéit "Hawaii vun Europa" genannt.

auto_stories

7 min

De Belmiro Mendes ass zu Jardim Do Mar, dem Gaart vum Mier, am Weste vun der autonomer Insel Madeira gebuer an an enger Fëscherfamill opgewuess. Hien ass 35 Joer al a surft zënter 27 Joer. Mir treffen hien an engem Glacëbuttek zu Machico zu Madeira. Hien hëlt eng Bull mam Goût Cheesecake. Da setze mir eis op eng Mauer, hannert eis ass den Atlantik.

"Ech fille mech wuel am Waasser"

De jonke Sportler huet en Ofschloss am Tourismus an zënter fënnef Joer seng eege Surfschoul mam Numm "Salty".

D'Waasser war fir eis eppes ganz Natierleches. Ech si léiwer am, wéi aus dem Waasser. Wéi d'Surfen hei ëmmer méi opkomm ass war et fir mech en natierleche Choix an d'Waasser ze goen. Ech hu viru 27 Joer zu Jardim do Mar geléiert ze surfen. Jardim do Mar ass weltwäit bekannt fir eng vun de beschte Wellen op der ganzer Welt. An dat ëmmer nach.

Allerdéngs just fir eng Stonn, wann Ebbe ass. Duerno gëtt et ze geféierlech, well d'Wellen direkt op déi riseg Betonsbléck schloen, déi Ugangs den 2000er Joren duerch e Küstebauprojet heihi placéiert goufen. Bei Flut ass et net méi méiglech ze surfen, et kann déidlech sinn.

2003 gouf an Optrag vun der Regierung vu Madeira um Bord vum klenge charmanten Duerf Jardim do Mar eng Esplanade aus Beton gebaut, déi d'Duerf ëm ronn 30 Meter bis bei d'Mier verlängert. Protester an eng international Campagne fir Jardim do Mar, d'Natur a seng Wellen ze schützen hunn näischt gehollef.

D'Haiser an d'Leit vu Jardim do Mar sollen duerch déi breet Betonsmauer virun de Welle geschützt ginn (Foto: Tessy Steffen Koenig)

Fir d'Haiser an d'Leit vum Duerf ze schützen hätt eppes misse gemaach ginn, seet de Belmiro Mendes. Och d'Surfcommunautéit hätt näischt géint d'Mauer u sech gehat.

Vläicht wier et och duergaangen, d'Mauer net esou breet ze maachen. Esou e klengt Duerf mat esou enger grousser Mauer - dat war net néideg.

D'Mauer, respektiv déi breet Esplanade mat den decke Betonsbléck virdrun ass haut ëmmer nach ëmstridden. Net well et se gëtt, mee well se vill ze breet fir hiren Notzen ass an niewebäi en Deel vum Charme vu Jardim do Mar ewech hëlt.

De Küstebauprojet vun der Regierung vu Madeira huet net nëmme Jardim do Mar betraff, mee och d'Nopeschdierfer Paùl do Mar, Lugar de Baixo a Ponta Delgada. D'Konstruktiounen hunn och en Deel Tourismus a Kultur respektiv Surfkultur zerstéiert.

Dat eenzegt, dat mir deemools der Regierung vu Madeira gesot hunn ass: am Futtball, am Baseball, am Badminton oder an all aner Sportaart muss een eppes opriichten. Beim Surfe muss de näischt bauen, du muss guer näischt maachen, well schonn alles do ass. Et ass e Geschenk vun der Natur, et muss een et just loossen, wéi et ass.

Mam schlechte Ruff briechen

Bal wier d'Pärel vum Atlantik, wéi Madeira genannt gëtt, zerstéiert ginn. De Belmiro Mendes an aner Surfer vun der Insel hu sech zesumme gedoen an d'Surfassociatioun vu Madeira gegrënnt. Hiert Zil war et, mam schlechte Ruff ze briechen, dee Madeira kritt huet, wéi d'Aarbechte vun der Mauer zu Jardim do Mar ugefaangen hunn.

Wéi an den Noriichte komm ass, datt Welle géifen zerstéiert ginn, huet de Ruff gelidden. Natierlech wäerten d'Wellen ni méi esou sinn, ewéi virdrun. Mee et kann een ëmmer nach drop fueren a si sinn ëmmer nach super gutt.

Deen éischte Surfer, deen op de Welle vu Jardim do Mar geridden ass war de Fransous Gibus de Soultrait am Joer 1977.

"Ech wëll glécklech sinn an eng gutt Zäit hei hunn," seet de 35-Joer ale Sportler (Foto: Tessy Steffen Koenig)

De Belmiro Mendes huet als Kand ugefaange mat surfen an dat mat 9 Joer. Viru 27 Joer war Surfen zu Madeira nach zimmlech onbekannt a richteg Brieder haten de Belmiro a seng Frënn nach net.

Et huet alles ugefaange mat e puer Stécker vun de Brieder vun anere Surfer, déi heihi fuere komm sinn. Heiansdo sinn hir Brieder duerch d'Fielse gebrach. Dann hu mir se agesammelt a versicht eis eege Surfbrieder doraus ze maachen an tëschent de Fielsen ze surfen. Virun deem, datt d'Surfer heihi komm sinn, hu mir Brieder vun ale Booter geholl a sinn op deenen op de Welle geridden. Dat huet jidderee schonn e puer Joer esou gemaach, och schonn ier ech gesurft sinn. Et ass änlech, wéi bei engem Bodyboard, just e bësse méi kleng. D'Brieder hu mer mat zwou Hänn ugehalen, sinn op e Fiels geklommen an hunn op de richtege Moment gewaart, fir an d'Mier ze sprangen an d'Well ze kréien. Du koum d'Surfen a fir eis war et kloer, dass mir dat wéilte maachen.

Keen aus dem Duerf huet et gäre gesinn, wa sech d'Kanner am Mier amuséiert hunn, ëmgi vun de stengege Fielsen, géint déi si och emol geflu sinn. Och de Belmiro Mendes huet Narben aus där Zäit. Wann een do opgewuess wier, géif ee seng Fielsen kennen, seet de jonke Surfer. Mee heiansdo hätt d'Waasser esou eng Wucht, datt een net ëmmer kéint kontrolléieren, wou een hi gespullt gëtt.

Surfe war am Ufank net gutt ugesinn

Mir waren e bëssen déi "Iwweregbliwwen" vun der Gesellschaft. Mee d'Mentalitéit huet sech geännert. Wann s du Surfer bass, bass du en Deel vun enger Communautéit. Et ass och en Trend an et ass gutt Surfer ze sinn.

Et sollt bis Mëtt den 90er Joren daueren, bis Madeira mat senge Welle méi bekannt ginn ass. Madeira ass an de Surfmagazinner erwäänt ginn. Nodeems d'Amerikaner an d'Fransousen zu Madeira ware fir ze surfen, hätten och d'Portugise vum Festland gemierkt: "Dat ass eis Insel, mir waren nach ni do," seet de Belmiro Mendes. "An do si se komm."

Dat war deen Zäitpunkt, wéi de Surf hei richteg ugefaangen huet. Et ass méi populär ginn, et si Contester vu Leit vu Madeira organiséiert ginn an alles et ass ëmmer méi gewuess. Hautdesdaags hues de Surfschoulen an alles.

De Belmiro Mendes ass 7-fache Surfchampion vu Madeira an och schonn zu Nazaré a Portugal gesurft (Foto: salty.pt)

Fir de Belmiro Mendes, dee 7 mol Surf-Champion vu Madeira ginn an och zu Nazaré a Portugal gesurft ass, ass et wichteg seng Passioun an d'Léift fir d'Mier weider ze ginn.

Surfen ass méi wéi e Sport.

Hie selwer huet d'Surfassociatioun verlooss a viru fënnef Joer eleng an onofhängeg seng eege Surfschoul mam Numm "Salty" opgemaach. Am Mäerz lescht Joer huet hie wéinst der Coronapandemie eng Paus misse maachen.

E schwieregt Joer, mee positiv no vir kucken

Am Februar, wéi alles ugefaangen huet, hunn d'Leit hir Reservatioune fir dat ganzt Joer ofgesot.

Et war e bëssen haart, mee et muss een et positiv gesinn: Mir hunn ëmmer nach Clienten, et sinn ëmmer nach Leit, déi heihi wëlle kommen. Madeira ass super sécher. Mir hunn dat, wat anerer net hunn: Mir hu gutt Wieder, mir hu gutt Mënschen, mir hu gutt Iessen, mir hu gutt Wellen. Mir liewen an engem Paradäis. Wa mir dat esou behalen, bleift et nach laang fir jiddereen eng Freed, hei ze sinn an heihinner ze kommen.

De Belmiro Mendes zesumme mat sengem Hond (Foto: salty.pt)

Klengt Paradäis, esou nennt hie säin Doheem, d'Insel Madeira, déi zu Portugal gehéiert an déi matten am Atlantik läit. Dem Belmiro Mendes säi Wonsch fir d'Zukunft ass et glécklech ze sinn.

Ech wëll net räich sinn, ech wëll just e gutt Liewen hunn. Vläicht eng grouss Famill an eng gutt Zäit hei. Dat ass alles.