Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Yemen (feat. Tom Trabandt)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Kraut géint akut Twitteritis

Politik

Kee Kraut géint akut Twitteritis

Twitter ass déi nei Waff an der Politik, seet de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist. Den amerikanesche President Trump huet seng Campagne domat gemaach an och heiheem ass Twitteritis wäit verbreet. Mat alle bekannten Niewewierkungen.

auto_stories

3 min

Et muss ganz séier goen. An et muss einfach sinn. E gudden politeschen Tweet muss sëtzen a vun esou vill wéi méiglech Leit verstane ginn. Den amerikanesche President beherrscht dëse Medium wéi keen aneren. Säi Getwitters während an no der Campagne vun de Presidentschaftswalen huet plazeweis scho Kultcharakter kritt. An den Donald Trump huet, esou gesäit et aus, net wëlles opzehalen mat senger hefteger Social-Media-Präsenz. Hie regéiert och a gär via Twitter. Dat mécht villes méi einfach.

Nu sinn och heiheem ëmmer méi politesch Acteuren an de soziale Medien ënnerwee. Twitter a Facebook si ganz beléifte Plattformen fir kuerz a knackeg Messagen an Kommentaren "à chaud".

Ganz "à chaud" hunn d'Ministere Cahen a Meisch d'lescht Woch op de Fräisproch an der "School-Leaks"-Affaire reagéiert an d'Uerteel kommentéiert. Eng Wuertmeldung ass iwwregens kuerz no der Publikatioun verschwonnen. Mä wéi heescht et esou schéin: D'Netz vergësst net.

Violatioun vun Trennung vun de Gewalten

An d'Magistraten och net: De Groupement vun de Magistraten huet erstaunlech staark op den ministeriellen Social-Media-Optrëtt reagéiert a stellt an engem Communiqué kloer, datt et engem Member vun der Exekutiv net zousteet, fir Decisioune vun der Justiz ze kritiséieren. D'Magsitrate ruffen domat d'Prinzipie vum Rechtsstaat an der Gewaltentrennung an Erënnerung.

Wann d'Ministeren ëffentlech d'Decisioune vun de Riichter denigréiere géifen, da géife si domat soen, datt si nëmmen Uerteeler wéilten acceptéieren, déi si arrangéieren. Et geet Rieds vu enger Violatioun vun der Trennung vun de Gewalten. Dat kéint net toleréiert ginn.

Esou ass dat mat deem Kommentéieren am Internet. Déi sozial Medien sinn eng Mega-Plattform, an et ass net déi éischt a wuel och net déi lescht Polemik, zu där et nom séiere Schoss aus der Hëft koum oder komme wäert.

Politik ass net kuerz a knackeg

Déi nei Form vum séierer Reaktioun ass gewëss eng flott Saach fir déi, déi Politik gestalten a kommentéieren. Dës Form steet awer am flagrante Géigesaz zu enger inhaltlech breeder a fundéierter Debatt. Genee déi brauch een awer an der Politik, wou déi meescht Froen an Themen net an e puer knackege Sätz z'erklären oder ze begrënne sinn. An dësem Kontext just dëst Beispill: dee virdrun erwäänte Communiqué vun de Magistraten hat 2218 Zeechen. Den Tweet vun dem Minister Meisch hat där Zeechen 122.

Knackeg, kuerz a knapp. An der Politik ass net alles an déi Form ze bréngen. De Versuch et awer ze maachen, geet gär schif. An och ëmmer wëllen deen Éischten ze sinn an domat an de séiere Medien d'Nues vir ze hunn, ass net ëmmer dat richtegt Rezept. Mä géint akut Twitteritis schéngt nach kee Kraut gewuess.